FOTOEN - Tëscht Mënsbecher Schlass an Kultgeshaff
Rudderboot kritt Blumm ze paken
Photo: Ethan Smith
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den Trellert21.12.20221) Ouni Bauer, kee Wees, kee Brout! 2) Ouni Bauer, keng Kou, keng Mëllech! 3) Ee Bauer schafft all Dag rondrëm d‘Auer. 4) Bio kann d‘‘Welt net ernähren, well den Ertrag vill méi kleng ass, ass also ee Luxusproduit. 5) Bio brauch vill Bio-Dünger = Piff a Mëscht, duerfir schléisst sech vegan a bio aus. Mir brauche vill Kéi fir biologesch düngen ze kënnen. 6) D‘Unzuel vu Kéi pro Haff an der EU ze decklen mécht kee Sënn wann an aner Länner bis zu 50000 Kéi op enger Farm gehale ginn.
-
Yuppy21.12.2022Lues a lues get d’Loftblos méi déck an dann platzt déi wei iwerall an Europa... effet a retardement mat direkter Konsequenz.
-
Aniwregens21.12.2022Eng grouss victoire fir den E.Macron 👍 Hien as elo fir d'zweet gewielt gin, seng Viirgänger net. Hien huet 18% méi Stëmme kritt wéi Le Pen. Hie wees wat seng nei Regierung elo bidde muss a wien hien mat an d'Boot juele muss. E smarte Borscht 👍👍
-
de_Fern21.12.2022Gellen dann och elo Quoten um Bau?Haalt dach endlech op mat deem Gesteppels.
-
Trump197821.12.2022Awer en neien schéinen gréngen bespillbare WUES fir den Stde Josy Barthel daat fonktionnéiert innerhalb vun e puer Deeg!
-
LuxTroll21.12.2022Deet mer leed, mais daat do ass erem en Beweis fier naiwt Gutmenschentum. Ech ging der Mme Kinsch proposéieren emol während 3 Woch entweder an d'Stroossbuergerstrooss oder aal an d'nei Avenue ze kommen an sech daat ukucken. D'Leit kréien d'Kellerdieren opgebrach hier Entréesdieren gin als Toilette benotzt. D'Leit kréien vun denen aarmen Drogéierten hiert Egentum futti gemét an verknascht. Wén schützt dann déi Bierger do virdrun, se mussen fier den Schued dén se gemach kréien selwer opkommen. Ech war och emol esou naiv, schaffen awer ewell zenter 5 Joer hei an der Stoosbuergerstrooss an ganz éierlech mäin Matleed ass séier verflunn. D'Leit hei gin vun der Politik am Stach gelooss, siewt et vum Minister oder der Mme Burgermeeschter. Et ging Zäit gin dass d'Leit nach méih op d'Strooss gin, well esou gut ewéi eis déi Politiker déi elo um Ruder sin wellen anrieden, esou gut gét et eis hei net. Well se den Leit schéin Geschichten erzielen, d'Wiehler awer am Stach loossen.
-
guy121.12.2022Déi Brite si ganz raffinéiert a wann et fäerdeg ass dann hunn si déiselwecht Virdeeleer wéi d'Memberstaaten ouni eppes an d'EU-Keess ze bezuelen. Elo muss den Här Juncker awer soen datt Schluss ass mam Datum, well soss gëtt dat do eng "newer ending story". Virun allem däerf d'EU elo net nach Konzessioune maachen. Well wann dat geschitt da seet den Här Barnier zu senger Regierung: Frexit, an dann ass d'EU um Enn.