METEO - Meteolux mellt
Frësch Saison
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 01:01 bis 00:49 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
De_Jonggesell03.07.2023Als Rapporter vun deem Gesetz, dat hei kommentéiert gëtt, wollt ech Iech just iwwer di kloer Conditiounen informéieren, ënnert denen et zu enger Zwangsmoossnahm komme kann. Éischtens ass dat zënter 1980 méiglech, ass awer a 40 Joer nëmmen eng Kéier applizéiert ginn. Zweetens kann di Zwangsmoossnahm nëmmen ugewandt ginn , wann en nogewisen Infizéierten sëch drop behapt aner Leit kënnen ze infizéieren, an net agesäit, dass hien doheem soll bleiwen oder wann hie Fleeg brauch an engem Spidol behandelt soll ginn. Dann huet de Schutz vun de Leit ronderëm hien fir eis Prioritéit. An och wann hien dann aus dem Verkéier gezunn gëtt , kann hie jidferzäit zur Vernunft kommen, huet Appellméiglechkeeten an Dokteren vun der Santé a Richteren suergen dofir, datt hei kee vernënftege Mënsch zu Onrecht agespart gëtt. Ech jiddefalls sinn der Meenung datt et e Recht op Gesondheetsschutz fir d’Allgemengheet gëtt net awer e Recht als Virusbomm anerer unzestiechen an suguer hiert Liewen op d‘Spill ze setzen. Ech stinn zu dene Prinzipien a genee dat ass d‘Ziel vun deem Punkt aus dem Gesetz. Iwwregens, an dësem Forum braucht Dir keng Masken!
-
WouereschtdeetWei03.07.2023Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.