Photo: black5_460 (CC BY-ND 2.0)

Aner Leit zerschloen an awer vum RTL Personal gefeiert ginn. Dat geet just, wann een sech e ganz bestëmmte Beruff ausgesicht huet.

E Mann plangt zanter Wochen e Verbriechen. Dräi Männer schloen een aneren zesummen. Et gëtt mat Droge gehandelt, op der Aarbecht gesoff a Rapporte verfälscht. Déi ganz Press am Land beriicht doriwwer. Déi ganz Press? Nee. Bei RTL ass kaum eng Zeil iwwert déi Fäll ze fannen. Wat ass geschitt? Firwat verheemlecht eis RTL wat am Garer Quartier lass ass?

Wien schonns eng Kéier duerch déi „national News“ op RTL.lu gescrollt ass, weess, dass kopéierte Police-Bulletinen e groussen Deel vun der RTL Berichterstattung ausmaachen. Déi Berichter klénge spektakulär a si schéin eesäiteg. En plus sinn dës Artikel duerch d’Sprooch, déi RTL benotzt, ënnerhalsam. Sou heescht et zum Beispill am Artikel vum 21. Mee 2023 mam Titel „Zwee aggressiv alkoholiséiert Männer hunn d’Nuecht am Passagearrest verbruecht“ : „Weider schreif d’Police, datt an der Stad nach zwou weider alkoholiséiert Persounen d’Nuecht op e Sonndeg um Policebüro dierfte verbréngen“.

Liest een den Artikel vun RTL, huet een natierlech keng Chance erauszefannen, wat wierklech geschitt ass. Woren déi zwee Männer, déi „aggressiv alkoholiséiert“ waren och déijéineg, déi d’Nuecht am Police-Büro verbréngen „dierften“? Firwat mengt RTL, dat Wuert „aggressiv“ an hiren Titel asetzen ze mussen? Ëmmerhi gëtt d’Wuert vun der Police zu kengem Moment an hirem Rapport benotzt. An wor eng vun deene Persounen, iwwer déi RTL hei schreift, och déi Persoun, déi an der Nuecht an der Ausniichterungszell vu Policebeamten zesummegeschloen a schwéier verletzt gëtt? Éischt Méint duerno geet een duerch Berichter am Wort an am Quotidien iwwer dëse Virfall gewuer.

Fir Journalismus sinn aner Medien zoustänneg

D’Faite ginn op d’Nuecht vum 20.05.2023 zeréck. De Moment gouf een 43-Järegen ob de Policebüro op der Stater Gare matgeholl a sollt an eng Ausniichterungszell iwwernuechten. Allerdéngs betrieden 3 Polizisten, déi un der Verhaftung net bedeelegt woren, d’Zell vun der verhafte Persoun. D’Wort schreift: „Das Opfer soll schwerere Verletzungen erlitten haben, die auch vom später eintreffenden Arzt in einem Attest festgehalten worden sein sollen“. Mee wann een sech an der Zäit just iwwer RTL informéiert hätt, hätt e praktesch näischt dovunner matkrut.

Dass de Fall réischt am Juli 2023 bekannt ginn ass, louch dorunner, dass e Virgesetzten d’Verfälsche vum Police-Bulletin ordonnéiert huet – wéi d’Wort beriicht. Insgesamt 4 Poliziste kommen an Untersuchungshaft. Wärend der Enquête géint si gëtt och nach een Drogereseau innerhalb vun deem Police-Kommissariat opgedeckt. Och Detailer iwwer Ritualer an Alkoholkonsum um Police-Büro op der Gare gi vum Wort un d’Liicht bruecht. Als eng vun de Konsequenze gouf déi betraffe Police-Unitéit opgeléist.

RTL bretzt sech gären domat dat séierste Medium am Land ze sinn. Si sinn normalerweis déi éischt sur Place fir een Accident ze knipsen an hunn d’Police-Bulletine schonn an den Noriichten, ier d’Police se op hirem Site publizéiert. An der Reegel kopéiert RTL dann och net just Police-Rapporten, mee och Communiquéë vum Parquet oder aneren involvéierten Institutiounen. Wann allerdéngs Police-Gewalt am Raum steet, verfält RTL an eng Zort ofwaardenden, relativéierenden Minimalismus.

