FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Reesbus a Flamen zu Kautebaach
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Egalwat05.06.2023Et get naischt, wat eis Politiker mei färten wei en Referendum. Dann mussen se nämlech nes mat 2 Feiss op den Buedem kommen. Den läschten Referendum as net thematiseiert gin, mä enneschten Tirang eraus gehol gin fir dei Leit, dei Neen gesoot hun. Probeiert emol anstänneg ze erklären (Siehe Schwaiz), dann kritt der och Ergebnisser.
-
Mister X05.06.2023Ech fannen et e NO GO wann eng Partei d’Leit regelrecht benotzen déi bekannt sinn, sierf et duerch Sport oder soss eppes, an dat just fir e puer Stëmme méi ze kréien?! Ech denken, dass wann e Mënsch sech wirklech fir Politik interesséiert, en dat souwisou a senge jonke Joeren decidéiert a selwer weess wéini de Moment do ass?! Wann ee sech awer decidéiert eng Famill ze grënnen, missten d’Kanner, esou ewéi dir dat selwer sot Madamm, de Mëttelpunkt sinn a bleiwen. D’Kanner verlangen weder Crèche nach maison relais, mee éischter esouvill wéi méiglech d’Präsenz vun den Elteren! Et profitéieren net nëmmen d’Kanner doduerch, mee och d’Eltere selwer wann se gesinn wéi se sech entweckelen a wéi dankbar se duerno sinn?! Et ass fir mech einfach déi schéinst Episode am Liewen!!! Well ech mech e puermol fir dem Vollek säi Wuel mat Succès engagéiert hat, wor ech och gefrot ginn fir an d’Politik. Ech sinn haut nach frou, dass ech nee gesot hunn, zemols wann ech gesinn wat do säit 20 Joer leeft