Photo: ©SMC

Am zweeten Deel vun der Serie geet et ëm vill waarm Loft an hallefhäerzeg Ofsécherungen am éischte Kapitel.

Nom Virwuert vum Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL ass dat éischt Kapitel mam Titel „Mission de service public“ ze fannen, deen dann an eng Intro a véier Deeler strukturéiert ass. Nieft den „Engagements généraux“ sinn dat spezifesch Reegele fir Tëlee, „Radio sonore“ an „plateformes digitales“. Am Follgende gëtt sech d’Intro ugekuckt.

Schonn an der Intro mierkt ee séier, dass déijéineg, déi dës Konventioun geschriwwen hunn, engersäits een Text schafe wollten, deen no méiglechst vill Prinzippien, Oplagen a Grondsätz kléngt, mee deen anerersäits ni sou konkret gëtt, dass RTL sech schlussendlech wierklech un iergendwellech Reegelen hale misst. Alles, wat net am Fong souwisou schonn duerch aner Gesetzer festgeluecht ass, bleift vage.

E ganz normalt ëffentlech-rechtlecht Medium, wéi all déi aner?

Sou heescht et an der Intro: „Cette mission est exécutée, chaque fois que cela n’est pas impossible en raison de circonstances ou de conditions spécifiques au Luxembourg, par référence aux recommandations et déclarations adoptées au niveau international et notamment par référence à la Recommandation du Comité des Ministres aux Etats membres sur la gouvernance des médias de service public adoptée le 15 février 2012, ainsi qu’à la Déclaration relative aux valeurs fondamentales des médias de service public de l’Union Européenne de Radio-Télévision (UER)“.

RTL soll sech also un d’Grondsätz an d’Wäerter vun der UER (bzw. EBU), der European Broadcasting Union halen, enger Allianz vun den ëffentlech-rechtleche Medien. D’RTL Virgängerin CLT wor laang Member vun der EBU fir den Eurovision Song Contest mat ausféieren ze dierfen, huet dann awer fonnt, dass d’Membersbaiträg ze héich wieren an sech zeréckgezunn. Dat wor konsequent, ëmmerhi steet d’EBU fir alles dat, wat d’CLT-UFA, a besonnesch de Mammekonzern Bertelsmann, ni wor an ëmmer strategesch bekämpft huet. D’EBU steet fir ëffentlech-rechtlech Medien, déi sech am Optrag vun den Demokratië gesinn an als Géigepol zu de kommerzielle Medien. D’EBU steet awer net just ideologesch mee och an der Praxis de kommerzielle Medien als Konkurrentin géigeniwwer: zum Beispill bitt och d’EBU mat wann et drëms geet d’Tëlees-Iwwerdroungsrechter fir grouss Sport-Events ze kréien. Dass een onspezifizéierten Deel vum RTL-Programm, deen als „Mission de service public“ gëllt sech elo un deene „fundamentale Wäerter“ vun der EBU orientéiere géif ass beschtefalls naiv. An dowéinst gesäit de Konzessiounsvertrag jo och vill Plaz fir Ausname vir, fundamental Wäerter gëlle jo just: „chaque fois que cela n’est pas impossible en raison de circonstances ou de conditions spécifiques au Luxembourg“. Eng perfekt Ausried fir all Situatioun.

RTL, ee modernt Medium am digitalen Zäitalter

E weidere Punkt an der Intro: „Cette mission de service public doit être assurée de manière dynamique et moderne, en tenant compte des évolutions des technologies et des besoins des publics. Pour la mise en oeuvre de cette mission, CLT-UFA utilise au mieux les opportunités offertes par les différents moyens de diffusion, de distribution et de réception électroniques à l’ère numérique.“

Wat heescht dynamesch a modern? Wat ass mat „évolution des technologies“ gemengt? Et sinn eidel Wierder vun deenen een net den Androck lassgëtt, dass se direkt aus dem DP Walprogramm stamen. Wat ass mat „besoins des publics“ gemengt? Wéi ee Public? D’Situatioun vun de Publicken ass zu Lëtzebuerg extreem komplex, mee am Konzessiounsvertrag gëtt „Public“ net definéiert. Wéi gëtt RTL de Besoine vun dem Public vu Jonken ënner 25 Joer gerecht? Wéi eng Besoine gesäit RTL bei der arabesch-sproocheger Community zu Lëtzebuerg? Gehéieren d’Frontalieren zum Public? Wat ass mat dem Public mat portugisescher Migratiounsgeschicht? An weider: wat soll et heeschen, dass RTL „au mieux“ verschidden Diffusiounsmëttel benotzt? Firwat gëtt hei vun „elektronescher Rezeptioun“ an dem „digitalen Zäitalter“ geschwat? Dat heescht alles a virun allem näischt. Et bënnt RTL och un näischt. Kéint eng Persoun aus dem „Public“ sech bei RTL op Basis vun dësem Vertrag beschwéiere kommen, mam Virworf, dass RTL net dynamesch genuch seng Missioun erfëllt?

No de Floskelen aus der Intro, gëtt sech am nächsten Deel vun der Serie d“”Engagements generaux“ ugekuckt. Gëtt et hei endlech konkret?