LIFESTYLE - Och RTL1 widmet den 16. Januar dem Nihilismus.
Haut ass den "Nothing Day"
Keng Substanz, keng Recherche, keng Qualitéit, keng Nohaltegkeet: RTL feiert den „Nothing Day“.
Spiert dir och de Vide, deen sech hannert den kopéierten Police-Rapporten, den iwwersatenen AFP-Meldungen an den ofgefilmten Pressekonferenzen vun RTL verstoppt? Hudd dir net och heiansdo den Androck, dass hannert dem Grinsen an der vill ze décker Make-up Schicht vun den RTL Moderator*innen eng Zort Vakuum besteet? Mécht et iwwerhaapt nach Sënn, Owes de Journal anzeschalten? Hu se net gëschter schonn am Fong genee dat nämlecht gesot, mee iergendswéi mat anere Wierder?
Halt w.e.g. direkt op iech esou Gedanken ze maachen. Natirlech verstoppt sech hannert RTL kee schwaarzt Lach. Wat fir eng absurd Virstellung. Mir beweisen iech, dass et hei ëm eppes Richteges geet, ëm eppes Lieweges, Beweegendes. Scrollt duerch dës Lëscht mat emotionalen Momenter.
An, spiert dir nees eppes?
-
de_Fern16.01.2024gudde mätch, et ass nach näischt decidéiert.
-
Josy_Barthel16.01.2024virun 25 Joer war ech all Daag op der Four, d' Dikrecher Beierstuff huet ganz Paien vun mier (net nemmen vun mier) kritt ... an et war flott. Dei lescht Joeren war ech 1x, allerhechstens 2x mat den Kanner do, e puer Spiller, eppes Iessen, daat war et. Alles huet seng Zeit an et soll een net vergiessen. (iwwregens, esou een Beierglaas huet 26 Rillen ;) )
-
Letzebauer16.01.2024Chapeau un den DAR-Facebook Grupp, déi eng wichtëg Aarbecht fir eis Demokratie machen. Si sollten vun eisem Premier eng Auszeechnung kreien, mir mussen eis Werter schützen. Merci DAR
-
Yuppy16.01.2024Der Name ist Programm.
-
BAARTJANG16.01.2024Méindes Moies 11 Auer: „Ah wou komm dier 2 dann hier ?“ huet de Schoulmeeschter die 2 Kanner gefrot déi ze spéit an d‘Schoul kommen. „De Bus ass net komm well de Chargeur fir de Bus opzelueden iwwert de Weekend futti war an duerfir hu mer missten warden bis bei engem vun éis den Auto doheem no nach 2 Stonnen lueden prett war.
-
Wuermdran16.01.2024mir gefällt nach en zitat ganz gutt" ce n'est pas parcequ'on a rien à dire qu'il faut fermer sa gueule"
-
kleinGEIST16.01.2024Wou ass dann do de Problem ??? Ech drenken schon seit Joeren keen Alkohol méi. An den 80er Joeren wéi et nach grouss Sylvesterfeieren zu Ettelbréck an der Daichhal goufen hunn ech nie eng Drëpps Alkohol gedronk, ech brauch nämlech main Führerschain. Ironescherweis hunn ech um Heemwee an däer Nuecht eng Policekontroll gesin. Ech ginn och ëmmer vum Standpunkt aus datt och wann ech vlaicht nie een Autosaccident enner Alkoholafloss hätt dann wier ech awer drunn wier falls dann mol een aneren an mech géif rennen.
-
Gaardebounen16.01.2024Nujee, schlecht Verléirer mengen ëmmer, sie haette misse gewannen.
-
agentorange16.01.2024An sou enger Situatioun wei der leiten, gesäit een waat engem Aussenminister seng Arbescht wert ass. Kee Sou!
-
LuxTroll16.01.2024Gi der nees geld léinen op dem bockel vun de leit fir de räichen aktionären vun denen firmen täschen ze fellen?
-
Gleewennetalles16.01.2024Klor,et kann jo just zereck goen well et ännert neicht um Klima! Wei schon hei gesoot sollen Beem geplanzt gin an obgehaal gin matt dem idioteschen zoubetoneieren! Mir brauchen Beem an keng Bornen!!
-
Yuppy16.01.2024et wert dem Perez seng lescht Saison sin bei RBR, en brengt emmer manner op engem Topauto- 11. ……
-
Letzpower16.01.2024Et wier mol wönschenwert wann eis jo angeblech sou frei Press giff iwwert regéiernd Politiker hei am Land schreiwen , do ginn et Beispiller genuch , ganz uewen ugefangen. .
-
Emmer daat selwecht16.01.2024Ouni elo héi eng Meenung ze artikuléieren iwwert Impfpflicht, Fake News, Radikaliséierung, erstaunt mech Ausso vum Här Wies. Hien wonnert sech indirekt doriwwer wann 2 Députéierter eng Plainte maan géint een Journalist, wann den sie beim Numm nennt a sie als "nidderträchteg Knaschtsäck" betitelt. Also ech fannen do ass awer ganz wuehl eng Grenz iwwerschrat an et ass normal, dass déi zwee dogéint virginn. Ech fannen dat iwwerdems een absoluten No-Go fir een Journalist.
-
Eieiei16.01.2024An zu wéi engem Präis !?!
