TELEE - De Kontext
Braucht d'Press d'Konscht? An, alles paletti?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
- Eric Thill, och mat dobäi wéinst der Nord-Quot
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
-
De_Popst23.05.2024Daar war jo kloer... Geet em vill Suen!🤷♂️☝️
-
de_Feierbop23.05.2024Wann een héiert, dat Leit scheinbar kee Printer hunn... awer dann all Joers den neitsten Handy. Och d’Argument matt de Cartouchen weist, wéi wäit d’Leit denken. Da kaaft iech en anstännege Laserprinter, dann hutt der dee Problem net. An op d’laang Weil gëtt et och méi bëlleg wi mat äere Wegwerfprinteren. Et muss een sech och mol bessen informéieren ier een egalwat keeft.
-
Josy_Barthel23.05.2024Jiddereen soll säin Iessen selwer zillen, dan hätten sie op jiddefall keng Zäit méi fir hei dämlech Kommentarer ze schreiwwen, a giffe mierken, dass sie vun tuuten a blosen keng Ahnung hunn, a missten vill Honger leiden.
-
BAARTJANG23.05.2024Wann ech all děi gehåsseg Commentairen hei liesen da froen ech mech wéi frustéiert dach vill Leit musse sinn. Ech sinn houfreg op eise jonken a coole Premier, hie brauch Samschdes net a Costume a Cravatte am Studio vun RTL ze setzen, hie mecht e Super Job an ech hoffen datt hien eis nach laang erhale bleiwt.
-
Populiste23.05.2024Firwat hu mir 31 Doudesaffer mat 0,6 Mio Awunner an Saarland nemmen 20 mat 1 Mio? Déi Fro bleiwt nach emmer opstoen. Journalismus ass méi, wéi Artikelen iwwert Pressekonferenzen ze schreiwen.
-
Populiste23.05.2024Wat mech einfach steiert bei denen gespreischer as einfach das mär vireideroll mussen beweisen!! Mär sin en land mad reicher madbieger an armer!! Net virneischt ged gsot. Luxembourg est Monaco. Sie sollen einfach soen dei mei arm smussen goen. Politik huet mega geschefter gemach Gin mat de russen.primen sin bezuelt gin vir condensatiounn heizung. Blamage total
-
Trump197823.05.2024Deutschland huet 3355 Fäll pro 1.000000 Awuner Stand 25.09 gedehlt durch 10 ----335 pro 100.000 also Grenz zu Luxembourg zou ferdech och ander Belch an an Frankräich ass ett nett besser Grenz zou schluss.Sou an elo gieff ech emol gär gesinn wien an den Spideller an an den Grand-Surfassen Arbecht mecht....durfir lossen mir jo Grenzen ob an wann se der 10.000 op 100.000 hun.....