De Raoul Roos (RTL, riets am Bild) mëcht e Selfie mam Tom Weidig (ADR, lénks am Bild, soss riets). (Screenshot RTL)

Wéi solle Medien iwwer rietsextrem Ideologien a rietsradikal Parteie beriichten? Sinn d’Medie selwer a Gefor duerch staark rietsradikal Parteien?

Dës ass an deene meeschten europäesche Länner eng vill diskutéiert Fro - an zu Lëtzebuerg?

Wéi beriicht RTL iwwert d’ADR?

Zu Lëtzebuerg zielt d’ADR, spéitstens mat der Ausriichtung fir déi lescht Walen an diverse Skandaler, als rietsradikal Partei. All d’Zeitungen am Land fannen hier eegen Aart-a-Weis mam ADR ëmzegoen an sech, entspriechend der eegener Ligne Editoriale, ze positionéieren. Wéi d’ADR am ëffentlechen Debat zu Lëtzebuerg duergestallt gëtt, läit awer haaptsächlech an den Hänn vun RTL, déi duerch en Tëlees-Monopol an eng absolut Dominanz bei Radio an Online-Informatiounen dee bedeitendsten Afloss hunn.

Eng kritesch Berichterstattung oder och just politesch Froe sinn awer op RTL generell net wierklech um Menu. RTL ass éischter apolitesch wéi neutral. Geziilt gëtt versicht, inhaltlech an ideologesch Froe klengzehalen. Politik gëtt op RTL zur People-Story, RTL produzéiert Infotainment, mat Schwéierpunkt kloer op der Entertainment-Säit. Deementspriechend ass och dem Ëmgank mat deene Rietsradikalen. Also gëtt mam ADR-Spëtzekandidat Fred Keup Spaghetti Carbonara gekacht, mam neien ADR Deputéierten Tom Weidig iwwer seng Hobbyen (Schach a Meditatioun) geschwat a mam Alexandra Schoos duerch de Bësch spadséiert - dat alles ouni eng kritesch Fro, ouni Anuerdnung. Am rezentsten Reportage iwwert den ADR Neijoerschpatt huet sech den RTL Journalist Jeannot Ries dorop beschränkt dem Fred Keup de Mikro hinzehalen an hie fräi schwätzen ze loossen. Et feelen net just dat kritescht Hannerfroen, mee et fënnt insgesamt eng Depolitiséierung vun der Berichterstattung statt.

Opklärungsaarbecht géint Rietsextremismus als Deel vum „Service Public“?

Et ginn op RTL isoléiert Ausnamen, déi grad well RTL an der Reegel kaum Kritik zur ADR zouléisst, gestallt wierken. D’RTL Journalistin Fanny Kinsch hat am September lescht Joer d’Verbindungen tëscht ADR an Civitas opgegraff a wärend dem Walkampf thematiséiert. Souwuel de Radios- wéi och den Tëleesbeitrag an och d’Zousazinterviews goufe vun der Journalistin praktesch eleng gemaach. An der Suite vum Fall weist sech, dass dëse eenzele Moment vu kritescher Berichterstattung eigentlech sou net gewollt si schéngt.

Den ADR Politiker Fernand Kartheiser reecht wéinst deem Beriicht eng Klo virun der Presseopsiicht an, dëse Fait gëtt awer vun RTL net thematiséiert. Am Géigendeel, RTL raumt dem Fernand Kartheiser vill Plaz an, fir sech géint Reprochen, déi an der Suite vun anere Medie wéi dem 100komma7 opgestallt ginn, z’äntweren. RTL verdeedegt seng Journalistin och net ëffentlech géint d’Reprochë vun der ADR, déi am Reportage eng politesch Attack gesäit a versicht den Diskussioun als Bün fir hier Kritik un de „Mainstream-Medien“ ze notzen.

Virsiichteg Positioun ergräift RTL just, wann et net ëm Lëtzebuerg geet. Esou geet d’RTL Journalistin Anne Wolff an engem rezenten „Commentaire“ op déi däitsch AfD an a schwätzt vun enger „Chance“ dem „Trend no riets“ ë.a. virun den Europawalen „eppes entgéint ze setzen“. Dass den ADR kuerz virun engem historeschen Erfolleg bei den Europawale steet an do an d’Fraktioun vun den italieeneschen a spueneschen Neo-Faschist*innen zéie wäert bleift onkommentéiert. Dat geet och anescht.

Ëffentlech-rechtlech Medie stinn europawäit am Zentrum vun enger politescher Debatt.