-
Minettsdap16.01.2024Frankreich wollt och a Lybien een Machtwiessel. Waat dobei rauskomm ass , gesinn mer jo.
-
Populiste16.01.2024Dat huet net mei vill mat Demokratie ze din.
-
Nickla16.01.2024Gin do wahrscheinlech nie Client, déi Telleren hunn esou éidel ausgesin.
-
Populiste16.01.2024Esou éwei héi liest ass ett einfach ze verstoen. Déi matt vill Geld wëllen datt nett. All déi anner matt manner oder kéen Geld fannen datt gudd als Solidartät.
-
Kriddelschass16.01.2024Léiwe Max, wann ee villäicht Händchen undeet, dat kritt een och net sou séier kal Fangeren BG, ;-)
-
fillt-iech-emol16.01.2024Majo dann, as awer bestëmmt keng Ausnahm nom Motto, wer an der Quelle sitzt..... Dat ganzt as e Spigelbild vun eiser Gesellschaft, alles fir de perséinlechen Profit.
-
Waat_een_Kaabes16.01.2024Wann ech richteg verstan hunn an extrapoléieren dierf: Asylanten, aus Syrien*, hei unerkannt, hir 5 Kanner sinn a Syrien déi do vun der Bomi betreit ginn, an déi kritt dann all Mount 1500 € als Kannergeld a Syrien geschéckt? An dee Jugendlechen, deen eleng hei ukënnt (an unerkannt gëtt), deem seng Geschwëster awer nach „doheem“ sinn, am Interessi vun der Familljenzesummeféierung, gëtt do elo scho Kannergeld an d‘Heemeschtsland geschéckt, un deen, deen sech ëm d‘Geschwëster do këmmert? Wéi ass et mat dem Kannergeld fir dee Mannerjärege selwer, deen hei ass? Wat fir eng offiziell Ulafstell kéint do kloer Äntwerte ginn. Gëtt et dozou vläicht eng explikativ Brochure online? * De Numm vum Hierkunfstland spillt eigentlech keng Roll.
-
Anna_List16.01.2024E schwéieren Tour! An awer hunn eis Lëtzebuerger ët gepackt! Respekt a Merci fir déi Editioun!
-
Knueterbatti16.01.2024Den Patronat zu Lez. as een Witz. Eis privat Economie as jo quasi innexistent an reposeiert eichter ob decken Banken an groussen auslänneschen Firmen dei hei bis 1000Leit embaucheieren. Waat direkt emol misst gescheien as den Minimal Betrach fier eng S.A.R.L. ze grennen ob ronn 2000Euro drecken an dat een als eenzel Persoun kann eng S.A.R.L. haalen. . . . . esou keint jiddereen Entrepreneur gin, d'Economie keint gewaltesch dovun profiteieren. Beispill: Autogaragen: Dei meeschten Garagen hei am Land geneissen een Monopol Status (Losch ex . . .), dei gin nach mei grouss duerch auslännesch takeovers (BMW Kontz). Den Mechanicien huet quasi keng carrière en vue, esou wei den Venduer, dei hiert ganzt Liewen wearten zweschen 2500Euro an 3000Euro netto mat 60 Joer ferdengen . . . . . merci fier dann nach 3 Kanner ze hun an een Haus ze kaafen ! Bei enger 2000 Euro Gründung vun enger Personal company limited . .. keint all Mechanicien mat 2000Euro an een puer Viraus-Setzungen selwer seng Garage ob machen vun doheem aus, esou laang en eng Lizenz kritt vun der Chambre der Métier. Et wär un hinen fier ze décideieren wei een schafft (7deeg d'Woch, 8-20h ob ZB), esou kann en seng Suen machen mat Potential richteg Goss ze machen. Anerseits as daat och keng Liberal Fierstellung wei an den USA, wann esou eng S.A.R.L een zweeten embaucheiert soll deen total flexibel , geregelt Sachaffdeeg neeissen, kann selwer décideieren ob den Sonndeg oder Samstes schafft oder eben nett . . . soll 20 bis 60 Stonen dierfen schaffen, am Contract fest gehaalen. 20-60 Stonnen Kontrater missten vum Ministère du Travail superviseiert gin, fier abus ze verhenneren. Daat wear eng frei Economie, me mat meschnleschen Choix de vie fier seng Arbecht. Secher zu lez. pickt daat keen, vu dat 2/5 beim Staat faulensen an wei Schwein gefiddert gin an dei aaner 2/5 bei enger Bank dei besser Verdiener sinn an enger doudescher Lezeburger privat Economie!
-
Letzpower16.01.2024Einfach haerzeg. Wien ass deen besseren "Mensch" ? Deieren oder Menschen ? Deieren hun op alle Fall eppes waat dei meescht Menschen verluer hun , Gespier,Instinkt wei et deen Aaneren geet,also eierlech Empathie an Hellefsbereetschaft..... et brauch een jhust hier Mimik ze kucken.... dei noett hannert engem Handy oder daischteren Brell verstoppt ass... Daat setzt natierlech Asaatz viraus , mais d'Meih lount sech , gerad ewei bei engem leiwen Mensch ,.....
