TELEE - De Kontext
Wieren sech d'Fraen genuch géint d'Jugendaarbechtslosegkeet? Pro a Contra.

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Charel Goerens, elder Statesman
- René Winkin, FEDIL an dee béisen a Star Wars
- Fernand Fehlen, Besserwësser
- Jean-Louis Siwek, weess näischt kann awer alles erklären
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
-
Trulla03.08.2023Tip top geschwaat 👍
-
Meckerhary03.08.2023Landesplanung ass d'Wuert, an do si mer néierens, an dësem Land. Et ka nët sin dass d'Gemengen an de Staat déi ellen a sënnlos Appartementsschongkëschten an eisen Dierfer weider wéi Onkraut spréissen lossen. Et ass vollkommen idiotesch logerment de Masse an eisen Dierfer wou all Stonn vlaicht ee Bus derduerch fiert bauen ze lossen. Déi Stéit brauchen dann een bis drei Autoen wann d'Kanner bis grouss sin, well jo d'Businfrastruktur nët nozitt. Et gëtt Leit déi sech iwwer eidel Bussen opreegen, ech reegen mech op dass ee Moies keng Plaz méi am Bus huet, well nëmmen een an der Stonn hei fiert, an dass mein Duerf zur ellener Schloofgemeng mutéiert well eis Landesplanung eben keen Plang huet. Dëst Land brauch een Audit, fir dass endlech définéiert ka gin wa mer eigentlech brauchen, an daat ass définitiv nët deen liberalen guer nët nohaltegen Wuesstum deen den Regierung ënnerstëtzt a fuerdert. De Gemengepapp argumentéiert dann eben dass Leit an der Gemeng Finanzement bedeit,an de Bauer/Spekulant/Promoteur dreemt sech irrtümlech als Beitrag zur Léisung vun der Wunnproblematik hei am Land a fëllt sech niewenbei d'Täschen, um Bockel vum Land a senger Bevölkerung. Ech hoffen dass lo glaich een do d'Handbrems fënnt, well daat geet garantéiert soss voll an d'Mauer.
-
gestressten03.08.2023"D'Leit solle kënnen decidéieren, wie se op Regierungsniveau dirigéiert" Wat soll da vill Gescheites dobäi rauskommen? Déi verhaaste Gréng wäre mol direkt net méi dobäi, well d'Emwelt as de meeschte Landsleit keen Cent wert, Haaptsaach de Benzin gëtt méi bëlleg, d'Landwirtschaft kritt keng Oplage méi wéinst der Waasserqualitéit an dem Déierewuel, Bëscher gi rem rentabel fir d'Holzwirtschaft, asw. asf. Onbegrenzte Wirtschaftswuesstem a Konsumwahn bis zum Kollaps. Dann hu mer et net anescht verdingt.