FOTOEN - Tëscht Schanz an Findel
Streewon kënnt net laanscht Rettungshelikopter
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Elo_haal_awer_op11.02.2024Richteg. Mir brauchen weder Greenpeace nach de Mouvement Ecologique. Firt escht de Corona bekämpfen an dann villeicht eis mat deenen hieren Topeschkeeten beschäftigen.
-
LibrePenseur11.02.2024Top, de Charles Leclerc huet sech locker Pole virum Max Verstappen geholl. Bravo Ferrari! Let's go Lewis Hamilton, näischt ass onméiglech!
-
Gaardebounen11.02.2024ech hoffe jo dass all déi, déi der Joghurtsfabrik deen ze héige Waasserverbrauch vierhaale selwer nie ee Joghurtsdëppchen doheem am Frigo hun. Oder ass et eng aaner Saach wann d'Waasser daat fier aere Joghurt, Waïsse Kéiss, Kachkéis , asw. gebraucht gëtt am Ausland, verbëtzt gëtt. Emmer Faï nom Motto "et ass jo nët bei eis" also ass ët nët wichteg.
-
Kritiker11.02.2024Et ass irresponsabel d'Premièresschüler a -schülerinnen fir eng Woch an d'Schoul ze schécken. Wat sollen se an der Woch vum 4. dann nach léieren? Den Examensprogramm ass d'Matière, déi bis den 13. Mäerz duerchgeholl gouf! Schüler, déi Froen hunn, kënnen hire Prof iwwer Teams, E-mail, etc. erreechen. Den Homeschooling huet dach bis elo gutt geklappt. Firwat ass dat dann elo op emol net méi wouer? An der Woch vum 11. sollen d'Schüler nëmmen fir déi Prüfungen an d'Schoul goen, déi nach musse geschriwe ginn fir eng Zensur ze kréien. Fir all déi aner Prüfungen mussen si sech kënnen schrëftlech ofmellen. Et si schliesslech erwuesse Leit.
-
nizefridden11.02.2024E gudden kommentaire, mee wann een déi politesch ideologie am Kader vun enger moderner Familljepolitik vun Gambia kennt, ass dei mesure vun der gratis maison relais eng logesch konsequenz....🤷♂️ Heescht nett dass ech se gudd fannen....Kanner sollen doheem erzunn gin!😉
-
Tata-Sidoni11.02.2024Hun mer an der EU jos keng aner Problemer🤦