FOTOEN - Eng méi lass
Aasselbuerer Millener Sojamëllechfest
De Weekend war zu Aasselbuerer Millen rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
kloreMenscheverstand11.11.2023“d'House of Commons refuséiert den Deal eng drëtte Kéier oder awer un den Europawale participéieren.” Et wier awer fläit net schlecht fir Bevölkerung un d’Europawalen deel ze huelen och wann dat ganzt op den Keeks geet.
-
de_Feierbop11.11.2023De Profisport ass krank a misst reformeiert gin. Amplaz dass zb Futballsklibb international Konzerner sinn, misst een do einfach mol back to basics goen. Lokal Klibb, local finanzeiert, realistesch Gehaelter. Da geif dei ganz Korruptioun mol ophalen. Dei dei do am meeschten Muecht hun, sin d'Fans, si kennen de ganzen kommerzielle Bloedsinn einfach boykotteiren an em domadder dei finanziell Basis entzeien. Et kann een als normale Fan zb domadder ufaenken amplaz just stupid Futball op der Tele ze kucken sech selwer an sengem eegenen lokale Verain engageiren, jo soguer selwer als Hobby-Sportler aktiv gin. Huet just Virdeeler, besser vir dei eegen Gesondheet, besser vir d'Gesellschaft, besser fir de Planeit. Et misst awer och op europaischem an nationale Niveau de legalen Kader geschaafe ginn fir dei decadent kommerziell Auswuechs ze verhenneren, zb Gehaelter begrenzen, maximal Montant'en dei Futballsclub daerf besetzen an investeiren asw...
-
haldechkleng11.11.2023...di Streckeradaren an den Tunnellen sinn, wat d'Sécherheet ubelaangt eng gutt Saach ! Well Chauffeuren sech net un di virgeschriwwen Vitessen halen, woumat si sech an di aner a grouss Gefor bréngen, sou ass et leider noutwendeg dass dat kontrolléiert a ggf. sanktionéiert gëtt. Déi Sanktiounen sinn Peanuts géint déi materiell, an déi Käschten déi bei Verletzungen entstinn, ofgesinn vum psychologeschen Schued bei deenen déi un esou Accidenter bedeelegt sinn. ...et brauch iwwregens keen sech un deenen Käschten ze bedeelegen, wéi verschiddener déi Radaren als Geldmaacherei oder Geldmashinen vir de Staat nennen...ganz einfach an dem e sech un déi vum Code de la Route virgeschriwwen Höchstgewschindegkeeten hält ...oder ?
-
Expert11.11.2023D'Impfgéigner wëlle keen Dialog, sie wëllen Narrefraiheet. Sie wëllen dass mir alleguer hier faktesch falsch Ideologie, déi net nëmmen hinne selwer schued, mee eis alleguer, einfach hinhuelen an ënnerschlëcken. Doriwer eraus erklären se eis bei all Geleegenheet entweder zu Schof oder verglaichen eis mat Nazien, während se mettlerweil all Samsdes wi Schof nierwend rietse "Patrioten" an Casseuren matmarschéieren. Fann de Fehler. Vill Leid sin degoutéiert an ech kann eisen Impfskeptiker nëmme soen, et get och een Dono. No Corona. An et get net alles vergiess. Dir sidd flait och eng Kéier ob Solidaritéit ungewisen an ech hoffen fir ierch dass är Matmënschen dann net nodroend sin.
-
Kropefra11.11.2023Kann de Virus sech duerch d´Ventilatioun am Zuch iwwerdroen? A wann den Zuch an der Staad ukennt as e Massenundrang um Quai an op den Traapen. Do notzt et och naischt fennef Minuten ze waarden . Ech sin vir schaffen ze goen ob den Zuch ugewisen a mache mir meng Gedanken.
-
Komplet_Wurscht11.11.2023Livraison à domicile. Schaffen a gud Geld elo verdingen. Krut Löschte vu Restaurants wou elo heem liwren. Leider fehlen sou munch. Get dach elo iwerall bestallt. Bestellen all Woch.
-
Expert11.11.2023De Benzin an Diesel huet keng grouss Praïsélasticitéit. Et ass e quasi liewenswichtege Produit, wéi Iessen, Wasser, Heizung, Kleeder ... dofir können déi eis regéieren égal waat vu Steieren drop schlien a wëssen dass mir et schlecken. Hei e klengt Zitat aus Wikipédia „ La demande reste inchangée quel que soit le prix. C'est notamment le cas des produits de première nécessité : bien que le prix augmente, la consommation se maintient car il existe peu de produits de substitution“
-
Knouterer211.11.2023Eisen Staats ann Gemengenapparat ass iwerdriwen déier ann net esou efficace wéi en misst duerch déi vill Ausgaben sinn. Mier därfen net weider den Féeler maachen fier matt der Briechstang Land ann Firmaen nei ann d‘Land eranzehuelen matt den Zil doduerch weider iwerdriwwen heich Beamtengehälter ann Pensiounen ze bezuelen. D‘Kapital muss méi gerecht bestéiert ginn, Allocatiounen oder Subventiounen just do ausbezuelt ginn wou éen réellen Besoin ass. Vill ze vill Geld gett vum Staat ann Gemengen zur Fenster erausgeheit duerch Expertisen, Conterexpertisen , Etüden dropp ann dowiddert ,falsch Planung, ze héich Paien ann Pensiounen fier déi erbruechten Leeschtung asw asw. Den gaanzen Modell Letzebuerg muss ann Fro gestallt ginn. D‘Liewensqualitéit hellt permanent oof fier dass éen klengen Grapp vun Leit mat Kapital ann genuch Affekoten sech kann iwermeissech vill bereicheren . Waat hunn déi läschten Finanziell gudd Jooeren dann schlisslech dem normalen Duerchschnettsbieger bis elo bruecht.?
-
EsouAwerNet11.11.20231254 Iwwrigens,krut de muergen eng email apparemment vun Luxtrust mat...main ...... wier/ ass oofgelaaf an cliquez ici.... 1) wei kommen dei un meng email....nemmen duerch d Post.....also ass d Post gehackt ginn an huet et verheemlecht. 2) ähnlech bei den Banken , op mannst Verschiddener , wou bleift do d Opklärungsfliicht , et geet em donnees personelles an Datenschutz , deen deklareiert gött Daag an Nuecht, an der Realiteit,wei mer live gesinn,nött fonktionneiert.... Wou bleift d Action nationale an europeenne ??? Et misst all user , bei jegweiliger Gefor oder Bedruch , direkt seng Verbindong spären können , och dei lescht Operatiounen. Eischt no Iwwerpreifong duerch eng kompetent Instanz kann d Verbindong erem on geschalt ginn. All Aktiounen ginn an engem Euzentralregister gespeichert an analyseiert fiir dem Crime d Handwierk ze leeen. Wier nött iwwerrascht wann d Mafia,d Russen ,Chinesen an aanerer do hier Fangeren am Spill hätten... waat seet den Aussenminister dozou....????