FOTOEN - Tëscht Eechelbuer an Eesebuer
Avion kënnt net laanscht Auto
Photo: Stefan
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
luxusbuerger02.02.202420De Staat profitéiert steierlech vun der Inflatioun, an et get sech emol net genéiert. Paradox as awer och d'CSV: "schaffen muss sech lounen"! Awer gläichzäiteg soll de Spetzesteiersaatz an d'Luucht goen. Dat heescht et soll een schaffen, awer net encouragéiert gin méi ze verdéngen?
-
de_Feierbop02.02.20241118Ee Skandal wa Frankreich elo de Biontech blockéiert. Mir sollte séier aus der EU eraus. Ech mengen Lëtzebuerg soll bei Biontech déi 1,8 Milliarden Dosen ofkaafen. Da kéinte mir vun haut op mar jiddereen dee well impfen. Zeguer 3 Mol. Déi leideg Prioritéit Diskussioun wier fäerdeg. An duerno hätte mer nach genuch fir vill Leit aus onsen Caritasgebitter glécklech ze maachen. Här Asselborn, tommelt iech soss as Deitschland nees virun ons!
-
Duke_of_Lux02.02.202491wei as et dann mat.deem am.Bambesch? Deen wousst dat en positiv war an as awer gang, oder net?
-
Nei_Hei02.02.2024289Et brennt un villen sozialen Ecken am Land; Loyer/Preis vun Immobilien, Immigration/Integratioun, Aarbescht, Problemer am Educatiounssystem. Fir dei Themen dei eng Majoriteit betreffen get keen Zirkus gemach, mais fir een Casier, (deen natirlech ned korrekt an der hinsicht as dass keen dovunner eppes wousst) deen wirklech ned vill leit bis elo Betraff huet esou een Zodi, oh mai!
-
jangmetti02.02.202464Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.