Start vun engem besonnesche Storytelling

D’Wort mellt den 10. Juli 2023 am Artikel „Schwere Körperverletzung - Gewalt im Einsatz: Drei Polizisten verhaftet“ d’Verhaftung vun 3 Poliziste wéinst Verdacht op „schwerer vorsätzlicher Körperverletzung“. D’Headline beim Tageblatt heescht: „Drei Polizisten werden wegen Polizeigewalt festgenommen“ a beim L’Essentiel: „Accusés de violences, trois policiers arrêtés à Luxembourg“.

Just RTL entscheed sech, de Virworf vun der Policegewalt an der schwéierer Kierperverletzung aus hirem Titel ewechzeloossen. An dat, obwuel et esou an engem Schreiwes vum Parquet sou genannt gëtt. D’Police-Gewalt gëtt souguer als „Ëmgang“ relativéiert an d’Affer negativ an de Fokus geréckelt: „3 Poliziste verhaft wéinst dem Ëmgang mat enger alkoholiséierter Persoun“. An deene meeschten RTL-Artikelen an der Suite ginn d’Faiten dann och just mat folgendem Saz zesummegefaasst: „Hannergrond wier den Ëmgang mat enger alkoholiséierter Persoun, déi den 20. Mee 2023 an d’Zell sollt bruecht ginn, fir niichter ze ginn.“ Dat ass zimmlech minimalistesch fir ee Medium, dat soss bei all Autosaccident länger Artikel inklusive Billergalerie liwwert.

Detailer gi bekannt - a vun RTL ignoréiert.

Et ass dann zwee Wochen drop d’Wort, dat deem Fall op d’Spuer gaangen ass: D’Affer wor dräi Policebeamten hëlleflos ausgeliwwert an d’Dot gouf duerno vun engem Virgesetzte vertuscht, deen de Rapport ëmschreiwe gelooss huet. RTL léisst sech Zäit, reagéiert dann awer zwee Deeg drop mat engem Tëlees-Reportage zur „Affär Police-Gewalt“. Ouni d’Detailer ze nennen, ginn an deem Reportage éischt d’Virwërf aus dem Schreiwes vum Parquet zesummegefaasst. Dann präsentéiert RTL hier Interviewpartnerin: d’Spriecherin vun der Policegewerkschaft.

Dës Spriecherin däerf als Éischtes soen, dass d’Présomption d’Innocence gëllt an een u sech nach näischt soe kéint, bis de Fall ofgeschloss ass. RTL erkläert duerno mat Hëllef vun enger Grafik, dass déi meeschte Fäll vu presuméierter Policegewalt schlussendlech vum Geriicht klasséiert ginn. Dann drift de Reportage op d’Thema vun de „Bodycams“ of, fir dass d’Spriecherin vun der Police-Gewerkschaft hei nach eng Kéier hir Positioun widderhuelen däerf: Et misst méi gemaach gi fir de Schutz vun de Beamt*innen.

Oflenkungstaktik

Den 10. August gräift RTL deen Dossier nees op. An zwar schonn nees iwwert en Interview mat der Spriecherin vun der Policegewerkschaft. Den Titel herno op RTL heescht: „Eng Policeuniform ass haut näischt méi wäert, et feelt u Respekt“. RTL schreift: „Ob d’Policegewalt zouhëlt oder net kann een net kloer soen. Et ass een op alle Fall als Polizist hautdesdaags méi visibel an de Respekt virun der Uniform ass sécher net méi do“. A weider: „Wéi entsteet Policegewalt? Si wéilt net soen, dass Policegewalt aus Frust oder aus Roserei eraus géing entstoen, mee et wier einfach esou, dass eng Policeuniform haut näischt méi wäert wier“ bis dass d’RTL-„Journalistin“ Annick Goerens den Interview op d’Thema Kriminalitéit ëmschwenke léisst.

Am Artikel steet „Et wier gutt méiglech, dass d’Kriminalitéit an d’Luucht gaangen ass, well ebe vill auslännesch Matbierger op der Gare ronderëm lafe géingen, déi mat Droge géingen handelen a well d’Bevëlkerung och géing wuessen, sou d’Marlène Negrini“.

