Photo: ericaxel (CC BY 2.0)

Uechter dat ganzt Land hu vereenzelt Leit de Moien net schlecht gestaunt, wéi si hir Gaardemiwwel, Autosscheiwen an Elektroroller misste vun enger fäiner Schicht Kärercher befreien.

Wärend uganks nach vun engem verfréite Pollenugrëff riets war, mellt Meteolux elo, datt et sech bei dësem Stëbs tatsächlech ëm Sand aus der Saharawüst handelt. Dëse gouf duerch een Orkanhéich an der Groussregioun Arabien héichgewirbelt an ass dunn duerch d’Déifdrockgebitt Laurent iwwer dem ganze Land niddergaangen.

Vum Sand selwer geet keng Gefor aus, ma fir Sandbuergen ze baue géif dëst Material sech allerdéngs net sou gutt eegne wéi den heemesche Sand, deelt eis op Ufro de Promoteursverband mat.