TELEE - De Kontext
Wiert sech d'Tripartite genuch géint den noen Osten? Keng Urgence méi oder grad elo?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Fernando Kartheiser, Tripple-Agent, Mann.
- Tom Flammang, RTL Sportsredaktioun
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- Charel Goerens, elder Statesman
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
-
JEAN-FRANCOIS13.07.2023"Deguerpissement" vir déi Lieser, di desem therme nett direkt verstin, déi Leit gin aus dem appartement verdriwen. Ass schon bessen komesch, locatairen kréien den Revis an de propriétaire hätt se gaer aus der Wunneng...ein schlem wer böses denkt.
-
gestressten13.07.2023Et gouf mol sou en Spill, „Sim City“… Wann d’Awunnerzuël roofgaangen ass, an Awunner eng Staat Verloos hun, War en en schlechte Buergermeeschter oder huet eppes falsch gemaach… Ass hei net vill aanescht. Prinzip bleiwt dee selwechten. Letzebuerg huet einfach näischt mei waat een kann heihaale, wann ee bis mierkt dass Geld net alles ass. Sur ce, schein Ouschteren