-
haldechkleng16.01.2024Mat all der Entwécklungshëllef, Kreditter, Finanzen, Mikrofinanzen, ONG'en asw misst dach endlech ee Resultat ze verbuche sinn. - Villen ONG'en, deene weltwäit Milliarden zur Verfügung stinn, misste vill méi transparent schaffen. Oft sinn si näischt anescht wéi Guttmënschen-Organisatiounen déi gleewen dinn d'Interesse vun deenen Aarmen ze vertrieden, Leed an Honger ze bekämpfen an ze minimiséieren, d'Ëmwelt ze schützen, wou di meescht awer a Wierklechkeet just Organisatioune sinn déi mat de Wëllef haulen, a wou op der Platz, näischt bis net vill ukënnt. - Dat muss ee vun de Grënn si wisou mat all deene Milliarden-Zommen déi an deene leschte Joerzéngten an d'Kooperatioun gefloss sinn, nach net een eenzegt Land dobäi ass wat bis elo op d'Been koum.
-
Populiste16.01.2024Moien, leider sin dat keng Verschwörungstheorien sondern Fakten, vu dass d'NASA selwer zougët "Geoingeniering" ze bedreiwen fir dem Klimawandel entgéint ze wirken! Et gin genuch Doku'en wou se weisen dass d'NASA an den 60er Joeren domat ugefangen huet d'Woleken ze "pimpen" an zwar mat Jod fir d'Wierder ze beaflossen. Haut gët den Kerosin vun regulären Verkéiersmaschinen mat microskopeschen Aluminium an Lithium Partikelen versaat, dat mat allen negativen gesondheetlechen Effekten. Den Ennerscheed zwëschent normalen Kondensstreifen déi een och nach heinsdo geseit, ass dass déi normal no ee puer Minuten verschwannen, mee d'Chemtrails verbreeden sech an sin sichtbar bis zu 30 Minuten an méi laang. Dat kann itwereen selwer mol beobachten, an déi eeler Leit kënnen Aerch aus hierer Kandheet erzielen, wou just kurz undauerend Kondenstreifen um Himmel ze gesin waren. Dat ass haut net méi esou. Itwereen kann sech selwer informéieren, z.b. och bei Youtube. Et brauch een just nom Stechwuert "NASA admits geoingeniering" ze sichen, an dann fënnt een z.b. och déi Pressekonferenz vun dem NASA Expert (12min39). Et gët Zait dass d'Menscheet wakrech get, well mir gin lues awer secher vun allen Saiten vergëft... Schéinen Weekend.
-
WaatSaachen16.01.2024Net wielen goen ass keng Optioun. Et gett een esou extremisteschen/ ideologeschen Parteien Gelegenhet sech breet ze machen. Leider gett zwar an der Realitaet den Wieler oft vun de gewielten Parteien hanner Licht gefeiert an ( nei Secrétaire d’État , Conseileen ,etc ) fir net gewielter kréeirt. Dat ass leider sou egal waat een mecht.
-
gestressten16.01.2024Fir déi di et betrëfft ass et ganz haard. Deen de Revis kritt, an och seng Ierwen hu schwéier Hypothein ze droen. Mech stéiert dass d'ADEM souvill Entscheedungsgewsat huet. Wéivill vun deen 24.000 génge soss vlaicht als demandeurs d'emploi gefouert ginn ? An hätte vlaicht nach eng reell Chance eng Plaz ze fannen. Mee guud, op dës Manéier hu mir manner Chomeuren, a kënnen op deem Niveau remm glänzen. Alt rëm typisch Nei Welt.
-
Neckel300016.01.2024A Wierklechkeet ass et vill méi wéi 4,2% ... et brauch ee nëmmen d'Präisexplosioun an de Supermarchéen ze kucken ... do gëtt et Saachen déi ... 30% ... 40% .. 50% .. an d'Luucht gaange sinn ! Sou Artikelen ... déi ginn dann ganz einfach net méi kaaf !
-
jangmetti16.01.2024De Staat profitéiert steierlech vun der Inflatioun, an et get sech emol net genéiert. Paradox as awer och d'CSV: "schaffen muss sech lounen"! Awer gläichzäiteg soll de Spetzesteiersaatz an d'Luucht goen. Dat heescht et soll een schaffen, awer net encouragéiert gin méi ze verdéngen?
-
Mellechmann16.01.2024Tëscht der EP an der 1. Dividisoun ass nett méi souvill differenz.... Déi équipen, déi an der 1 Divisoun matt virbai spillen an Opstiegskandidaten sin, hun EP niveau....daat ass nett méi sou wéi fréiher!🤷♂️
-
Trulla16.01.2024Dee schife Wénkel vun de Solarzellpanneauen, wéi hei op der Foto duergestallt, variéiert deen automatesch am Dag, am Verhältnis zum Afale vum Sonnestral op d‘Zellen? Soss ass de Rendement jo net optimal fir di deier Installatioun. Oder? Kann do dernieft en Héichhaus gebaut ginn, wat Schied op déi Zelle géing werfen? Ginn et dozou Gesetzestexter? Wéi oft mussen déi Zelle pro Joer gebotzt a kontrolléiert ginn, ebe fir en optimale Rendement ënner optimale Bedingunge kënnen ze bréngen? Ass dat den Technikerpräis, wéi beim Sanitär (plus d‘Material)? Wéini ginn déi Zellen ersat? Gëtt et do eng Notzungszäit-, Liewensdauer, sou wéi bei de Wandrieder, déi jo do nëmme soll tëschent 10 a 15 Joer leien? Stëmmt dat? Oder, bei wéi vill Prozent Leeschtungsoffall gëtt erneiert? Ass d'Kontroll vun de Panneauen zentral méiglech oder muss all eenzel Panneau um Dag da kontrolléiert ginn? Wat erëm kascht, wann net Léierjongen (m/w) et maachen. Froen, déi den interesséierte Privatier bestëmmt net kal loossen.
