RTL Plus

Den 2. Januar 1984 goung et lass, kuerz virun 18 Auer start „RTL Plus“, een däitschsproochegen, kommerzielle Sender, deen vu Lëtzebuerg aus an enger Kooperatioun vu Bertelsmann an der CLT bedriwwe gëtt.

Et ass esoueppes ewéi de Startschoss fir déi privat Tëlee bei eisen däitschen Noperen. Produzéiert gouf an engem éischten Ament zu Bartréng an de Studioen vun RTL Productions. Nostalgesch Gefiller kommen erop. Ween denkt elo net un „Der Preis ist heiss“, „Tutti-Frutti“, „RTL-Samstag Nacht“ un „Ich bin ein Star, holt mich hier raus“ oder un déi legendär US-Amerikanesch Serien, déi RTL gesendt huet: de „Fresh Prince of Belair“, „Columbo“ an d’„A-Team“ - an all déi sensationell inspiréierend Reklammen déi dotëscht gelaf sinn.

Hei op RTL Eent erziele mer ganz gären vun historeschen Ereignisser op eng Art-a-Weis, déi un déi gutt al Zäit erënnert, wou nach alles an der Reih wor a wou hei zu Lëtzebuerg richteg Pionéieraarbecht geleescht gouf. Alleng den Numm „Radio Luxembourg“, weltbekannt, Dir erënnert iech!

Mir géifen dann elo mol als éischtes ewechloossen, dass mir bei RTL Eent eis och nach ëmmer doriwwer iergeren, dass deemols Sat1 een Dag méi fréi op Sendung gaangen ass. Den däitschen RTL, „RTL Plus“, aus Lëtzebuerg konnt een och just knapps bis an d’Saarland ëmfänken, den Kabeluschloss kruut RTL Plus éischt e puer Méint méi spéit. An knapps 4 Joer duerno wor et och schonn nees riwwer mam kuerzen Intermezzo RTL Plus zu Lëtzebuerg, wou d’Firma hieren Standuert op Köln verluecht huet. Dat heescht, fir korrekt ze sinn, huet bis op „Der Preis ist heiss“ keng vun deenen méi bekannten Sendungen eppes mat Lëtzebuerg ze dinn. Pardon, Rektifikatioun: „Der Preis ist heiss“ ass am Fong och éischt 1989 an Däitschland opgeholl ginn. Den Duerchbroch hat RTL Plus an Däitschland duerch d’TV Rechter fir Bundesliga-Spiller an d’Formel 1 zum Moment, wou den Michael Schumacher ugefaangen huet. Mee ëmmerhin huet alles jo awer trotzdem iergendwéi zu Bartréng ugefaangen, kaum virzestellen, zu Bartréng.

Wéi sinn déi verréckt Medienpionéier zu an och aus Lëtzebuerg deemools op déi wonnerbar Iddi komm, dem groussen Noper de Kaddo vun der Privattëlee ze maachen? Dës Fro géife mer lo mol onbeäntwert am Raum stoen loossen fir déi allgemeng Fantasie unzereegen an déi nostalgesch Gefiller net a Gefor ze bréngen. Soss géif ee jo zum Beispill un den Helmut Kohl denken, deen den eigentleche Kapp hannert der Aféierung vun der Privattëlee an Däitschland ass. Seng Iwwerleeung wor et, dass déi Privat-Tëlee wesentlech méi wirtschaftsno si wäert an hier Verbreedung souwéi déi komplett Kommerzialiséierung vun de Medien den Afloss vun der ëffentlech-rechtlecher Tëlee aschränke kéint. Jiddwerfalls: Alles Guddes zum Gebuertsdag, däitschen RTL.