TELEE - De Kontext
Wéi besser d'Impfung schützen ouni den Aarmutsrisiko ze verdaiwelen? E Mënscherecht oder Luxus?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- Fernand Fehlen, Besserwësser
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
-
Emmer daat selwecht06.07.2023Do ass d'Liewen nach méi deier wéi hei an d'Wieder ass och net besser.
-
Tata-Sidoni06.07.2023Ech krut virun zwou Wochen eng Invitatioun fir bei där Etude matzemachen a wollt dat och machen. Ech hun dunn allerdings nach nie esou eng Katastrof gesinn. All Ableck ass d'Verbindung mam Server ofgebrach. Am Ufank huet et nach nom zweeten oder drëtten Versuch geklappt fir d'Säit ze lueden, mee wéi et op deenen läschten Säiten och nom zengten Versuch nach nit geklappt huet, hunn ech genervt opginn. Schued fir déi méi ewei eng hallef Stonn déi ech dobäi verplempert hunn, fir zum Schluss dach keen Resultat ze hunn...
-
Weltbiirger06.07.2023Wann ech op der Arbecht mein Chef sou kritiseiren kann ech mech och no enger neier emkuken.
-
HeiMengMeenung06.07.2023Virwaat nett mol vum Beienstierwen algemeng schwätzen? Wann emmer vun der "Hunnegbei"riets geet,geseit een wei materialistesch mir denken.Souvill ech wees sin d´Bommelen nett vun der Varroa-Milb betraff,an si sin um ausstierwen.Duerch Pestiziden,Mangel un Trachtplanzen an Buedemversiegelung wouduerch och hier Näschter zersteiert gin. Mir wessen waat mer musse maan, virwaat gett dann nett endlech gehandelt?
-
tetrapack06.07.2023« Dierft » ofgesechert sinn? Pardon, mee sou e Sproch geet fir dem Här Turmes seng Gehaltsklass net duer.
-
KengduebelMandater06.07.2023Den Télètravail ass ërem esou eng Schäindebatt déi gefouert gëtt an déi och nach un den Bediérfnisser vun villen Bierger verbäi gefouert gëtt an dréit den Suergen an den Problemer vun villen Schaffenden an och villen vum Partonat keng Rechnung. Den Télètravail bezitt sëch nëmmen op bestëmmten, spezifësch Beräicher. Ët maach sin dass esou Aarbëchtmoosnahmen virun allem Bürokraten zegudd kommen awer vill aner Mënschen kënnen guer näischt mat den Thema ufänken an si zéien keen Notzen doraus, am Contraire. Ëch hun z.b. elo schon eng ganz laang Zäit mat Bau an Renovatiounsfirmen ze din an déi Aarbëchter do kënnen räichlëch wéinëg mat esou Themen ufänken an vun Aarbëchtzäitverkierzungen schon guer net ze schwätzen, well Iwerstonen sin fir si schon bal eng Normalitéit an dat hëllëft hinen och nach fir hir kleng Paien opzestocken. Liwerfirmen gehéieren och dozou. Miwellgeschäfter och, virun allem déi Aarbëchter déi fir den Montage zoustännëg sin. D'Gastronomie an d'Hotellerie, faalen och net an den Beräich vum Télètravail. Gemengenaarbëchter mat Sëcherheet och net. Buschauferen an Lockführer och net. Déi vum Streedëngscht ënner anerem och net. Bëschaarbëscht gëtt och net vum PC aus erledëgt. D'Schëffer op der Musel kommen och net aus den 3D-Drucker an fueren och net vum selwen. Autobunnen gin och nach net esoubal vum 3D-Drucker an d'Landschaft gesprëtzt. Schinen an Catenairen verleen sëch och net vum selwen. D'Dreckskëschten gin och net vum selwen eidel gemaach. Den Auto en Panne oder d'Revisioun gëtt och net vum Roboter iwerholl. Den Blechschued beim Auto och net. Den Kulang den drëpst oder d'Leen déi beim Sturm vum Daach fléien, flëcken sëch och net vum selwen, do brauchen mer dann awer den Daachdecker. ......................... Elo sin ëch warm gelaaf an kéint nach eng sëlechen Berufer opziélen an d'Mënschen dohanner, déi awer och wiérklëch guer näischt mat dem Thema Télètravail kënnen ufänken an wou eis Gewerkschaften genuch ze din hätten fir dass iwerhaapt emol eng 40 Stonnenwoch kann respektéiert gin an dat ier ons houfrëg Parteien munch Aneren, maner Aarbëcht verspriéchen. Vergiéssen mer dann och net Doktoren an Infirmier an Infirmièren déi schon moies fréi bereet stin fir Patienten ze operéieren an déi d'Patienten duerno mussen rondërem d'Auer ze betreien. Schon emol iwerluecht, wéivill stonen esou en Chirurg um Bockel huet, ouni emol vun sënger Verantwortung ze schwätzen. Wéivill Stonen vill Patronen drumen fir hir Betrieber, zemols an dësen schwéieren Zäiten an vun Konkurenz um laafen ze haalen an Aarbëchtsplatzen ze sëcheren. An dann schwätzen hei Parteien an verschidden Mënschen aus bestëmmten Branchen an dat duerch eng global gefouert an am globalen geduechten an net duerchduechten Digitaliséierungsdebatt vun Télètravail an drämen emol dovun nach maner ze schaffen, ouni eng Grousszuel vun deels schwéier schaffenden Leit mat anzebezéien an hir Gedanken, well dat einfach net esou ëmzesetzen ass an den Télètravail fir si net oder nie méiglëch ass. Esou eppes nennt een eng Schäindebatt, well se nëmmen engem bestëmmten Deel vun der Gesellschaft en Notzen brëngt an virun allem, an dësem Fall, besonnëch déi kleng Leit ignoréiert an domader gesäit sëch dat klengt an och dat schaffend Vollëk vun esou Ideen vernoléissëgt, awer net nëmmen si. Wann ëch iech elo och nach soen, dass ëch selwer och Patron sin an dat ganzt Gespréich mär zimlëch op d'Nerven geet, vis-à-vis vum Patronat an och villen vun eisen Beschäftëgten, dann kënnt där iech all jo elo emol Gedanken maachen iwer déi Politik, iwer Parteien an och esou Schäindebatten an wéi wäit si alleguer vun den Besoins an den Problemer vum gréissten Deel vum Vollëk ëwech sin. Awer geschwën sin jo Wahlen an dann sin all Debatten gudd fir e puer Stëmmen ze fänken, zemols esouer, wou d'Gemidder vun Verschiddenen berouëgen déi doraus hiren Notzen zéien an Ideen déi den Staat esou direkt näischt kaschten. Awer Problemer léist een esou net, nee ët verschiebt een se.