-
knadderpit16.01.2024Nein.
-
Kriddelschass16.01.2024Et war och zou eiser Zeit an de 70 er e Luxus. Mir hunn zeitweileg 10 1/4 % Zensen op eis Schold bezuelt a sinn mol einfach 10 Joer net an eng Vakanz gefuer. An en decke Prime-Car ass et och net ginn. Awer ass Haut esou Eppes gesellschaftlech nach machbar?
-
Josy_Barthel16.01.2024Ech gèiw soen, datt ganz um Umfang steet, eiser Gesellschaft an besonneg deenen Jonken mool nees d' Gefill ze vermëttelen, datt een Handwierk eppes besonneges an wertvolles ass, an net daat deen jèinigen doo geland ass well et "fiir mèi net duergoung". Soulaang dèi Haltung gèigeniwer dem Handwiirk an den Handwiirker net besser ass, get schwerer dèi Jonk ze begeeschteren. Dann kënnt een net dolaast deenen Leit eng interessant finanziell Aussicht ze bidden, waat eigentlich èng Selbstverstaendlichkeet soll sin.
-
Yuppy16.01.2024An daat ass Europa - an e puer Stonnen wuar Europa futsch - dei aaner Länner maachen matt eis waat se wöllen an do brengen eis Politiker och neischt färdech ausser Gebraddels an eidel Verspriechen. An dann elo nach deck den 09. Mee den „Europa-Daag“ feieren, waat sollen dei Dommheeten ? Europa wuar just gudd weinst den Lännerwärungen, et huet een keng Souen breichten ze wiesselen fir an dei aaner Länner - an daat wuar et matt Europa.
-
agentorange16.01.2024Den Juncker huet missen weinst der Geheimdengstaffär goen. Wann dat doten stemmt, ass dat jo nach vill mei schlemm. Ween muss dann elo goen ?
-
de_Fern16.01.2024Schéi Fotoen. Frée mech fir d'Elteren. Et kann een nëmme gratulèieren.
-
KNOUTERBATTI16.01.2024Lëtzebuerg, Stand elo: Infektiounen: 318344 Infektiounstaux: 49,2% Doudesfäll: 1222 -> Lethalitéit: 0,4% vun den Infektiounen Aner Zuelen zesumme mat anere Länner an Europa: 0,02% méi schwéier Problemer pro Impfdosis Dat si 0,0005% vun de geimpfte Persounen, ca. 2 mol méi héich wéi bäi aneren Impfungen Long Covid: net ganz kloer, ënner 1% bis 14% bezunn op Infektiounen an ofhängeg vun der Virusvariant. 0,00006 % Doudesfäll no Impfung a bezunn op all d‘Impfungen
-
Kropefra16.01.2024Eise "Mister 2 Ronnen" bleift sengem Numm schéin trei .....
-
Josy_Barthel16.01.2024Ech wor engt Joer an der Schoul och ennert denen 15 Beschten aus der Klass an krut awer een Noexamen😅
-
Infowars16.01.2024Lues a lues get d’Loftblos méi déck an dann platzt déi wei iwerall an Europa... effet a retardement mat direkter Konsequenz.
-
Enn_Letzebuerger16.01.2024"Velospist" a.k.a. "reegelfraien Raum, wou meng Kanner, main Hond an ech eis un guer naicht brauchen ze haalen" a.k.a. "Bauerewee, wou mir ob d'Sabbel duerfe goen, well decke Bulli an verluerent Stréih nëmmen hallëf sou wëll sin". Dann awer léiwer ob der "Strooss" alias "Privateegentum vum Autofuerer, an jiddereen deen e bessi mi lues ennerwee ass gët bedrängt, gequetscht an verflucht"
-
Matbierger16.01.2024Schuett dass den Hummels nett derbei ass den Kommetair hätt ech gär heieren
-
knadderpit16.01.2024Eng grouss victoire fir den E.Macron 👍 Hien as elo fir d'zweet gewielt gin, seng Viirgänger net. Hien huet 18% méi Stëmme kritt wéi Le Pen. Hie wees wat seng nei Regierung elo bidde muss a wien hien mat an d'Boot juele muss. E smarte Borscht 👍👍
-
de_Feierbop16.01.2024Hoffen datt deen zeenario do net Wierklechkeet gett , dann wär datt Land net mei ze regeieren…. Jiddereen matt jidderengem an och net……..
-
Waat_dann16.01.2024Déi oofgehange vun eiser Gesellschaft interesséierën déi ofgehuewe Gesellschaft zu Letzebuerg net, léiwer déi aaner Seit kucken! Ech kéint RTL e Reportage iwer esou eng Famil proposéierën, op d’Redaktioun awer bereet ass sou e Reportage ze brenge, bezweifelën ech. Et ass méi angenehm iwert d’Paischcroisière ze berichten. Sou am Stach wéi déi gelooss gi vun alle Seiten ass en Hohn.
