Photo: Sebastian Maier (CC BY 2.0)

Kriibs ass eng ellen Krankheet! Dowéinst ass et och schonn zanter Joren Deel vun der Mark RTL, dass mir Reklamm fir Kriibs a virun allem fir ons selwer maachen.

Dëst andeems mer Sue sammelen, déi aner Leit spenden an onbezuelten Arbechter fir eis andreiwen. Wärend mir Stonnen u gratis produzéiertem Content hunn, tëschent eise Reklammen.

Mir fannen et nämlech wichteg, dass een sech als ëffentlech finanzéierte Medium net just fir relevant Theme staark mécht a Courage beweist, an deems ee kloer seet, dass ee géint Kriibs ass, mee och andeems een nach aner Quellen u Revenu generéiert.