FOTOEN - Tëscht Buurschter Millen an Wollefsmillen
Fernlaster rennt an Taxi
Photo: Sam Greenhalgh
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_Kneckert24.06.2023Déi Brite si ganz raffinéiert a wann et fäerdeg ass dann hunn si déiselwecht Virdeeleer wéi d'Memberstaaten ouni eppes an d'EU-Keess ze bezuelen. Elo muss den Här Juncker awer soen datt Schluss ass mam Datum, well soss gëtt dat do eng "newer ending story". Virun allem däerf d'EU elo net nach Konzessioune maachen. Well wann dat geschitt da seet den Här Barnier zu senger Regierung: Frexit, an dann ass d'EU um Enn.
-
haldechkleng24.06.2023Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Knueterbatti24.06.2023Also wierklech,wat soll dat,ok Messi as en Groussen,mee des Kéier hätt et awer den Lewi verdingt.
-
Knadderhary24.06.2023Ech fannen et e NO GO wann eng Partei d’Leit regelrecht benotzen déi bekannt sinn, sierf et duerch Sport oder soss eppes, an dat just fir e puer Stëmme méi ze kréien?! Ech denken, dass wann e Mënsch sech wirklech fir Politik interesséiert, en dat souwisou a senge jonke Joeren decidéiert a selwer weess wéini de Moment do ass?! Wann ee sech awer decidéiert eng Famill ze grënnen, missten d’Kanner, esou ewéi dir dat selwer sot Madamm, de Mëttelpunkt sinn a bleiwen. D’Kanner verlangen weder Crèche nach maison relais, mee éischter esouvill wéi méiglech d’Präsenz vun den Elteren! Et profitéieren net nëmmen d’Kanner doduerch, mee och d’Eltere selwer wann se gesinn wéi se sech entweckelen a wéi dankbar se duerno sinn?! Et ass fir mech einfach déi schéinst Episode am Liewen!!! Well ech mech e puermol fir dem Vollek säi Wuel mat Succès engagéiert hat, wor ech och gefrot ginn fir an d’Politik. Ech sinn haut nach frou, dass ech nee gesot hunn, zemols wann ech gesinn wat do säit 20 Joer leeft
-
den_Kneckert24.06.20230 Emissiounen , naja ,mir wësen et jo ;-)
-
Misanthrop24.06.2023Herr Bettel,Mme Lenert Gastronomie 23 Auer dicht,2100 Neinfektiounen,dir selwer sot,dat bescht ass nach emmer Kontakter vermeiden,dann erkläert mer w.e.g wisou elo schonns nees Reklamen op Volltouren lafen fir verkafsoppen Sonndeger mat iwwerfellten Surfacen,merci
-
den Trellert24.06.2023De bëschte Riedner vun der ganzer Chamber ! De Rëcktrett ass awer och de lëschte Nol an de politesche Sarg vum ADR zu Lëtzebuerg...
-
Letzebuerger_Patriot24.06.2023"Wat d’Benotze vun engem Mondschutz am Tram ugeet, géif dees Mesurë gutt vun de Leit acceptéiert ginn." D'Leit haten keen Choix, deemno kann een héchsten soen, "gutt vun den Leit agehaalen ginn"!