-
Populiste16.01.2024Am Idealfall vun 6 Testzentren, muss all Zenter ronn 100.000 leit impfen an der Moyenne. Wann een bedenkt dass jidderen muss 2x geimpft gin sin dat dann 200.000 rdv pro Zentrum. Wann mir dovun ausgin dass een an 6 Meint well duerch sin mam Impfen (Wees et ass extrem optimistesch) dann misst all Zentrum 33.334 leit den mount impfen, 8334 pro woch, 139 pro stonn (bei 60 stonnen pro Woch) bzw bessi mei wei 2 Persounen pro minute. Ass een Sportlechen Tempo, mee mengen dat keint een hin kreien wann natiirlech alles sou leeft wei et soll.
-
Kropefra16.01.2024Wien as hien ?
-
Misanthrop16.01.2024Jo daat wuare nach Zäiten, ka mech nach dorun erenneren all Weekend wann op wuar dohin. Sie diskutéieren jo schons rem seit laangem fier sou eppes rem zu Esch ze maachen, awer daat wärd ech nët méi erliewen.
-
Tata-Sidoni16.01.2024Déi duebel Mandatairen déi dat esou wëllen hunn, déi sollten zweemol hallef bezuelt ginn amplaz zweemol ganz, dann ass et séier eriwwwer mat den duebele Mandater.
-
Maxximal16.01.2024All d'Leit mussen Teletravail maachen an doheem bleiwen! Firwat kenen eis Politiker dann keng sou Konferent oder etc. iwwer skype oder soss welch Appen/Programmer vun doheem haalen?? As daat net e bessen Volleck fir domm an blöd gehaalen?? Oder sin eis Politiker keng Menschen? Vun RTL: Déi Pressekonferenze gi just gestreamt an do ass just minimaalt Personal vum Ministère dobannen. D'Journaliste schécken hir Froe via Mail eran. MBG
-
agentorange16.01.2024........Vun der aler Regierung selwer...... koum déi Ofschätzung dass mer missten am 2te Joer vun der neier ( egal wat fir Zesummesetzung) Regierung 1 Milliard noléinen. Flott wann een sech "verschätzt" hätt. Leider gin elo an den Nopeschlänner, besonnesch BRD, d'Wirtschafts-erwardungen no ënnen revidéiert. http://www.spiegel.de/thema/konjunkturprognosen/
-
Nei_Hei16.01.2024Ech sinn zimmlech grouss, an hun doduerch vill Probleemer mat méngen Réck. Well ech nët dofir kann, dat ech esou grouss sinn, hätt ech gär 2 Deeg Congé zousätzlech pro Mount, zousätzlech zu den normalen 3 Deeg Maladie, d'EU ee bei Bedarf kann huelen. Merci.
-
KNOUTERBATTI16.01.2024Obwuel ech seit gudd 35 Joer net mei bei engem Coiffer war , well ech daat och ganz gudd eleng hinkreien : Ech war solodaresch an hun mir während dem Lockdown d'Buuschten net geschnidden ... fir net dei ze deprimeieren, dei net hun dirfen während dér Zeit bei hieren Coiffer goen. Geschter hun ech daat awer erem gemaach ... an ass Haut kengem opgefall.
-
fillt-iech-emol16.01.2024Es ist so einfach auf die Gewerkschaft(en) zu klopfen ohne selbst etwas zu ihrer Taetigkeit beizutragen. Schon Ende der 70er Jahre zirkulierte bei uns im Betrieb ein Schreiben der Gewerkschaft, das alle « acquis sociaux » auflistete, die es ohne Gewerkschaft nie (oder wesentlich spaeter) gegeben haette. Es bestand also damals schon die Notwendigkeit die geringschaetzigen Schwaetzer unter den Arbeitnehmern eines besseren zu belehren. Echte Gewerkschaftler sind keine Opportunisten die um ihr eigenes Wohl bedacht sind. So habe ich es umso mehr als traurig empfunden, wenn mir als Praesident der Delegation resp. Schriftfuehrer des gemischten Betriebsrates vorgeworfen wurde, ich sei diesen Weg gegangen um Karriere zu machen. Denks’te. Schon damals gab es eine Gewerkschaftsstudie die zeigte, dass unsere Mitglieder in der Karriere eher zurueckblieben, oder besser gesagt geblieben wurden. Das ist jedenfalls der Preis den ich gezahlt habe.
-
Emmer daat selwecht16.01.2024Dad ass Krank an Pervers an erem freeht een sech an wéi enger krank vorreckner Welt mir lierwen mee schlussentleg laitt et och een groussen Deel un Aiss an zwar emol opzepassen wei eng Produiteen een an zukunft keeft déi net unn Déieren getest gouffen, dad wäer schon een klengen bedaitenden Schrëtt an déi richteg Richtung
-
DirtyHarry16.01.2024Mär hun dach d'Wahlpflicht, oder ass dat ofgeschaft ?
-
Weltbiirger16.01.2024De Kim Felten beim logement. CSV hätt z.B mam Abby Toussaint och en Expert gehaat, mee et huet een sech scheinbar fir e psydo expert entscheed.
