Photo: QuidoX (CC BY 2.0)

Ob Spaghetti, Tagiatelle, Lasagna oder suguer Pizza, déi italienesch Kichen huet eng quasi onendlech Selectioun aus ënnerschiddlechste Platen ze bidden.

Haut ass den internationalen Dag vun der italieneescher Kichen. Den Italieener bleift och zu Lëtzebuerg de beléiftetse Restaurant, nom Chines a virum Inder.
Mat der éischter Migratiounsperiod wärend der Stolindustrie si jo bekanntlech eng Hellewull Italiener op Lëtzebuerg komm, fir hei ze schaffen a vun dem Räichtum, deen dëst Land wéinst der ARBED hat, mat ze profiteieren. Ma d’Lëtzebuerger sollten och selwer nach vun dëser Migratioun profitéieren. Déi italieneesch Kichen, vun där ee bis dohinner just aus wëlle Märercher aus dem Mëttleren Orient héieren huet, stoungen op eemol och bei der Ketty Thull um Menü. Bis haut ass dëst ee positiv Beispill vu gelongener Assimilatioun, wat mir och gäre mam Fred Keup an engem Interview feieren, wann hien ass säi Liiblingsplat kacht: Schkabetti Karbonnaara. An dem Sënn: Buon appetito e Saluto Romano!