FOTOEN - CGDIS mellt
Trakter a Flamen zu Lehmkaul
Photo: nes jumpman
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kriddelschass24.08.2023Freier goufen et och vill Demoen,wou dei Jonk et organieseiert hun.Gut dass et do nach keng Sozial Medien gouf wou Leit hier Kommentarer geschriewen hun. Doen dei iech weih?Beanträchteg daat är't Liewen? Steieren se iech wann dei puer op Stroos gin? Mech net,also gesin ech keen Grond mein Frust hei eraus ze loosen. Leben und Leben lassen,as eppes waat ons Gesellschaft net mei kennt.
-
Mellechmann24.08.2023Et ass eng Senn an eng Schaan datt et sou eppes nach get. Ech sinn fir méi Roboter an nach méi Technik made in China.
-
De_Jonggesell24.08.2023D'Populatioun wiisst ze séier, dat ass evident. Fir datt de Bausecteur de Retard kann ophuelen, misst serieux a nohalteg iwer e Ralentissement nogeduecht ginn. Mee dat schéngt en Tabu-Thema ze sinn; et pour cause...
-
EsouAwerNet24.08.2023Top Diddeleng, déi ganz Équipe huet zäitweis wéi aus engem Goss gespillt, vläit och e Verdéngscht vum neien Coach ? Eraus gestach hunn iewer besonnesch de Sinani an de Schnell! Denken dass besonnesch den D.Sinani net méi laang wäert Amateur bleiwen. Dat wier zwar schuet fir Diddeleng, mee gutt fir ons Nationaléquipe. A propos Nationaléquipe, firwat steet de T.Schnell nach ëmmer net am Kader vun de roude Léiwen ? Mat der Leeschtung (an dat schonn iwwer länger Zäit) muss deen einfach gesat sinn.... hei muss wuel een iwwert säin Schiet sprangen ... allez Holz/Schnell, setzt iech zesummen a kläert äre Litige! An un RTL, mam Marc Oberweis hutt dir genau de richtegen Mann fir d ‘Analysen vun de Matcher, do mierkt een dass dee Mann laang um Terrain stoung. Seng Analysen setzen an hien scheit och net fir Problemer unzeschwätzen. Weider esou!
-
Mausketti224.08.2023E ganz pertinenten Artikel. Virun e puer Wochen hätt ech blannemännerches fir eng Impfpflicht plädéiert. Elo wann een sech d’Entwëcklung vun der Pandémie ukuckt, neie Variant, heich Ustiechsraten, Geimpfter gin ugestach an krank etc. Ech wär elo net meih iwwerzeecht vun enger Impfpflicht well et menger Mehnung neischt geif bréngen. An et ass ze spéit fir se elo anzeféieren, wann et just ass fir déi Net Geimpften ze schickannéieren dann loosst et sin. Ech sin iwweregens geimpft a geboost.
-
Knueterbatti24.08.2023Verglächt een d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten op eise Stroosse proportional mat deenen an de Nopeschlänner, da sinn et der hei nach ëmmer ca. 25% méi wéi do. Soll dat alt net mat engem gesellschaftleche Problem zesummenhänken? Datt den Eenzelne sech selwer hei net méi genuch wäert ass. Datt e sech net bewosst ass wat e sech selwer schëlleg ass. Datt en dofir net op sech selwer oppasst, wann e sech an ee Gefier setzt fir op ëffentleche Stroossen ze fueren. Dofir gëtt awer samschdes eng Stonn laang de Statussymbol Auto gebotzt. Fir datt en nëmme blénkt. Wat soe soss d'Kollegen an d'Frënn.
-
WaatSaachen24.08.2023Ouni elo héi eng Meenung ze artikuléieren iwwert Impfpflicht, Fake News, Radikaliséierung, erstaunt mech Ausso vum Här Wies. Hien wonnert sech indirekt doriwwer wann 2 Députéierter eng Plainte maan géint een Journalist, wann den sie beim Numm nennt a sie als "nidderträchteg Knaschtsäck" betitelt. Also ech fannen do ass awer ganz wuehl eng Grenz iwwerschrat an et ass normal, dass déi zwee dogéint virginn. Ech fannen dat iwwerdems een absoluten No-Go fir een Journalist.