-
fillt-iech-emol16.01.2024Op verschidden aneren Kirmessen verdengen se och net mei ausser Fouer an hun nach Chargen aner wieren frou wan se des Suen giffen kreien an deser Zait et sin vill zevill dei vun deser Situatioun prbeieren ze profiteieren fir nach mei ze kreien
-
jangmetti16.01.2024Weini kommen dann d'Vignetten fir Veloen ? Och Velopisten kaschten vill Steiergelder, an sollten genée ewei d'Autovignette fir Stroossenbenozung fir d'Veloen fir Velopistenbenotzung angefouert gin.
-
de_Feierbop16.01.2024Wohltaten verdeelen ,awer net woessen wie se finanzeiert ginn! .Wie wieret mat engem Congé parental plus plus als Belounung vir dei,die de Congé parental plus huelen ?
-
Waat_een_Kaabes16.01.2024Tjo kee Wonner, den Auto ass a bléift dat flexibelst a bequemste Mëttel fir iwwerall an zu jidder Zait hin ze kommen. Et brauch een kee Fuerplang, era klammen an fort geet et.. an virunallem et brauch een kee Gepäck ze schleefen, ausser déi puer Meter vum Zëmmer an d‘Garage oder wou soss den Auto steet.
-
MELLECHKOU16.01.2024- Wat schwéier nozevollzéien ass, dass di Gréng net erkläre wéi mat hirer Politik, wou si jo géint Atom-a Kuelestroum sinn, eis Energieversuergung assuréiere wëllen. - Wa bei Flatterstroum, oder Dunkelflaute, gemengt ass, wa keng Sonn schéint, oder kee Wand bléist, oder nach schlëmmer béides zesummen, da muss an dem Moment Atom- a Kuelestroum importéiert ginn, wat dann näischt méi mat grénger Politik ze dinn huet.
-
Meckerhary16.01.2024Et war eng ganz spannend course, mee den max kann dem Masi merci soen, well haut huet FIA wm entscheet, egal op et en feeler vun mercedes war den Hamilton net eng 2 keier eran ze huelen, mee dat ass des saison schon oft schief gangen,
-
Yuppy16.01.2024Gleewen net méi un de Kleeschen dass Wourecht un Dagliicht kennt. Hinhalte Politik bis keen méi vun deenen angeblechen Leit op deser Welt as.
-
Misanthrop16.01.2024Mir war seelen eng CL esou egal wéi elo. Ech kann keng vun deenen leschten 4 gesinn.
-
JEAN-FRANCOIS16.01.2024Dei Petitioun fannen ech ok, mais de Mettelstand gett och emmer rem vergiess.Eng Koppel déi zesumme schaffen geht fir sech iwerhapt kënnen e logement ze leeschten mussen richteg anstänneg Steieren bezuelen well déi 2 salairen zesummegehait gin , en plus as de plafong erofgesat gin sou dass een nach méi muss bezuelen resp.manner kann ofsetzen, an een deen iwer 40Joer laang Steieren bezuelt huet an elo an der Pensioun as kennt och schlecht ewech, merci Här Gramegna, dat as typesch Gambia.....fir d'Famillen gett eppes gemach an de Rescht as hinnen Wurscht!!!
-
Duke_of_Lux16.01.2024E grousse Merci un ons Arméi !
-
den Trellert16.01.2024Deet mer leed, mais daat do ass erem en Beweis fier naiwt Gutmenschentum. Ech ging der Mme Kinsch proposéieren emol während 3 Woch entweder an d'Stroossbuergerstrooss oder aal an d'nei Avenue ze kommen an sech daat ukucken. D'Leit kréien d'Kellerdieren opgebrach hier Entréesdieren gin als Toilette benotzt. D'Leit kréien vun denen aarmen Drogéierten hiert Egentum futti gemét an verknascht. Wén schützt dann déi Bierger do virdrun, se mussen fier den Schued dén se gemach kréien selwer opkommen. Ech war och emol esou naiv, schaffen awer ewell zenter 5 Joer hei an der Stoosbuergerstrooss an ganz éierlech mäin Matleed ass séier verflunn. D'Leit hei gin vun der Politik am Stach gelooss, siewt et vum Minister oder der Mme Burgermeeschter. Et ging Zäit gin dass d'Leit nach méih op d'Strooss gin, well esou gut ewéi eis déi Politiker déi elo um Ruder sin wellen anrieden, esou gut gét et eis hei net. Well se den Leit schéin Geschichten erzielen, d'Wiehler awer am Stach loossen.
-
Knouterer216.01.2024Et get just eng eenzeg Meiglegkeet deen Problem an den Greff ze kreien: Meistäckeg an groussflächeg gratis Parkhaiser op eisen Grenzen mat Navetten dei zu Spetzestonnen (6-9 an 16-19 Auer) am 10-Minutten-Takt d'Staat ufueren. Wann dei Navetten dann iwwert hier eegen Spuer hei am Land fueren geingen, hätten mer vill vill vill manner Traffic, Stau an Emweltverschmotzung,. Buser fir dei Navetten sin der jo genuch do, wann ech kucken weivill honnerten städtesch Buser duerch d'Staat spazeieren gefuer gin, ouni dass och nemmen een dran setzt!! Et brengt kengem eppes, wann een am Ausland kann mei schnell iwert eng extra Spuer op den letzebuerger Stau opfueren kann!
