METEO - Meteolux mellt
Dompegen Niddergang
Photo: freepik.com
Alerte Jaune
Alerte Jaune gëllt vun 04:35 bis 09:42 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
donquijote26.02.2024Et get nemmen een Skandal!!!!! An zwar dass zu Lëtzebuerg anscheinend sou lues ALLES een Skandal get, egal waat gemaach get, egal waat net gemaach get, egal waat erlaabt get, egal waat verbueden get. Ech sin an d'Ausland geplennert, guer net wäit. An waat gesin ech? Do as d'Mentalitéit nach wéi virun 50 Joer. Fein, manéierlech, Kanner soen souguer moien ouni dass se een kennen, Noperen haalen zesummen, et kann een nach normal schwätzen. Wann hei an enger Strooss een eng nei Fassade mecht, as an 5 Joer déi ganz Stross nei gemaach. Wann ech entreprener wier, géif ech déi éscht Fassade all Stroos gratis maachen. Déi Bornéiertheet, Rechthaberechkeet, deen Egoismus, deen Näid as nemmen just een Zeechen dass et vill ze vill Leit hei am Land gudd geet, oder dass se net wessen waat mat hierer Zäit unzefänken. Dobai gesin der vill mol guer net wéi lächerlech dass se sech maachen... Déi eng Säit get et Politik, déi nemmen un sech selwer interesséiert as, sech selwer luewt an mengt wann et hinnen géif gudd goen wier daat och den Fall bei jidderengem. Dann get et den Kapitalist, deen souwiesou alles duerchgesaat kritt waat en wellt, waat een iwerall gesäit. Dann get et deen éiwegen Nörgeler, deen un allem an jidderengem eppes auszesätzen huet an selwer nie zefridden as. An dann??? Dann get et een wéi den Kiddelschass. Deen keng Loscht méi do drop huet. Deen es saat huet nemmen schaffen ze goen fir dierfen ze wunnen. Deen probéiert mat jidderengem gudd auszekommen. Deen gemierkt huet dass just en groussen Deel vum Bekanntekrees sech dach nemmen mellt wann en eppes brauch... deem et egal as waat enerer denken, deen en Handy vun 2013 benotzt, an Auto vun 15 Joer fiirt mat bal enger halwer million kilometer, an deen et genéisst dass et mengen neien Noperen an Bekannten sch.... egal as!
-
kloreMenscheverstand26.02.2024Fannen et awer net richteg dass d'Luxair nach emer dohinner flitt. Virun 2 Meint wären dei Leit wou aus Schweden zereekkommen ann Quarantäne gesat ginn
-
Waat_dann26.02.2024De Zap war fir vill vun ons e gudden leiwen an treien Frend deen ons vill fehlen waert. Mir haten vill schein momenter zesummen an mir hoffen all dat mer him no deser schweierer Zait kennen en würdegen Abschied organiseieren . Zap mir waerdwn dech net vergiessen.
-
den Trellert26.02.2024Ass et net méi de gudden Hiert, dee fir all seng Scheewecher gläichermoossen do ass? Ass et net méi de gudde Papp, dee seng Kanner all bei sech rifft? Ech si geimpft, geboostert an teste mech regelmässeg - a wäert mech ower net méi bei déi "chréschtlech" Leit gesellen.
-
Waat_een_Kaabes26.02.2024et schéint hei villen nét ém daat wichtegst ze goen, den Staat encaisséiert bei all Vente 7% fier kaum eppes ze maachen, daat ass jo schéint et egal ech sin keng Agence, mais ech kann mer fierstellen, dass do Plaatzen erschaaf gin, Sécu, Frais bezuelt gin, natierlech ass eng Vente fier en Ojbet vun 500.000€ nét vill manner wéi en Objet vun 2 Milliounen wou déi Staadter Agencen sech drop stierzen, do misst et gestaffelt sin, z.B. bis 500.000€ 3% max, dann dégressiv an bei iwer 1 Mio nach just 1 bis 1,25% dann ként eng Moyenne eraus bis 2 % an drénner mais daat aenert nét den Prais vun den Immobilien, et ass jo einfach hannert dém wou den Haer Fayot séch verstoppt eng Ausried, och Ministeren etc wéllen fier hier Objets daat méescht, waat ho hei am Land vill duerch Ierfschaften ként wou et Freibetraeg gin , Spekulatioun ass jo eng Krankhéet bei villen, an elo wier méi wichteg, dass Taxe vum Enregistrement mol op 2-3% eroof géing goen dann haet den Haer Fayot eppes erréescht,