Den Armin Wolf ass en éisträicheschen Fernseh-Presentateur a Journalist, hie moderéiert op der ëffentlech-rechtlecher Chaîne ORF dat bekanntsten Noriichte-Format „ZIB 2“. An Éisträich ass den Armin Wolf awer och dofir bekannt, dass hien dem Rietsextremismus, besonnesch a Form vun der rietsextremer Partei FPÖ, d’Stier bitt. Fir säin Asaz fir d’Pressefräiheet gouf den Armin Wolf schonn dacks ausgezeechent. Den Armin Wolf weist heibäi och, wéi d’FPÖ d’Medien, a besonnesch déi ëffentlech-rechtlech, zum Walkampfsujet mécht. Eng ganz Rei Medien hu sech solidaresch mam Armin Wolf erkläert, dorënner och d’ARD-Magazin „Monitor“.

Eng kloer Haltung géint Rietsextremismus ass zwar net automatesch bei all Service-Public ze fannen, mee dofir awer eng kloer Linn vu rietsextremistesche Parteie géint ëffentlech-rechtlech Sender. D’AfD wéilt an Däitschland ARD a ZDF privatiséieren, d’Marine Le Pen huet a Frankräich déi nämmlecht Propose. An Italien, wou d’Fratelli d’Italia un der Muecht si gouf de Service Public net just geschwächt, mee an engem „Coup“ ëmgebaut an déi wichtegst Positioune mat Rietsextreme besat.

Zu Lëtzebuerg besteet keng imminent Gefor, dass den ADR un d’Muecht komme géif - awer dës Partei huet sech elo a Schlësselpositioune bruecht fir een Afloss ze kréien. „Medien, déi eng staatlech Pressehëllef kréien, sollen och esou Meenungen eng Plaz ginn, déi net hirer eegener „ligne éditoriale” entspriechen“ fuerdert d’ADR an hirem Walprogramm a stellt domat déi editorial Selbststännegkeet a Fro.

RTL: Keng Hëllef am Kampf géint Rietsextremismus

Zu Lëtzebuerg soll RTL, eng privat Entreprise, d’ „Mission de Service Public“ erfëllen. Dobäi stinn d’Privatmedien historesch éischter riets. Si sinn net der Demokratie mee dem Portmonni vun hiren Aktionär*innen verflicht a gesinn déi ëffentlech-rechtlech Medien als Konkurrenz déi et ze verdränge gelt. RTL gëtt hei an enger Rei mat de Medie vum Silvio Berlusconi a Rupert Murdoch genannt. Den Helmut Kohl huet RTL an d’Privattëlee gefërdert fir déi ëffentlech-rechtlech Medien zeréckzedrängen. Grad bei der Fro vum Ëmgank mat Rietsextremismus a mat der Verdeedegung vun der Demokratie ass et fatal, dass Lëtzebuerg ee Privatmedium amplaz een ëffentlech-rechtlecht huet.

Als Privat-Sender, bei deem déi kommerziell Interessen ëmmer am Vierdergrond stoungen, steet RTL, änlech wéi aner Kommerz- a Boulevardmedien, rietsem Sensationalismus no. D’Police gëtt net a Fro gestallt, sexistesch Inhalter steigeren d’Publikumszuelen, riets Polemiken (z.B. Sécherheet am Garer Quartier) gi gepusht an Autossendungen feieren de materielle Besëtz an d’Status-Symboler. Et ass net iwwerraschend, dass eng Partie vun deene Leit, déi haut den Diskurs op der rietsextremer Säit zu Lëtzebuerg prägen, aus de Reie vun RTL stamen. De Bas Schagen, eemolegen RTL Journalist, wor ee vun de aktiivste Corona-Verschwörungstheoretiker zu Lëtzebuerg, den EX-RTL Journalist Dan Hardy ass mëttlerweil Vize-Präsident vum ADR, moderéiert „ADR-TV“ a kandidéiert fir d’Partei bei de Walen. Hien kéint souguer an d’Chamber noréckelen, falls de Fernand Kartheiser de Sprong an d’Europaparlament packt. De Guy Kaiser, eemolege Chefredakter vun RTL Radio Lëtzebuerg, bedreift ee prominente rietse Blog op deem hie riets Verschwörungen deelt. Zum Beispill déi dass „d’Medien“ vu „lénks-gréng“ ënnerwandert wieren.

Eng geféierlech Situatioun

D’Iddie vun enger ëmmer méi radikaler Rietser sinn och zu Lëtzebuerg verbreet. Wou de Meenungspluralismus ophält a wou déi riets Verschwörungen an déi Demokratie- a Mënschefeindlech Hetz ufänkt musse sech hei am Land dowéinst net just Geriichter, mee och d’Medie stellen.