FOTOEN - Tëscht Bënzert an Kranzenhaff
Campingcar rennt an Bam
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
DePefferkaerchen22.01.2024Aua, den Här Aulner vermescht do e puer Saachen, déi eigentlech näischt mam Certificat ze din hun. Z.B dat Pharmafirmen Suen mat den Impfunge maachen. D'Petrolsfirmen maachen jo och Suen mat dem Benzin an Diesel, solle mer dowéinst den Auto ofschafen? An ech kennt där Beispiller nach x gin. Stellt iech just mol vir, wou a wéi mer dru wiren, wann et keng Impfung géif! Ech fannen dat sech impfe loossen een Akt vu Solidaritéit vis a vis vun senge Matmenschen ass. Et get net vill dervu geschwaat, mee anscheinend kenne bis zu 15% vun de Menschen sech net impfen loossen (Kanner, Kriebskranker, Läit mat Immunschwächt, Läit mat Blutkrankheeten, etc ) Wéi schütze mer dann déi? Nemme wa mir aner geimpft sinn. A wann ech als Geimpften durch den Impfpass meng Rechter rem remkréien, fannen ech datt nemmen richtig.
-
KriteschKritik22.01.20241. Deel: Waat gesechert ass aus der Forschung ass, datt mer an eisem Gehier 2 Cannabisrezeptoren hun, wou kierpereegen "Cannaniboiden" kënnen undocken. An der Pubertéit nun get d'Gehier durch d'Hormoner strukturell emgebaut. Dat dauert +/- bis 18 Joer. Wann een also kierperfriem Cannaiboiden regelmässig zousechhëlt ier den Embau vum Gehier ofgeschloss ass, get den Embau gestéiert an et kann et zu irreversible Schied um Gehier kommen. Do genau läit de Problem : Wéi verhënnere mer datt Mannerjähriger un Gras an Haschisch kommen? Am Moment schéinkt dat jo net ze klappen, well de Produit ass einfach ze kréien, an datt opschon en verbueden ass! Daat ass et Problem, deen net ze ignoréiren ass! Mee wéi ass et matt den Erwuessenen, déi sech als "Genussraucher" - genausou wéi de "Genusstrinker" säin gelegentliche Pättchen - vun Zäit zu Zäit wellen eng Tiitchen ranzéihen? Do stéiert mech einfach, datt dausende vun Menschen dowéinst ze Kriminellen gemaach gin !
-
Waat_een_Kaabes22.01.2024et as jo alles schéin an gut,mee die 2 Km Stroos vun Brouch op Saeul,as méi schmuel wie die Beschautobun. Et kommen mol keng zwee Kamionen lanstenee.
-
de-ben22.01.2024Do feelt en Frank Engel, ehrenlos erausgeheit gin.
-
Tata-Sidoni22.01.2024Leit wärten jo mol nodenken wat dei lescht Joeren alles durch dei Greng op eis duer kommen ass.
-
Misanthrop22.01.2024Gellen dann och elo Quoten um Bau?Haalt dach endlech op mat deem Gesteppels.
-
NONDIKABES22.01.2024do get Natur awer schein verschampeleiert, dat geseit dach egal wei aus nemmen Kappressel