FOTOEN - Vill lass
Fettmether Madèrefoire
De Weekend war zu Fettmeth rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Wuermdran24.10.2023Hei hëlleft jommeren a jeitzen no der Politique naïscht. D‘Politique kann do naïscht maan, just eng Drëpps Wasser op e warme Steen. Hei spillt d*Gesetz vun Offre an Demande, Capitalismus pur. Kuckt op YT d‘Sendung vun „Tout Compte Fait“ iwert micro appartementer, „Plus c*est petit, plus c’est cher“ do gesid Dir wou d‘Rees higeht. Leit liewen an Miniverschléi vun ron 10m2. An auslänneschen Metropolen normal. Dofir gin dann 500€ de Mount bezuelt 😢 https://www.youtube.com/watch?v=fG8LHzqnGmU RTL Link w.e.g. löschen wa net ok
-
Majo_secher_dat24.10.2023D'Schueberfouer ass, mengen ech emol, een eenzegen Ausnamezoustand an do ka net all Gesetz bis op de leschten Dippelchen genau agehal ginn. Dat ass net méiglech. Dat geet net, well d'Freed an de Spaass da, je no Fall, ënnerbrach sinn. Eng Konditioun muss awer bestoen an dat ass, dass jiddereen, an domatt mengen ech och jiddereen, komplett zu Sengem kënnt. Wa mir elo ufänken, léif Frënn vun RTL, opzepassen, dass als Gesetz penibel agehal gëtt, dann hu mir gläich um Glacis eng Bud mat dräi Riichter stoen, déi permanent Uerdeeler huelen.
-
Anna_List24.10.2023Agesiesse Politiker ginn net genuch no hirer Kompetenze gemooss, vläicht hunn se mol guer keng Kompetenzen, et kennt een se an et ass éischter eng Bistrot-Politik a wanns de ee kenns deen ee kennt, da geet villes. Duerfir ass et gutt dass extern rekrutéiert gëtt an dat huet sech jo an der Lescht als positiv erwisen. Leit déi den Terrain kennen a preparéiere fir "hir jeeweileg Minister" sinn éischter a méi kompetent wéi de jeeweilege Minister selwer deen säi Kreepchen ënner de Pabeier setzt.
-
Wuermdran24.10.2023Een steht fest ,dass deen jeinegen deen op Strosbuerg an deen Europa Tempel keint, dem sein Brout ass geback , do kenn der jo den Turmes froen ,deen wees eppes dovun.
-
Verstinechnet24.10.2023Enn den 90er hunn d’ Jongsozialisten mam Lieutenant Représentant, also mam heitegen Grand-Duc iwwert d’ Republik geschwat, et war eng ganz interessant Entrevue fir déi zwou Säiten. Do hunn ech de Grand-Duc als äusserst interessanten an oppenen Gespréichspartner erlieft. Egal wat een fundamental vun der Republik oder vun der Monarchie hält, muss ech soen, onse Staatschef ass vill, vill méi oppen wéi déi mëscht d’ Politiker. Deemools ass grad d’ Dier opgaangen, wou mir grad mat him ugefangen hunn doriwwer ze schwätzen, fir matzedeelen dass ons Zäit eriwwer wier, also hien hätt enger Diskussioun problemlos kéinten aus dem Wee goen. Mee nee, hien ass opgestanen, huet déi Persoun (total erstaunt d’ Aen an de Mond grouss op) no baussen dirigéiert, an d’ Dir erëm zougemaach, an ganz cool mat ons iwwer dee Sujet geschwat.
-
Kriddelschass24.10.2023Leider waert et mam DFB net esou einfach gin en Titel ze huelen wei daat zu München war, mee hätt et och esou gemaach wann ech alles mat menger Ekipp gewonnen hätt waat meigeleg war. Mee en geseit jo genug Spiller vun München erem an sin elo schon gespaant waat hien mat sengen Lieblingsspiller den Müller mecht an ob den Boateng no der EM och erem am Kader mat dobaei ass.