TELEE - De Kontext
Adapto-Service: Och ausserhalb vum Summerlach e Problem?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- François Bausch, Autobunnespezialist
- Lydie Polfer, d'Lëtzebuergesch Äntwert op d'Marine Le Pen
- Astrid Lulling, Brauch den Adapto Service net
- Robert Goebbels, Expert fir all d'Themen vun deenen hien keng Ahnung huet
- Marc Goergen, gouf 3 mol vum Adaptoservice iwwerrannt, sëtzt awer an der Chamber
-
tetrapack11.04.2024Dat ganzt geed en mega flop Ech well kee streit. Sin geimpft an well och mat Leit zesummen sin die net geimpft sim. Mär sin een land a sollen zesummen haalen gin leid déi wellen freihet an mär accepteiren dat mat enger spretz. Ech hun awer och respeckt vun leit dèi angscht hun sech spretzen
-
Tata-Sidoni11.04.2024All respekt fir d'Angela
-
Nickla11.04.2024Wat eng virgzunnen Karnevallssetzung. Am Chamberaum misst elo eng Bütt eran.
-
Neckel300011.04.2024Lëtzebuerg, Stand elo: Infektiounen: 318344 Infektiounstaux: 49,2% Doudesfäll: 1222 -> Lethalitéit: 0,4% vun den Infektiounen Aner Zuelen zesumme mat anere Länner an Europa: 0,02% méi schwéier Problemer pro Impfdosis Dat si 0,0005% vun de geimpfte Persounen, ca. 2 mol méi héich wéi bäi aneren Impfungen Long Covid: net ganz kloer, ënner 1% bis 14% bezunn op Infektiounen an ofhängeg vun der Virusvariant. 0,00006 % Doudesfäll no Impfung a bezunn op all d‘Impfungen
-
Heemecht_lu11.04.2024Muss da jideren Intensivpfleg kreien. Kann en net mol ofweien a soen wann sequellen durno mei schlemm sin wat huet de Patient dovun. Iwerliewen ouni Liewensqualiteit.nee merci dat hun e h schreftlech gemach. Durch d'Liewe quälen fir all Preis wei egoistesch as dat dann
-
knadderpit11.04.2024Ee Skandal wa Frankreich elo de Biontech blockéiert. Mir sollte séier aus der EU eraus. Ech mengen Lëtzebuerg soll bei Biontech déi 1,8 Milliarden Dosen ofkaafen. Da kéinte mir vun haut op mar jiddereen dee well impfen. Zeguer 3 Mol. Déi leideg Prioritéit Diskussioun wier fäerdeg. An duerno hätte mer nach genuch fir vill Leit aus onsen Caritasgebitter glécklech ze maachen. Här Asselborn, tommelt iech soss as Deitschland nees virun ons!
-
KengduebelMandater11.04.2024Alles Gratis Daer Laenner ginn et der vill Steiere mir och esou Systemer un Ech well Frei an desem Land liewen De Staat huet mir neischt virzeschreiwen