Source: RTL a.k.a. „Service Public“

Extreem-Wierder, Chaos iwwerall, Accidenter, tragesch Schicksaler an eng Regierung, déi mat Warn-SMSen eis Wirtschaft ruinéiert. Bei RTL wor alt nees eng méi lass.

Zu Lëtzebuerg wor alt nees eng méi lass. Eng Alerte rouge wéinst geféierleche Wiederbedingungen ass esou eppes wéi Chrëschtdag fir d’RTL Redaktioun. Fir Stëmmung an Uspanung ass gesuergt, et gëtt just nach een Thema. Et kritt ee vun de Leit honnerte vu Fotoen erageschéckt, also muss ee selwer net virun d’Dier – a gläichzäiteg hänkt all Mënsch de ganzen Dag un der Informatiounsquell Nummer eent: RTL. A fir dat d’Lei ageschalt, bzw. online bleiwen, versuergt RTL d’Leit mat allen nëtzlechen an onnëtzen Informatioune ronderëm déi bevirstoend Ëmweltkatastroph.

Sou geschitt vu leschten Dënschden un, d’Alerte rouge gëtt declenchéiert an direkt geet RTL an de Spezial-Modus iwwer. Vill Klicks heescht fir de Sender mat de ville Reklammen ëmmerhin och vill Goss.

Mat der Meldung „Bis zu 20cm Schnéi bannent 12 Stonnen - Meteolux mellt Alerte Rouge wéinst Äisree vun e Mëttwoch de Moien un“ geet et lass. Séier geet och den „Live-Ticker Alerte Rouge“ u mat „Den neitsten Entwécklungen am Iwwerbléck“. An dann den Artikel: „Schoulen zou, Schoulen a Maison-Relaise proposéieren awer Accueil, Findel op“, an deem d’Mesurë vun der staatlecher „Cellule de Crise“ zesummegefaasst ginn. An deem Artikel ass dann déi richteg Mëschung un deem, wéi RTL sech de Krisen-Mëttwoch virstellt: Als éischt d’Dramatik mat de seriöe Virgäng „D’Cellule de Crise kënnt um Mëttwoch um 6 Auer nach eng Kéier beieneen“, duerch d’Angscht kann een dann d’Leit zum Konsuméiere vum eegene Sender iwwerrieden. Am Text direkt dodrënner schreift RTL: „Et gëllt deemno och um Mëttwoch de Moien RTL ze suivéieren, fir sech e Bild iwwert d’Situatioun ze maachen“, wéi wann dat elo och eng Mesure vun der Crise-Cellule wier, an nees do drënner dann d’Uweisung „Schéckt eis Är Fotoen eran“. RTL ass prett, de groussen Dag ka kommen.

D’Wiederphenomen aus wierklech all Perspektiv

Um Mëttwoch dann d’Lawin vun den RTL Berichter aus dem Krisegebitt. D’Investigativ-Journalist*innen gi virun de Computer gesat oder souguer lassgeschéckt fir am „Wiederchaos“ mam Streedéngscht ze fueren, all d’Accidenter ze sammelen a mat enger „an äiskalem Waasser agebrachener Persoun“ vun der gréisster Gefor ze beriichten, bei där sech éischt am Artikel kläert, dass et d’Persoun aus der Tagline net wierklech gëtt.

An de weideren News: „Wéinst Glatäis: D’Urgence vum CHEM war gutt gefëllt“, „Urgencen-Accueil an der Hesper Schoul“, „Schaffen am Wiederchaos: Däerf ech bei enger Alerte Rouge automatesch Homeoffice maachen?“ , „Fotogalerie: Är Fotoen - Glëtz a Schnéi zu Lëtzebuerg“, „All Facteure musse stëmmen: Wéi entsteet Glëtz, respektiv ”fréierende Reen’?“, „Kultur, Sport, Politik a Fräizäit: Wéinst de Wiederkonditioune villes am Land um Mëttwoch annuléiert“ a schlussendlech de Bilan: „Bilan säitens dem CGDIS: 210 Interventiounen, dovunner 92 Chutten an 2 Verkéiersaccidenter“ an d’Entwarnung: „Krisecellule: All d’Schoule sinn en Donneschdeg nees op“ inklusiv Ëmfro fir matzemaachen an engem „Tëscheruff“ vum Chef de l’Information Guy Weber mam Titel „Alerte Rouge“. De laangen Dag op RTL geet op en Enn, déi opreegensten Biller lafen Owes am Journal op der Tëlee a mir stelle fest, dass mir ouni RTL jo awer wierklech all déi wichteg Detailer vum Ausnamezoustand verpasst hätten.

