Photo: Glenn Carstens-Peters (Public Domain)

Als Reviews a Gewënnspiller getarnten Onéierlechkeeten. RTL erreecht den nächste Level un Native Advertising.

Spiller fir Computer a Konsolen: wéi eent lount et sech ze kafen? RTL.lu an den Journalist David Winter hunn e puer Tipps. Firwat déi Tipps hien esou mann Aarbecht kaschten a wéi Konzerner Produite verstoppt a Radiossendunge placéiere weise mir elo hei.

Wéi soll een sech hautzedaags an engem Mier vun Offeren a Reklammen um Internet eng méiglechst sachlech Meenung iwwert e Produit maachen? Hei kéint d’Press hëllefen. Si kann onofhängeg ee Produit testen, anuerdnen a vergläichen - an doduerch dem Public eng méi opgekläerte Vue erméiglechen. Ween allerdéngs hofft, bei RTL esou gehollef ze kréie, kéint sech nach wonneren. RTL ass zwar dat meeschtkonsuméierte Medium am Land, d’Medium mat der héichster staatlecher Subventioun an deene meeschte vum Presserot zertifizéierte Journalist*innen - mee eben och déi gréisste Reklamms-Maschinerie am Land. Am contraire vun enger kritescher Betruechtung ass Reklamm eng eesäiteg, positiv Duerstellung, déi oft och Saache vu Produkter versprécht, déi net stëmmen.

Op RTL.lu ass eng eege Rubrik fir „Gaming“ ze fannen. Eng grouss Zuel vu Spiller gëtt ënner „News“ virgestallt, deelweis sinn d’Artikelen opwänneg gemaach, z.B. ginn Interviews gefouert, wéi dee mam Game Director vu „Ghostrunner 2“ oder dem Executive Producer von NBA 2K24, déi dann och um RTL Radio lafen. An der Sous-Rubrik „Review“ gi Spiller getest a bewäert. Sou geet et zum Beispill „Mat Assassin’s Creed Mirage duerch d’Stroosse vu Bagdad“. Responsabel fir dës Artikel a Reviews sou wéi ee groussen Deel vum Contenu an der Gaming-Rubrik, ass den David Winter.

David Winter, Journalist?

Den David Winter schafft als Journalist fir RTL. Hien ass ee vun deenen „richtege Journalisten“, een, deen eng Pressekaart huet. Ee vun deene wéinege Journalist*innen, déi op RTL souguer politesch geféierte Meenungsartikelen publizéieren däerfen. Eng Persoun also, der ee vertraut seng Aarbecht seriö ze maachen. An deen natierlech och weess, dass et speziell Oplage, fir Reklammen ze publizéiere, ginn. Den Artikel 11 am Pressecodex, an deem et ëm d’Kennzeechne vu Publicitéit geet gesäit e.a. vir: „b) Les journalistes s’engagent à ne signer de leur nom des articles publicitaires. La presse s’engage à garder son objectivité dans la présentation et la communication d’informations ayant pour sujet des entreprises commerciales, des produits ou des services“.

Et fält op, dass eng Rei vun den Artikelen, déi den David Winter ënnert sengem Numm verëffentlecht, net just Informatiounen a Bewäertungen enthalen, mee dacks och „RTL Gewënnspiller“. Dat ass nach näischt absolut Anormales. RTL ass net dat eenzegt Medium, dat mat klenge Spiller d’Interaktioun an d’Fidelitéit vum Public undreiwe wëll. „Gewannt e ganze Package u Playstation 5-Spiller!“ heescht den Artikel op rtl.lu, deen allerdéngs och um Radio gespillt gouf an als Review umoderéiert gouf: „Mir hunn eis eng Partie Spiller aus dem Joer 2023 ugekuckt, vun deene mir och nees en Deel wäerte verspillen… Also d’Ouere gespëtzt, den David Winter huet weider Detailer.“

Et ass dann allerdéngs net den David Winter, deen Detailer huet an sech do Spiller ugekuckt hätt, mee hien iwwerliwwert een „Tipp aus der Gaming-Welt“. Den David Winter gëtt enger gewësser „Spillredaktioun vu Mein Audioservice“ d’Wuert, an déi si begeeschtert: „Ugefaange mat DEEM Spill fir d’Basketball-Fans, nämlech NBA 2k.“ D’Spillredaktioun vu „Mein Audioservice“ fënnt och hei, dass 2022 nees en neit Meeschterwierk an der Baskets-Serie erauskomm ass“.

Wien ass „Mein Audioservice“?

Ënnersicht een d’Artikelen an der RTL Gaming-Rubrik fält op, dass eng ganz Rëtsch dovunner och mat „RTL-Gewënnspiller“ verbonne sinn - an déi och meeschtens Inhalter vun „Mein Audioservice“ enthalen. Heiansdo gëtt dës extern Source ernimmt, heiansdo och net. Esou zum Beispill bei der ewell genannter „Review“ vum neien „Assassin’s Creed“ an och den Interview mam Executive Producer vun NBA 2K24. Béid enthale Content, z.B. Interviews, vun „Mein Audioservice“. Dëse Content gëtt awer wéi d’Aarbecht vum David Winter präsentéiert. Déi wäerten dem RTL Journalist jo lo net béis sinn dowéinst? Wuel kaum. Dass de Winter säi Publikum bewosst täuscht, andeems en sech als Urheber duerstelle léisst, ass nämlech just d´Spëtzt vum Äisbierg.

