FOTOEN - Fier Iessen an Drénken war gesuergt
Eschweilerer Äppeljusfest
Der Deeg war zu Eschweiler rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kriddelschass23.02.2024Bah wann éen déi 0815-Belleg-Kroom-Chaînen, déi et iwwerall gett, kuckt, dann jo, mee et gett och Leit wei mech déi sou eppes net kaafen. An déen Luxus-Kroom och net. Fir mech ass nix do, well ech ginn gären bei kleng Designer kaafen, dei speziell Déeler verkafen an net eppes waat herno nach Honnerten Aanerer un hunn. Vun der Kannerarbecht guer net ze schwetzen. An der Qualitéit. An wann éen Filmer an Bicher an der VO well, ass Staad och net mei daat, well do ass jo alles "en Français" mat e bessi "Deutsch". An dann d'Héecherten. Voila, nee, et gett net fir Jidereen eppes an der Staad, ausser et huet een keng Ansprüche an mecht alles matt.
-
Komplet_Wurscht23.02.2024Ech stellen mir heiansdo d'Fro, wat verschidde Minister op hiren jeweilegen Posten verluer hunn. Als Minister vun der Fonction Publique schéint et mir logesch ze sinn dass een 'als Neien' sech aschaffen muss an och dofir déi jeweileg Gruppéierungen gesäit fir gewuer ze ginn wat leeft an wéi eng Aspekter et do ginn. Wann awer no 2 Joer kéng Decisioun, jo mol keng Spuer opkënnt an dat sech ëmmer un e Weiderreechen un aner Ministerkollegen an och den Premier beschränkt, deen erëm op dësen Minister verweist, dann schéngt et mir wéi wann dat entweder eng Zermürbungstaktik ass oder et absolut keen Plang hei méi gëtt. An dann ass et menger Meenung no och soulues Zäit konsequent ze sinn an d'Blad ze botzen. Bei Gambia 1 war den Logement dovun geprägt, déi Ministesch ass elo fir den Pavillon zu Dubai zoustänneg, duerno koum den Marc Hansen op deen Posten, bei Gambia 2 ass hien elo an der Fonction Publique zoustänneg mee och do leeft näicht weider. D'Lompen an der Politik fänken un ze richen..
-
luxusbuerger23.02.2024Wat hun d'Engläner eng chance ,datt sie daat nët musse mat bezuelen .
-
de_Feierbop23.02.2024Eng idee, dei e bessen speit kennt, mee et keint een och z.b. de chreschtdaags-trakteren d,arlaabnis ginn, vir z.b. zweschen 23:30 an 0:30 een tour duerch d,ländchen ze maachen. Domat hätten sie villäicht een doubelen succes, vir all hier arbecht, dei sie sech maachen, vir vill leit eng kleng freed ze maachen
-
Misanthrop23.02.2024Et ass irresponsabel d'Premièresschüler a -schülerinnen fir eng Woch an d'Schoul ze schécken. Wat sollen se an der Woch vum 4. dann nach léieren? Den Examensprogramm ass d'Matière, déi bis den 13. Mäerz duerchgeholl gouf! Schüler, déi Froen hunn, kënnen hire Prof iwwer Teams, E-mail, etc. erreechen. Den Homeschooling huet dach bis elo gutt geklappt. Firwat ass dat dann elo op emol net méi wouer? An der Woch vum 11. sollen d'Schüler nëmmen fir déi Prüfungen an d'Schoul goen, déi nach musse geschriwe ginn fir eng Zensur ze kréien. Fir all déi aner Prüfungen mussen si sech kënnen schrëftlech ofmellen. Et si schliesslech erwuesse Leit.
-
Alles-Quatsch23.02.2024Et as bestemt nach eng Plaz am Verwaltungsrot vu Arcelor Mital frei.