Photo: Kris (Pixabay)

Police mellt eng jett Abréch.

Verhaft no Abroch zu Dikrech

Am fréien Nomëtteg vum 13. Februar 2024 gouf op der Sauerpromenade zu Dikrech en Täter bei d’Police gemellt, deen amgaangen an en Haus anzebriechen. Wéi hien d’Präsenz vun zwee Noperen gemierkt huet, huet hie probéiert ze flüchten, awer ass um Enn gefall. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoum, war de presuméierten Abriecher scho vun den Noperen immobiliséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an de Moien drop virun en Untersuchungsriichter bruecht.

Méi Abroch gemellt

An der Nuecht vum 14. Februar 2024 gouf en Abroch an de Raimlechkeete vun enger Tankstell an engem Akafszenter op der Arelerstrooss zu Uewerpallen gemellt. Éischten Informatiounen no hunn d’Täter d’Dier vun der Tankstell opgebrach, fir op d’Gebai vun der Tankstell an den ugrenzende Akafszenter ze kommen. Si hunn duerno verschidden Tubaksprodukter a Bijouen geklaut ier se an eng onbekannter Richtung geflücht sinn. Police Forensik war op der Plaz an eng Enquête gouf lancéiert.

An der selwechter Nuecht gouf zu Lëntgen en Abroch an enger Bar an der Rue de la Gare gemellt. D’Täter hunn eng Fënster gebrach fir eran ze kommen. Si hunn dunn eng Spielautomat opgebrach a mat de Suen dobanne geflücht. D’Ermëttlungen goufen an deem Sënn lancéiert.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.