-
Mengmegnung16.01.2024Wann hien keng Mask muss undoen an een attest vum Dokter huet wier ech an senger Platz an der éichter Reih fir mech momentan impfen ze lossen. Ass hien wirklech esou krank? Eng Frechheet👎 An dann nach ze soen dass hien op den Sputnik waart! Egal wat👎
-
Letzebuerger_Patriot16.01.2024Lo gëtt sech rëm e puer Deeg opgereegt, Begrëffer wéi Favoritismus, Banannerepublik, .... fille à Papa falen ...... an an e puer Deeg schwätzt keen méi dovunner an alles ass ok. D`Mme Goebbels ass op hirem Posten an den wéi an wou ass vergiess. D`Zukunft vun der Mme ass geséchert, en gutt bezuelten Posten; wie dreemt net dovunner. D`Oppositioun klappt e bëssi mat den Flilleken ...... a well si et wärend hirer Amtszäit net anescht gehandhaabt huet mam Verdeelen vun den Posten ass dat och nëmmen Show. Business as usual. An d`Politiker stellen sech iergendwann `Fro firwat d`Vollek ras le bol huet.
-
NONDIKABES16.01.2024No Chreschtdag kennt den groussen Lockdown, do sin ech mir ziemlich secher. Well dat Gepidells vun denen leschten Wochen, huet naischt bruecht.
-
gestressten16.01.2024Et geet net em d'Unzuel vun den"Auslänner", mee "Profispiller" (=bezuelte Full-Time Spiller). Och e JICL Spiller kann Profisipiller sin, esou wéi et elo schon an verschiddenen Veräner ass... Do mussen nei Reegelen hier fir kloer Grenzen ze zéihen, mee ech färten wann déi eng Kéier sollten kommen, gin direkt erem "kreativ" Ideen entweckelt fir dat legal ze emgoen...
-
DatAssMengAnalyse16.01.2024wann Skeptiker net wellen, dann wellen se eben net. Esou lang sie net ze iwerzeegen sin, an dat wärt wahrscheinlech niemols de Fall sin, därf jiddereen Leit ustiechen an och selwer ugestach gin. Esouguer an den Keesen fun den Supermarchéen setzen Leit déi net geimpft sin an dat och refuséieren. Miist net do gehandelt gin?? Huet ons Regierung keng Meenung dozou oder kucken mir weider duercht d'Hänn bis mer an der Intensivstatioun an den leschten Zich leien?
-
Knueterbatti16.01.2024An Géigenden wou et daat ganzt Joer iwer extrem warm ass mat wéineg Waasser ginn Akws souwisou net gebaut well se net anstänneg kennen gekillt ginn. Souguer an den USA get et keng Akws an den ganz warmen Regionen. Am Iran get et een Akw am Süden um Mier. Den Iran huet zwar 98 Stiedt iwer 100.000 Awunner, dovunner 18 iwer 500.000 Awunner an 9 iwer 1 Millioun (Teheran 8 Mio), ass awer gréisstendeels onbewunnt, am Schnett 48 Awunner op engem km2, 80 Mio Awunner am ganzen. Den Iran ass vun der Fläch hier sou greuss wéi Frankraich, Daitschland, Spuenien an UK zesummen. Eng Atomrakéit kéim awer net wait genuch fir een westlecht Land ze treffen. Souguer wann se an eng Richtung Zielen géifen ass et net secher datt d Rakéit och do ukéim. Den Risiko datt eng Atomrakéit iwert dem eegene Territoire rooffällt besteet och emmer.
-
Josy_Barthel16.01.2024Super Gilles, an elo wenn's du och Finale
-
Kritiker16.01.2024All Deputeiert deen dat Gestz do stemmt geheiert selwer interneiert oder nach besser op den Mound geschoss ze gin
-
gunman16.01.2024Virwaat as Lezebuerg emmer virbei wann et em bezuelen geed?mir hun es well saat domat. Eis Zieler sin net aer Zieler.Main Portemonaie as net aeren. Gleich richten mir eis all een Gaardenheis-chen op,an da machen mir eis Vacanz dodran.
-
knadderpit16.01.2024Versprecht eng ganz interessanten 2023 ze sinn mat eso viel potential GT Gewenner beienéen.
-
De_Popst16.01.2024Op Instagram ënner Drock gesaat fillen: einfach lächerlech!
-
Mellechmann16.01.2024et schéint hei villen nét ém daat wichtegst ze goen, den Staat encaisséiert bei all Vente 7% fier kaum eppes ze maachen, daat ass jo schéint et egal ech sin keng Agence, mais ech kann mer fierstellen, dass do Plaatzen erschaaf gin, Sécu, Frais bezuelt gin, natierlech ass eng Vente fier en Ojbet vun 500.000€ nét vill manner wéi en Objet vun 2 Milliounen wou déi Staadter Agencen sech drop stierzen, do misst et gestaffelt sin, z.B. bis 500.000€ 3% max, dann dégressiv an bei iwer 1 Mio nach just 1 bis 1,25% dann ként eng Moyenne eraus bis 2 % an drénner mais daat aenert nét den Prais vun den Immobilien, et ass jo einfach hannert dém wou den Haer Fayot séch verstoppt eng Ausried, och Ministeren etc wéllen fier hier Objets daat méescht, waat ho hei am Land vill duerch Ierfschaften ként wou et Freibetraeg gin , Spekulatioun ass jo eng Krankhéet bei villen, an elo wier méi wichteg, dass Taxe vum Enregistrement mol op 2-3% eroof géing goen dann haet den Haer Fayot eppes erréescht,
-
Maulwuerf16.01.2024Déi féiten eng ob. D‘éicht et d‘Grenzen gin op an dann zerquetschten Stonnen méi spéit neen net aus touriteschen Grënn. Ech behaapten mol neess eng histoire belge.
