Photo: Éamonn Ó Muirí (CC BY 2.0)

Eng Raritéit a streng geholl illegal, mee dëse Lëtzebuerger huet ee schéint Déierchen doheem.

Si gëlle weltwäit als bedrot, wann net esouguer als ausgestuerwen. Elo kann esou een Déierchen awer an der Stuff vun der Famill Arendt zu Hesper bestaunt ginn. Keng Käschte goufe geschount, fir de sibireschen Tiger aartgerecht ze behandelen. Deen deiersten Taxidermist vun der Welt gouf engagéiert fir den exklusiivsten Tapis aus dem Land an Zeen ze setzen. W.e.g. Silvester net driwwer falen.