TELEE - De Kontext
De Fridden retten ouni ze nerven - Quo Vadis?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Fred Keup, gescheiterte Geos-Proff
- Claude Meisch, Superminister a Minister fir alles
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- Jean-Louis Siwek, weess näischt kann awer alles erklären
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
-
kleinGEIST12.10.2023Ech hoffen a wënschen den Italiener dass dei Pandemie zur Rouh kennt ! An och dass dei ganz Pandemie sech berouescht ! Obwuehl Letzebzerg nach nett iwert de Bierg ass ! Allegueren zesummen hâlen dann packen mer den COVID-19 an hien nett eis ! Bon Courage ! Auguri, Forza e Coraggio Italiani !
-
NONDIKABES12.10.2023alles guddes onser grand duchesse fir hieren geburtsdag! ech sin traureg dass dat hei ennert ferner liefen bruecht get! sie huet onsen grand duc begleet, hien ennerstetzt, onsen héritier gebuer an soll elo ignoréiert gin.
-
Waat_een_Kaabes12.10.2023Ech kann nëmmen äus Erfahrung soen, datt déi mëschten Äuslänner sech nët fir lëtzebuerger Politik interesséieren, do kann een souvill Informatioun bedreiwen wéi ee wëll! Vill vun deenen Äuslänner kennen keen deen op deene Lëschte steet a si just frou wann se all Mount finanziell iwwert Ronne kommen, de Recht as hinnen egal. Ech haat mol viru längerer Zäit, et war déi Zäit wou de Juncker nach Premier war matt verschidden Äuslänner geschwaat, déi woussten mol nët datt mir éng Monarchie sin an e Grand- Duc hun, déi duechten tatsächlech den Här Juncker wier Präsident vu Lëtzebuerg! Fir mech wëll déi Asti sech nëmme wichteg maachen a sie liewen an énger illusorescher Welt! Den mëschten Äuslänner as et zimlech egal op lo éng CSV, LSAP, DP, KPL, GRENG oder wéi éng Partei och ëmmer um Rudder as, si kenne keen Ënnerscheed zwëschen deene verschidden Parteien! Do kënn der souvill Informatioun bedreiwen wéi der wëllt!
-
Knadderhary12.10.2023Eng einfsch Method fir Minister zeginn, ass net op enger Lescht zestoen an dann als Quereinsteiger ministesch Platz zebesetzen.
-
Neckel300012.10.2023Virwaat sou een fiktiven Prozess maan wou et jo kloer as wien am Fehler as. Zitat: „Deen hätt en Accident gehat, well e sech ze vill op säin autonomen Auto verlooss hätt. An deem Ament wéi den Auto him e Problem gemellt a gesot hätt, hie misst d'Steier erëmhuelen, hätt den Här Müller keng Gefor gesinn. Ma dowéinst wier den autonomen Auto an e Foussgänger gerannt.“ Heibei handelt et sech jo em een semi-autonom Gefier wou nach een Chauffeur muss agreifen. Den Chauffeur huet hei jo ganz kloer geint Opfuederung vun der Technik gehandelt. Fro wou sech awer iwerall stellt as wann dei Gefierer bis komplett autonom fueren wien dann Responsabiliteit iwerhëllt am Fall vun engem Accident. Daat wier hei interessant gewiercht duerchzespillen.
-
Politmotor12.10.2023Die Leute sind verschieden, Här Pündel, so wie die Musik. Die einen hören Soft Machine, die anderen Micky Krause andere mögen Klassik. Für jeden Geschmack gibt es etwas. Und dann gibt es noch die, mein Grossvater aus Wormeldingen pflegte zu sagen, „Wo man sing da lass dich nieder, böse Menschen haben keine Lieder“ Und was mag Herr Pündel, keine schwarze Les Paul, das wissen wir jetzt.😂🤣🤣😂