-
Heemecht_lu16.01.2024Wärend der Pandemie ass vun Solidaritéit geschwat ginn a wou ass déi elo ?
-
WouereschtdeetWei16.01.2024ma dee wollt och mol eng Kéier op Paräis.. mir kréien andauert gepriedegt, -mach Eppes fiir d'Ëmwelt- jo dat maach vill Läit, awer nët Déi, Déi gären hiir Täsche fëllen op egal wat ët kascht
-
meteomann16.01.2024Et gëtt een dat Gefill net lass dass déi Juristen an deenen jeweilegen Ministèren entweder déi konfus Ideen vun hiren Chefen (Ministeren) mussen op d'Blad setzen an do keen décken Choix hunn, oder hinnen hir jeweileg Universitéiten hunn et net esou richteg bruecht. Héiert sech elo vläit haart un, mee deen neien Check durabilité deen virum engem Mount ageféiert gouf (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2061151.html) war eigentlech geduecht dass et net zu esou enger penibler Nummer sollt kommen 🤷
-
Letzebauer16.01.2024Top, de Charles Leclerc huet sech locker Pole virum Max Verstappen geholl. Bravo Ferrari! Let's go Lewis Hamilton, näischt ass onméiglech!
-
Baam16.01.2024wisou soll d'Sofinco aus der Belsch da besser sin wéi eis national Pauvres chaussées ????
-
Letzebuerger_Patriot16.01.2024Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
agentorange16.01.2024Dat ass fir eis daitsch Noperen nach méi schlemm wéi de Ballermann den zou ass.
-
MELLECHKOU16.01.2024Bei enger Saach gin ech dem Josée recht: Ech hun dat scho lëschten Hiers ht gesoot iert d’Impfungen zougeloss goufen. D’Regierunge hätte misste massiv Reklamm fir dei Impfung maachen, an sech demonstrativ dofir ausschwätzen. Well et egal wéi keng Alternativ get falls ee hemols rem wëll an d’Normalitéit kommen. An dat as net geschitt!
-
DirtyHarry16.01.2024Eng gerecht Autossteuer kann mëmmen iwwer déi gefuerte Kilometer gerechent ginn nom Prinzip vum pollueur payeur...
-
den_hexemeeschter16.01.2024Et gët mir schlecht, wann ech hei bei de Kommentaren gesinn, wievill Leit populistesch ungehaucht sin. Oh Herr, lass Hirn regnen.
-
tetrapack16.01.2024wien seet mir dann,dass dat wat du ugewisen gëtt och richteg ass! Oder muss ech dann nach eng -kéier hannen um Pak kucken op dat och stemmt?
-
Trulla16.01.2024Schaffen a bezuelen : Mir hunn et bei eis am Stot gemierkt, wats de méi schaffs, wats de logescherweis och méi verdéngs a wats de méi bei d'Lisette gelooss gëss mat de Steiere pro Mount an dono nach eng Kéier pro Joer zesummen. Genee duerfir huet meng Fra vu sech aus opgehal mat schaffen, well hir Minipei ass komplett dropgaang fir d'Joeressteieren an et ass mol net duergaangen. Haut hu mer nëmmen 1. Akommes, et geet eis ewéi ville Leit, et muss ee rechnen, mee fir eis selwer, a net fir d'Staatskeess. ps.: Ier meng Fra opgehal huet mat schaffen ass dat alles bei engem Notair gereegelt ginn, well déi feministesch Astellung dass eng Fra MUSS schaffen am Fall wou.......dat ass eng politesch Erfindung a jiddereen deen sech e bëssche mam Droit auskennt, dee weess dass een alles iwwer Akt beim Notair ka festhalen am géigesäitegen Averständnes.
-
Alles-Quatsch16.01.2024Wann negativ Zensen Realiteit gin an d‘Boergeld oofgeschaaf get, gin mer vun der Regierung an eng Oofhängegkeet vun Privatentreprisen gezwongen. D‘Mouck enner dem Kapkessen ass dann net mei meiglech. Vive d‘Kryptowährung.
-
Baam16.01.2024Wéini seet Mme Ministesch emol selwer eppes? Si wees dass daat do falsch also illegal war. Si scheckt hiren Conseiller, daat seet genuch. Ech denken déi Affär get einfach ausgestan an et kennt näischt un si. Politik eben.
-
De_Popst16.01.2024Mi zéien nach emmer dat grouss Kapital op Lëtzebuerg. Dat verschaaft ons zwar am Moment prass gefëllten Staatskeesen, mais zu wat fir engem Preis? Et get Zeit fir eng Ännerung vun der Politik.