Méi spéit am Laf vum Dag mellt dann d’Press, dass et am Kader vun der Enquête géint déi verhafte Polizisten elo zu Perquisitioune komm ass: Wéinst Verdacht op Drogenhandel bei anere Polizisten aus der nämmlechter Unitéit. RTL stellt eng Kopie vum Parquets-Communiqué online. Et ass schwéier virstellbar, dass d’Spriecherin vun der Policegewerkschaft Moies nach net wousst, dass et deen Dag virdrunner zu dëser Perquisitioun koum an dass des Nouvelle geschwënn an d’Medie komme wäert. Hir vun RTL bewosst oder onbewosst ënnerstëtzte mediaalt Oflenkungsmanöver kënnt also genee de richtege Moment.

Fräiheet fir d’Police!

Wärend fir aner Medien d’Thema vun der Police-Gewalt am Fokus steet, geet et RTL an der Suite haaptsächlech ëm d’Fro, firwat d’Police-Beamten nach ëmmer an Untersuchungshaft sëtze géifen. Aus den Ermëttlunge wéinst Policegewalt gëtt een „Tëschefall“, deen vun elo un net méi weider beschriwwe gëtt.

Den nächsten „Invité vun der Redaktioun“, mat deem deen Dossier tangéiert gëtt, ass de 25. August de Police-Minister Henri Kox. Den RTL-„Journalist“ Francois Aulner packt d’Akrobatik, scho viru senger éischter Fro d’Wuert „presuméiert“ zwee mol an engem Saz ënnerzebréngen, d’Virwërf net ze ernimmen an dann direkt d’Thema ze wiessele fir iwwer d’Erausfuerderunge fir d’Policebeamten ze schwätzen. De Policeminister hëlt déi Offer dankbar un, de „Suergen a Problemer vu Polizisten“ soll een „am Alldag respektvoll géigeniwwertrieden“. Festgestallt gëtt, dass „Aggressiounen an der Gesellschaft zougeholl hätten“ an dëst wier de Problem, deen de Policeminister ugoe wéilt. RTL huet et gepackt aus engem skandaléise Fall vu Policegewalt eng Propaganda-Show fir d’Police ze maachen.

Eng gutt Reputatioun

Nodeems d’Polizisten dann endlech fräikomm sinn, gëtt nogeluecht. D’Fro, wéi laang d’Polizisten dann an Untersuchungshaft bleiwe missten, ass iwweregens déi eenzeg Piste, der RTL selbststänneg nogeet an déi si z’interesséiere schéngt. Mëtt Oktober publizéiert RTL d’Reportage mam Titel: „Virworf vu Policegewalt: Firwat souze 4 Polizisten an Untersuchungshaft?“. Do komplettéiert RTL d’Lëscht vu Leit, déi zum Fall zu Wuert kommen däerfen (Policegewerkschaft, Policeminister) mat: den Affekote vun de beschëllegte Polizisten. Net genuch, dass dës Affekoten ouni Géigenduerstellung hier Vue erklären däerfen, RTL raumt hinne souguer Plaz an, fir déi aner Medien, déi de Fall opgedeckt hunn, ze hannerfroen: „Och den Affekot Jean-Marie Bauler fënnt, et misst ee méi neutral domat ëmgoen. „Wou si an Untersuchungshaft komm sinn, war andauernd eppes iwwert si an de Medien ze liesen. Elo wou si erauskomm sinn, ass et zimmlech ënnergaangen.“
Wat d’Virwërf géint säi Client ugeet, sou hätt dësen aacht Joer um Garer Kommissariat geschafft an hätt bei de Virgesetzten och „eng gutt Reputatioun gehat.“

Wann RTL Tëlee also déi Affär mat der Ausso vum Affekot vun engem Beschëllegten ofschléisse kann, dass de Polizist eng gutt Reputatioun hätt, da muss sech och kee Mënsch méi Gedanken iwwert déi nei Revelatioune maachen, déi d’Woch kuerz drop publizéiert goufen. Et huet sech nämlech gewisen, dass de Polizist schonns 2 Méint virum Virfall den Numm, de Gebuertsdatum an d’Foto vu sengem zukünftegen Affer innerhalb vum Garer Police-Büro un 13 Kolleege geschéckt huet, an engem Mail déi mat de Wierder „Krich ass erklärt gin“ ophält.