TELEE - De Kontext
D'Tripartite - Och zu Lëtzebuerg?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Charel Goerens, elder Statesman
- Etienne Schneider, fréiere Wirtschaftminister, Verwaltungsrotsmember a Genéisser
- Tom Flammang, RTL Sportsredaktioun
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
- Michel Wurth, gesäit just aus, wéi wann e Läichen am Keller hätt
-
NONDIKABES24.08.2023Als Rapporter vun deem Gesetz, dat hei kommentéiert gëtt, wollt ech Iech just iwwer di kloer Conditiounen informéieren, ënnert denen et zu enger Zwangsmoossnahm komme kann. Éischtens ass dat zënter 1980 méiglech, ass awer a 40 Joer nëmmen eng Kéier applizéiert ginn. Zweetens kann di Zwangsmoossnahm nëmmen ugewandt ginn , wann en nogewisen Infizéierten sëch drop behapt aner Leit kënnen ze infizéieren, an net agesäit, dass hien doheem soll bleiwen oder wann hie Fleeg brauch an engem Spidol behandelt soll ginn. Dann huet de Schutz vun de Leit ronderëm hien fir eis Prioritéit. An och wann hien dann aus dem Verkéier gezunn gëtt , kann hie jidferzäit zur Vernunft kommen, huet Appellméiglechkeeten an Dokteren vun der Santé a Richteren suergen dofir, datt hei kee vernënftege Mënsch zu Onrecht agespart gëtt. Ech jiddefalls sinn der Meenung datt et e Recht op Gesondheetsschutz fir d’Allgemengheet gëtt net awer e Recht als Virusbomm anerer unzestiechen an suguer hiert Liewen op d‘Spill ze setzen. Ech stinn zu dene Prinzipien a genee dat ass d‘Ziel vun deem Punkt aus dem Gesetz. Iwwregens, an dësem Forum braucht Dir keng Masken!
-
Populiste24.08.2023Dat ganzt do ass just nëmmen nach fir de Kapp ze rësëllen. Et grenzt shons bal un Spillschoul....!!
-
Knouterer224.08.2023Einfach nëmmen nach traueg wéi blauäugeg Vollek ass. Loossen sech vun alles blenden zumols vun der Politik. Titanic geet eng zweete kéier ënner.