NEWS - Sidd dir op den RTL1 Abrëllsgeck ragefall?
Abrëll, Abrëll: RTL awer nach an der Hand vu Bertelsmann

Photo: RTL Eent
RTL Lëtzebuerg huet Iech dëst Joer keen Abrëllsgeck gegënnt, wuel awer RTL1.
Zwar versicht Bertelsmann schonns zanter längerer Zäit RTL Lëtzebuerg lasszeginn, mee net, wéi mir gëschter gemellt hunn, de Sender un eis ze verkafen. Bei RTL selwer gouf et dës Joer wuel näischt ze laachen. Oder louch et vläit dorunner, dass dësen éischten Abrëll op den Ufank vun der Ouschtervakanz an op e Feierdag gefall ass, dass RTL op säin traditionellen Abrëllsgeck verzicht huet?
Dobäi wor RTL dach all déi Jore besonnesch kreativ, wann et drëms gaangen ass mol een Dag laang net just Police-Rapporten ze kopéieren. Dacks huet RTL säin Abrëllsgeck mat engem Thema a Verbindung bruecht, dat eis all am meeschten um Häerze leit, dem Auto. D’N7 géif 4 Spuere kréien, d’Stoppschëlder géifen ersat ginn, d’Autoen aus engem Parkhaus géife versteet ginn an am Tunnel Stafelter géifen Tester gemaach ginn: 4 vun 8 Abrëllsgecken aus deene leschten 10 Jore waren op de wichtegste Public vun RTL cibléiert: d’Automobilist*innen. D’RTLs Abrëllsgecke funktionéiere meeschtens zimmlech gutt, wat dorunner läit, dass sech d’Aart-a-Weis wéi déi normal RTLs-Artikele geschriwwe sinn a wéi si sech verbreeden am Fong genee sou opgebaut sinn, wéi den Abrëllsgeck. Et geet dacks ëm belanglos Kuriositéiten, déi dann esou formuléiert an inzenéiert ginn, dass d’Leit aus Virwëlz drop klicke ginn, bzw. drop rafalen. Kee Wonner also, dass um RTL Facebook och dëst Joer nees ënnert all Artikel deen RTL gepost huet vu User*innen „Abrëllsgeck?“ drënner kommentéiert gouf.
-
WouereschtdeetWei02.04.2024et as jo alles schéin an gut,mee die 2 Km Stroos vun Brouch op Saeul,as méi schmuel wie die Beschautobun. Et kommen mol keng zwee Kamionen lanstenee.
-
den_Schockeierten02.04.2024Den HP schengt jo den Expert par exellence ze sin, bleiwt awer ganz kleng wann ët ëm Léisungen geet. den H. misst onbedingt an d'Politik.
-
Emmer daat selwecht02.04.2024De Putin kroopt sech also e Land mat Buedemschätz an mir probéieren hien vum internationalen Marché ze isoléieren. Interessant, interessant. Ech si gespant wen do den Dommen ass.
-
gunman02.04.2024Jiddereen soll säin Iessen selwer zillen, dan hätten sie op jiddefall keng Zäit méi fir hei dämlech Kommentarer ze schreiwwen, a giffe mierken, dass sie vun tuuten a blosen keng Ahnung hunn, a missten vill Honger leiden.
-
Trulla02.04.2024Ech senn houfreg op all dei Leit ! Och op all dei probeiert hunn. Wessenschaft brengt eis einfach weider !!
-
Minettsdap02.04.2024D'Schueberfouer ass, mengen ech emol, een eenzegen Ausnamezoustand an do ka net all Gesetz bis op de leschten Dippelchen genau agehal ginn. Dat ass net méiglech. Dat geet net, well d'Freed an de Spaass da, je no Fall, ënnerbrach sinn. Eng Konditioun muss awer bestoen an dat ass, dass jiddereen, an domatt mengen ech och jiddereen, komplett zu Sengem kënnt. Wa mir elo ufänken, léif Frënn vun RTL, opzepassen, dass als Gesetz penibel agehal gëtt, dann hu mir gläich um Glacis eng Bud mat dräi Riichter stoen, déi permanent Uerdeeler huelen.
-
den_hexemeeschter02.04.2024Wan D'USA wëllen mat alle Länner a Fridden liewen, déi et och wëllen, da läit dat just un hinnen, et och ze maachen. Kee Land huet de Wëllen, sie an den USA unzegräifen. Déi eenzeg, déi permanent an aneren Länner Mëscht maachen, sin jo wuel sie selwer.