METEO - Meteolux mellt
Däischter Hëtzt
Photo: freepik.com
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 04:41 bis 18:03 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Enn_Letzebuerger06.05.2025Et as bestemt nach eng Plaz am Verwaltungsrot vu Arcelor Mital frei.
-
KengduebelMandater06.05.2025Et get just eng eenzeg Meiglegkeet deen Problem an den Greff ze kreien: Meistäckeg an groussflächeg gratis Parkhaiser op eisen Grenzen mat Navetten dei zu Spetzestonnen (6-9 an 16-19 Auer) am 10-Minutten-Takt d'Staat ufueren. Wann dei Navetten dann iwwert hier eegen Spuer hei am Land fueren geingen, hätten mer vill vill vill manner Traffic, Stau an Emweltverschmotzung,. Buser fir dei Navetten sin der jo genuch do, wann ech kucken weivill honnerten städtesch Buser duerch d'Staat spazeieren gefuer gin, ouni dass och nemmen een dran setzt!! Et brengt kengem eppes, wann een am Ausland kann mei schnell iwert eng extra Spuer op den letzebuerger Stau opfueren kann!
-
Heemecht_lu06.05.2025Zitat vun der EU-Site: "The risk associated with COVID-19 infection for people in the EU/EEA and UK is currently considered moderate to high". De Risiko Level ass "moderat bis héich" an nach net "héich". Mir wëlle jo net méi Panik maache wéi néideg....
-
Knadderhary06.05.2025Op kommunalem Niveau hun ech iwerall, wou LSAP um Ruder as, d'Erfahrung gemach, dat et sech ëm eng Kuckerte - oder Etüdepartei handelt. Op all lokal wichteg Fro, gët geäntwert, mir kucken emol resp. mir machen emol eng Etüd. Esou kënnt duerno, näicht eraus!
-
Mellechmann06.05.2025Äntwert vum Minister Bausch op eng QP vum Herr Gales: » vun deenen 1500 bâtiments publics sin 19 mat eng Solar Energie Anlag ausgestaat, 40 mat Photovoltaik » Souvill zu den gudden conseils vun der Grenger Regierung fier dass d’Bierger sollen intensiv emrüsten! Daat ass natierlech leadership Mme D!
-
kloreMenscheverstand06.05.2025R.I.P. Hans du warst een immens léiwen Mann mir vergiessen dech nie.
-
Letzebauer06.05.2025Aha, also awer näischt anescht maachen? Also näischt aus den Feeler geleiert dei d´Regierung bis op e pur gemeet hun. Witschaft un d´Mauer gefuer mat ären Verbueter an Regelen. Dei eenzeg, dei een gudden Job ofgeliwert haat, wor Madame Lenert. All dei aaner woren lamentabel an deem waat se presenteiert hun, an wei se sech no baussen gewissen haaten. Vun deenen Grengen ass do och nix gescheites op Tapeit komm, ausser sech Verbueter sou ze maan wei et hinnen gefall huet( Siehe Bausch & Co) An elo geet d´Regierung mat der Strenz duercht Land, an verdeelt Suen dei se nett huet, an huet missen leinen goen, dobäi wir et och aneschters gangen. Baustellen hätten guer net missen zou gemeet gin, do wär et mat Maskenpflicht och gangen fir weider ze schaffen. Daat selwescht wir och an deenen klengen Geschäfter, Butteker an Restaurants gangen. Et fonktioneiert jo och elo gudd lo wou dei Regelen angefouert goufen. An der Kriis gouf et nemmen ee Gewener, daat woren dei grouss Supermarchéen, dei niervt Liewensmettel och nach Kleeder, Schung, Gardenartikel Blummen an eletrogeräter verkaaf hun, an dei kleng Betrieber an Geschäfter hu missen zou bleiwen. An während der Kriis hun dei grouss Liewensmettengeschäfter nach Präisser geheckt! Also wei gesoot Här Bettel, näischt anescht maan? Ma dann hudd dir aus ären Feeler nix geleiert. Är Pei wor och an der Kriisenzäit garanteiert, dei vun villen Independaten an kleng Patroen nett. An desem Senn: Vive den klengen Geschäftmann /Fra, Independanten an all dei dei an der Kriss massiv gelidden hun, oder guer net rem op maan.
-
den_hexemeeschter06.05.2025Léiwe Max, wann ee villäicht Händchen undeet, dat kritt een och net sou séier kal Fangeren BG, ;-)