Dat stëmmt natierlech net ganz. Déi aner Medien hu jo och informéiert, allerdéngs vläit net mat deem nämmlechten Level u Sensationalismus an ouni esou ee medialen Ausnamezoustand aus enger Alerte Rouge wéinst Glatäis ze maachen. Ausserdeem huet d’Regierung jo och iwwer hier Cellulle de Crise informéiert an d’Bevëlkerung iwwer SMS gewarnt. An genee dat geet RTL offensichtlech géint de Stréch.

Deen eenzege Chef de l’Information ass de Guy Weber

Liest een den „Tëscheruff“ vum Guy Weber, fillt een sech ewéi am falsche Film. Zwar huet RTL dee Moment zanter bal 24 Stonnen um Stéck d’Leit mat ëmmer neie Meldungen op d’Thema Alerte Rouge festgeneelt, mee elo schreift de Chefredakter vun RTL dach net Sätz ewéi: „Mä ech bleiwen derbäi: E Land quasi ausser Betrib setze wéinst Schnéi, Reen a Glatäis? Matzen am Wanter? Wou steiere mer hin?“ Moment, Selbstkritik vun RTL, e kritescht Hannerfroe vun hirem eegene Sensationalismus? Natierlech net.

De „Chef de l’Information“ vun RTL notzt säin (immens schlecht an onverständlech geschriwwenen) Commentaire fir de Fait ze kritiséieren, dass d’Cellule de Crise vum Staat eng Warn-SMS erausgeschéckt huet. Offensichtlech wier dëst dem Guy Weber no ze vill un Informatioun a Kommunikatioun gewiescht. Et wier dach alles net esou schlëmm: „D’Stroosse waren iwwer Land gréisstendeels gutt ze fueren. Héiert een.“, sou de Guy Weber. „Héiert een“? Seet de Chef vum gréisste Medium am Land? Wou a vu wiem hien dat wuel héieren huet, bleift wuel fir ëmmer ee Geheimnis. Mee gutt, dass de Chefredakter a Journalismus-Veteran seng Quelle mat „héiert een“ seriö gelabelt huet.

Schlussendlech ass kloer wourëms et him geet: Chef de l’Information am Land ass net iergendeng Krise-Cellule, déi keng Anung vun näischt huet. Chef de l’information ass eenzeg an elleng hien, de Guy Weber, an säin Informatiouns- an Alertenmonopols-Site RTL. SMSe vun der Regierung sinn iwwerdriwwen, awer RTL kann zu all Dageszäit an och deem dämlechsten Thema Pushnotifications erausschécken.

Business as usual

Et geet dem Guy Weber awer wuel och nach ëm eppes Aneschtes. „Ewéi maachen et beispillsweis d’Restaurateuren oder d’Geschäftsleit, déi op Clienten ugewise sinn? Op Clienten, déi jo sollen – wa méiglech - doheem bleiwen“, freet de Guy Weber. Woubäi hien sech mam „wa méiglech“ iwwer déi staatlech Warn-SMS lëschteg mécht. Wien, ausser dem Guy Weber an RTL, denkt da w.e.g. un déi aarm Geschäftsleit a Betriber? RTL leet no, mam Artikel „Commerce a Restauranten haten deels zolidd Aboussen“, deen en plus den Text vun der Regierungs-SMS als Tagline huet, a Gänseféisercher steet do fir d’Leit ironesch un déi Warnung mat fatale Konsequenze fir d’Wirtschaft ze erënneren: „Bleift, wa méiglech, doheem“.

Net d’Wiederkonditiounen, mee de Regierungs-SMS ass also Schold. Et fält op, dass dëst, un der Unzuel un Interviewpartner*inne gekuckt, dee wuel opwännegste Reportage dëser Deeg ass, allerdéngs och een zimmlech eesäitegen. Wat RTL net alles mécht, fir e Sproochrouer vu senge (potentiellen) Werbeclienten ze sinn.

Wien elo gemengt huet, RTL géif a Konsequenz vum „Tëscheruff“ vu sengem Chef de l’Information eng Stuf an der sensationalistescher Berichterstattung zeréckschrauwen, huet sech getäuscht. Ëmmerhi besteet de Business vun RTL jo grad aus hypnotiséierend Messagen iwwer „extreem“ „Chaos“-Situatiounen. En Donneschden an och um Freide geet et also riicht weider mat engem Artikel no deem aneren, vun „Bis -13 Grad si méiglech: Meteolux warnt virun extreemer Keelt“ iwwer Live-Ticker, Fotoe vun Accidenter a Foto vu Schnéi bis Reportagen iwwert den „Schnéichaos“: „Trotz Schnéichaos: Wéi hunn d’Schüler de Schoulwee en Donneschdeg erlieft?“ an nees gi Police- a CGDIS-Meldunge kopéiert.

Wat allerdéngs keng Beuechtung vun RTL fënnt, ass de Message vum CGDIS Chef Paul Schroeder, deen dem Guy Weber säi Commentaire kritiséiert. Wort an Tageblatt beriichten.