METEO - Meteolux mellt
Bronkegen Déifdrock
Photo: freepik.com
Alerte Rouge
Alerte Rouge gëllt vun 19:38 bis 09:51 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
WouereschtdeetWei11.02.2023Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
geftzwersch11.02.2023Et get nemmen een Skandal!!!!! An zwar dass zu Lëtzebuerg anscheinend sou lues ALLES een Skandal get, egal waat gemaach get, egal waat net gemaach get, egal waat erlaabt get, egal waat verbueden get. Ech sin an d'Ausland geplennert, guer net wäit. An waat gesin ech? Do as d'Mentalitéit nach wéi virun 50 Joer. Fein, manéierlech, Kanner soen souguer moien ouni dass se een kennen, Noperen haalen zesummen, et kann een nach normal schwätzen. Wann hei an enger Strooss een eng nei Fassade mecht, as an 5 Joer déi ganz Stross nei gemaach. Wann ech entreprener wier, géif ech déi éscht Fassade all Stroos gratis maachen. Déi Bornéiertheet, Rechthaberechkeet, deen Egoismus, deen Näid as nemmen just een Zeechen dass et vill ze vill Leit hei am Land gudd geet, oder dass se net wessen waat mat hierer Zäit unzefänken. Dobai gesin der vill mol guer net wéi lächerlech dass se sech maachen... Déi eng Säit get et Politik, déi nemmen un sech selwer interesséiert as, sech selwer luewt an mengt wann et hinnen géif gudd goen wier daat och den Fall bei jidderengem. Dann get et den Kapitalist, deen souwiesou alles duerchgesaat kritt waat en wellt, waat een iwerall gesäit. Dann get et deen éiwegen Nörgeler, deen un allem an jidderengem eppes auszesätzen huet an selwer nie zefridden as. An dann??? Dann get et een wéi den Kiddelschass. Deen keng Loscht méi do drop huet. Deen es saat huet nemmen schaffen ze goen fir dierfen ze wunnen. Deen probéiert mat jidderengem gudd auszekommen. Deen gemierkt huet dass just en groussen Deel vum Bekanntekrees sech dach nemmen mellt wann en eppes brauch... deem et egal as waat enerer denken, deen en Handy vun 2013 benotzt, an Auto vun 15 Joer fiirt mat bal enger halwer million kilometer, an deen et genéisst dass et mengen neien Noperen an Bekannten sch.... egal as!
-
Aniwregens11.02.2023Eis Kanner sin elo schons deelweis traumatiséiert! Wann se nëmmen bessien Schnapp hun, dann si se schons an der Angscht datt se Corona hun, oder een anëren ugestach hun, deen elo muss stierwen...!!!!😢😢😢
-
kleinGEIST11.02.2023"Velospist" a.k.a. "reegelfraien Raum, wou meng Kanner, main Hond an ech eis un guer naicht brauchen ze haalen" a.k.a. "Bauerewee, wou mir ob d'Sabbel duerfe goen, well decke Bulli an verluerent Stréih nëmmen hallëf sou wëll sin". Dann awer léiwer ob der "Strooss" alias "Privateegentum vum Autofuerer, an jiddereen deen e bessi mi lues ennerwee ass gët bedrängt, gequetscht an verflucht"
-
fillt-iech-emol11.02.2023Et mecht kee Sënn eng Fro ze stellen fir an d'Sendung well bis elo ass nach ni esou eng Fro opgegraff ginn an och ni vun engem Invité beëntwert ginn. Et ass keng interaktiv Sendung wou de Publikum dru bedeelegt ass. Schued, ass awer leider esou.
-
Meckerhary11.02.2023Dee politesche Gruppement, deen di meeschte Stëmme kritt, deen designéiert dem JCJ säin Nofolger. Sou, di intern Reglementer. An dat, onofhängeg vun hirem Gebraddels am Virfeld, a virun der Kamera. Mir wësse jo elo schonn, wat NO de Walen op eis duer kënnt! Stëmmen, déi di zwee kréien, also hire Gruppement, kréien anerer net! Déi wëssen, datt se sech iwwer d'EU-Wale just méi "legitiméiert" spiere kënnen, awer net méi. Vläicht bléid och béiden, Enn Mee, eng fatzeg Iwwerraschung?
-
Majo_secher_dat11.02.2023Duerch dee riesegen Populatiounswuesstem vun +- 13.000 Leit/Joer brauche mer och ëmmer méi Infrastrukturen. Leider ginn awer vill manner Stroosse gebaut wéi Akafszentren.
-
den_Schockeierten11.02.2023Muss daat dann elo sinn, nodeems de Fluchsektor bis op länger Zait keng wiirklech „nei“ Bunn brauch. Bis op weideres kinnt deen Belaag an dei Suen daat et kascht op Eis geluecht gin, bis den Findel op seng aal Kapaziteit könnt.
-
Weltbiirger11.02.2023also , fier 1. ech hun och keen Iwerbleeck méi 2. ech hun d'Nues voll vun allem awer vue que dass ech keen Spézialist sin an keng Virschléi hun wat een anescht a besser kann man , halen ech mein Mond an loossen d'Regierung hier Arbescht man ,an ech mengen vill Leit hei ( meeschtens emmer déi selwecht ) hätten besser virun hierer Diir ze kieren .Macht der Regierung Proposen wann dir alles besser wesst . An nee ech schaffen weder beim Staat , nach am Gesondheetswiesen an awer sin ech een vun deenen Dommen déi net vun engem Homeoffice oder Confinement profitéieren an gemiitlech op méngen Matmenschen hier Käschten doheem bleiwen