D’„Spillredaktioun vu Mein Audioservice“ schéngt insgesamt dee beléiftsten Interviewpartner vum David Winter ze sinn, an dat schonns zanter Joren. Am Artikel „Sony vs. Xbox - Déi nei Next-Gen-Konsolen am Test“ heescht et: „Den David Winter huet sech an Zesummenaarbecht mat der Gaming-Redaktioun vu „Mein Audioservice“ béid Konsole méi genee ugekuckt“. Am Audiobeitrag fir de Radio seet den David Winter: „Getest huet de Christian aus der däitscher Gaming-Redaktioun béid Konsolen a kann sech dohier natierlech och e gutt Bild iwwert d’Leeschtung vu béide Konsole maachen“. Allerdéngs kënnt elo net, wéi den Titel et erwaarde gelooss huet, en Test vun deenen zwou Konsolen, mee just nach positiv Aussoen iwwert verschidde Spiller: „Das Spiel ist nicht einfach nur eine hübschere Variante der alten Konsolenversion. Es wurde eigens entwickelt, um die Leistung und um die grafischen Möglichkeiten der PS5 und der Xbox Series X nutzen zu können“ weess „de Christian“ ze beriichten.

E weidere Grond sech dësen „Audioservice“ méi genee unzekucken. Déi däitsch Firma präsentéiert sech als eng Zort Gratisdéngschtleeschter fir Radioen, si bidd op hierem Site „Kostenlose Beiträge für dein Programm“. Den FAQ kläert op: „Mein Audioservice produziert Radiobeiträge, Interview-O-Töne und Straßenumfragen. Bei den meisten unserer Themen könnt Ihr zusätzlich inhaltsbezogene Gewinnspiele mit uns vereinbaren.“ A weider: „Unser Content ist ausschließlich Programmgestaltern vorbehalten. Wer für den Hörfunk oder bei einem Internetradiosender arbeitet, egal, ob als Redakteur*in, Moderator*in oder Reporter*in, ist bei uns richtig.“ Um Site vun „Mein Audioservice“ sinn dann och Reportagen ze fannen, déi engem schonn vun rtl.lu bekannt sinn, zum Beispill déi iwwer d’Spill Assassins Creed. Den Interview mam Assassins Creed Director Simon Arseneault gouf also net vum David Winter gefouert, mee vun „Mein Audioservice“. Beiträg, déi ee kopéiere kann, fir séier Content an seng Sendung ze kréien - ass „Mein Audioservice“ also esou eppes wéi eng Noriichten-Agence? Mee se si gratis… Also méi eppes ewéi de Robin Hood vun den iwwerfuerderten a gestresste Radios-Reporter*innen?

„PR on Air“, d’Firma hannert „Mein Audioservice“

Hannert „Mein Audioservice“ steet den Native-Advertisment Spezialist „PR on Air“, een Konzern, deen „Hörfunk-PR“ ubitt: „Aufmerksamkeit garantiert! Für unsere Radio-PR-Kampagnen starten wir voll durch mit intensiver Kontaktarbeit. Durch persönliche Ansprache schafft es Ihr Thema so bundesweit on air – mit Live-Moderationen, Ausstrahlungen zur besten Sendezeit und lebendigen Umsetzungen“. Clientë vun „PR on Air“ sinn eegenen Angaben no Firme wéi „AirBNB“, „Amazon“ an eben och de Game-Hiersteller „Ubisoft“ esou wéi „XBox“. Den Interviewpartner, vum David Winter, „de Christian vun der däitscher Gamingredaktioun“ genannt, gëtt hei esou virgestallt: „Bei PR ON AIR unterstützt Christian Goller Kunden bei der Planung, entwickelt Ideen weiter und sorgt dafür, dass das Ergebnis nach Radio klingt – damit es dort auch wirklich zu hören ist“.

Wéi funktionéiert dat Ganzt deemno? Eng Firma wéi Ubisoft beoptragt „PR on Air“ fir Reklamm fir een neit Spill ze maachen. „Mein Audioservice“ produzéiert dann Content, d.h. mécht zum Beispill een Interview mat enger responsabeler Persoun vun Ubisoft, déi all déi positiv Aspekter opzielen däerf. Dëse Content ass esou produzéiert, dass en sech no engem normale Reportage unhéiert – a Wierklechkeet awer reng Reklamm ass, déi vun de Firme jo och bezuelt gëtt. Zu Lëtzebuerg ass den David Winter op der Sich no Content, fir séier nach méi Aktivitéit op den RTL-Site an op de Radio ze bréngen. Hien huet een Account bei „Mein Audioservice“, luet sech d’Bäiträg erof a vereinbaart mat „Mein Audioservice“ en plus ee Gewënnspill, fir de Radiosreportage nach méi interessant ze maachen. Resultat: An der RTL Rubrik „Review“ ass een Artikel iwwer Assassins Creed ze fannen. Native Advertisement leeft sou ënnert dem Numm vun engem Journalist an engem Medium, dat elo „Service Public“ ass. Oder, fir een anert Beispill ze nennen, dat mol net als Gewënnspill gelabelt ass: Wien op RTL.lu den Artikel „Just Dance 2024: Dat perfekt Videospill, fir a Beweegung ze bleiwen“ kuckt, huet keng Chance ze wëssen, dass dat eigentlech eng Reklamm ass.

Onsiichtbar Reklamme sinn zu Lëtzebuerg gesetzlech verbueden. Well awer d’Sue fir d’Reklamm ze bezuele just tëscht Hiersteller an „PR on Air“ gefloss sinn, misst de Fall wuel juristesch gepréift ginn. Kloer ass, dass dëst eng besonnesch hannerhälteg a liddereg Zort vu Product-Placement ass.

Et weist sech eng weider Kéier, dass RTL, trotz Oplage vum Staat, trotz Memberschaft am Presserot an trotz eegenem Ethik-Kodex et net fäerdeg bréngt Informatioune vu Reklamm ze trennen.

Liest hei een Test iwwer d’Unzuel vu Reklammen op der Startsäit vun rtl.lu.