Tom Weidig. Photo: GilPe (CC BY-SA 4.0) | Hannergrond: Tristan Schmurr

Den Tom Weidig, Deputéierte vun der rietsradikaler ADR Fraktioun an der Chamber, huet eng éischte Kéier ëffentlech Stellung zur Diskussioun ronderëm d’RTL-Subventioune geholl. Hien positionéiert sech elo als Verdeedeger vun RTL a vun de staatleche Subsiden: E Schock fir seng Follower*innen, déi zu Dosenden kommentéieren. Et ass awer duerchaus eng konsequent Entscheedung.

Als eenzege Vertrieder vum Parlament an der „Commission de Suivi“ vun RTL, déi d’Anhale vum Konzessiounsvertrag tëscht RTL a Staat iwwerpréift, huet den Tom Weidig exklusiv Ablécker. Dossieren, déi d’Regierung an RTL bis elo geheim halen, leie beim ADR Deputéierten um Dësch. Dem Tom Weidig seng Aussoen an Usiichte sinn deemno decisiv fir eng funktionéierend Kontroll an d’ADR huet sech hei a leschter Zäit an eng favorabel Positioun bruecht. Op dëser mächteger Positioun huet den Tom Weidig elo e Problem: Wann hien d’Finanztricksereien vun RTL kritiséiert, da riskéiert hien, dass Lëtzebuerg an Zukunft eng ëffentlech-rechtlech Tëlee kritt. An dat gëllt et ze verhënneren.

RTL an d’Identitéit vum Land

D’Petitioun N°3001 vum ADR Norden Tresorier Carlo Kirsch, an der dësen ee Subventionéierungsstopp fir RTL fuerdert, wier „géint eis Parteilinn“, sou den Tom Weidig an engem Post op Facebook. An domat hat de Weidig ausnamsweis mol recht: Och RTL1 hat deemols beriicht, wéi schäinhelleg déi Petitioun ass. Sou herrscht offebar Verwirrung an der Partei: Fir wat ass een da lo, a wougéint genee wollt ee scho méi hetzen?

Mam Vote vum RTL- Finanzéierungsgesetz am Mee 2022, versicht de Tom Weidig senge Parteikolleg*innen ze erklären, hätt den ADR eng Positioun en faveur vun der staatlecher Fërderung vum private Mediemonopolist ergraff. D’Wort huet gëschter iwwer dëse Post beriicht, an an den ADR-Reien nogefrot, bleift awer just un der Uewerfläch vun der Ausernanersetzung.

An de Comments zum Post stellt sech den Tom Weidig deelweis der Diskussioun. Hien géif „keng Alternativ“ zur RTL Tëlee gesinn. Senger Usiicht no misst nämlech onbedéngt déi eenzeg aner Optioun, eng „Tëlee 100komma7“, wéi hien d’Kreatioun vun enger ëffentlech-rechtlecher Tëlee nennt, verhënnert ginn. Den ADR gesäit sech dowéinst als Pro-RTL Partei. Wéi och bei anere rietsextreme Parteie sinn net déi kommerziell Privatmedien, mee déi der Demokratie verflichten ëffentlech-rechtlech Medien eng Gefor. Obschonns den ADR an hirem Programm méi Afloss op den Inhalt vum RTL Programm huele wëll, schéngen d’Partei an de Sender bis op kleng Ausname gutt mateneen eens ze ginn, wéi mir hei um Site scho gewisen hunn. Den Tom Weidig geet souguer esouwäit, iwwert d’Bertelsmann-Duechterfirma ze soen „Ouni RTL géife mir vill vun eiser Identitéit verléieren“ an RTL géif „vill fir eis Sprooch maachen“.

Screenshot: Facebook

Kann ee rietsradikalen RTL-Fan RTL kontrolléieren?

Dat brisantst un der Diskussioun: Am Moment kann ausser dem Medieministère just den Tom Weidig RTL wierklech iwwerpréiwen. Hien eleng huet Accès op déi wichteg Dokumenter, déi d’Regierung an RTL der Ëffentlechkeet bis elo virenthalen. Zanter spéitstens dem 31.01. dëst Joer misst RTL deen nächsten Audit iwwer seng Finanze vun 2023 virgeluecht krut hunn. Op Basis vun dësem Audit entscheet sech, op nees Milliounen un RTL ausgeschott ginn. Am Fong ass den Tom Weidig verflicht anzegräifen.

Et ass um Tom Weidig z’iwwerpréiwen, firwat all d’Firmen a Strukture ronderëm RTL Tëlee Lëtzebuerg, z.B. d’Regie Publicitaire IP an d’Techniks- an Iwwerdroungsfirma BCE, mee och RTL Radio Lëtzebuerg an RTL NewMedia (Online) Milliounen-Profitter maachen – awer grad bei der RTL Tëlee praktescherweis dat Millioune-Lach entsteet, dat de Staat dann ze fëllen huet. Den Tom Weidig misst auserneeplécken, wat RTL bewosst a maximal ontransparent zesummegeschweesst huet: d’Vermëschung vu Contenu, Personal a Material tëscht RTL Radio, Tëlee an Online. Wou ginn d’Publicitéitsrecetten, déi um Internet bei Bäiträg vun der Tëlee lafen, verrechent? Vu wiem gëtt d’Personal bezuelt, dat souwuel fir d’Tëlee wéi de Radio schafft? Den ADR Deputéierte misst Drock maachen, Beleeg afuerderen an sech richteg an den Dossier aschaffen.

Mee a senge Facebook-Kommentarer léisst sech ofliesen, dass hien RTL praktesch aus der Hand frësst an de Spin vum RTL-Management widderhëlt - verbonne mat ridiculle Vergläicher.

Screenshot: Facebook

Den Tom Weidig weess och, dass RTL ee Finanzskandal vläit net iwwerstoe géif. An dass dann déi vun de Rietsradikale gefaarten ëffentlech-rechtlech Tëlee entstoe kéint. D’Fro ass deemno: Wëll den Tom Weidig RTL iwwerhaapt anstänneg kontrolléieren?