FOTOEN - Tëscht Rippweiler an Neiduerf
Bagger rennt an Elektroauto
Photo: Adam M
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Gaardebounen12.02.2024Den Scenario deen eisen Premier jo privilegiert huet, daat heescht een Emprunt op Europeechem Niveau, aus Solidarität matt denen Laenner (Italien, Spuenien, ...), dei wann se alleng missten goen , vill mei schlecht Konditionen um Marché kreien, ass jo op Europeeschem Niveau ofgelehnt ginn (merci Holand, Eistereich, Finnland an Deitschland, an vive t'Solidariteit an Europa). Dann bleift Letzebuerg naischt aanerescht iwweresch ewei "cavalier seul" ze maachen.
-
de-ben12.02.2024d'CMCM fiert den ëmgedréinte Wee. Op fb schreiwen se op englech an hieren Direkter schreiwt da vun offizielle Sproochen...
-
de_Fern12.02.2024wou bleiwt Entschëlligung vum Spiller Nübel respektiv vum FCSchalke vis à vis dem Spiller respektiv dem Club vun Eintracht Frankfurt ??
-
Waat_een_Kaabes12.02.2024Oh je et gin awer vill Leit dei dat net verstin den F91 wëll just Suen sammelen an sech schounen fir Europaleague se faalen net eraus aus der BGL League an mat den Mënz wou se kreien kaafen se Nei Spiller an nächst Saison sin se erem Champion an maachen erem alles geckeg an der Europaleague :-) Ass dat elo verstaanen ???
-
Letzebuerger_Patriot12.02.2024Police ass chronesch ennertbesaat.... Emplus kommen nach Stonnen Pabéierkrich derbai! Alles Wonschdenken.....🤷♂️