TELEE - De Kontext
Den noen Osten - An, alles paletti?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
- Claude Wiseler, éischten ale wäisse Mann vum Land
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
- Michel Wurth, gesäit just aus, wéi wann e Läichen am Keller hätt
- Tom Flammang, RTL Sportsredaktioun
-
Waat_dann07.12.2023Ech reselen de Kapp... déi Meldung un d'Presse war just fier d'Inland geduecht fier de Leit hei am Land Sand an d'Aen ze streen... reng PR! Als Greng an d'Flillecken klappen dass de Wieler hei mengt, gréng Politik géing onser Regierung um Härz leien. Wann sie et eescht mengen géif, hätt sie sech mat onsen belschen Noperen a Kontakt gesaat. Vlaicht soll se sech einfach weider ëm letzebuerger Gardenheisercher këmmeren. Daat wierkt!
-
kartoffel07.12.2023Wéi eng Konkurrenz? 🤣
-
luxusbuerger07.12.2023Eis Gréng hunn den Moment een Opmierksamkeetsdefizit, dofir schéissen se lo bëssen séier 😜😜