FOTOEN - Tëscht Aasselburren an Bommelscheier
Ramm kritt Louheck ze paken
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Eieiei15.01.2024E ganz schwaachen Optrëtt vun der Gesondheetsministesch. Op all Verbesserungsvirschléi vun hiren Opponenten ëmmer die selwecht Äntwert " dat ass esou ugeduecht". Alles Ugeduecht an näischt ëmgesat an 10 Joer, ausser die Doutgebuert vun Patientendossier. Vir de Recht wéi üblech stur festhalen un Zentraliséierung an Planwirtschaft. Ech hoffen am Intressi vun Patienten, Dokteren an Pflegepersonal dass et eng CSV/DP gëtt, Dat waren die zwee eenzeg déi mech e bëssen iwwerzeege konnten. Och wann d Madame Hartmann en klengen Eerdanz huet missen machen vir sech et nët schon elo ganz mat roud_gring ze verdierwen, et kéint jo mol sinn dass et vir schwarz_blo nët duergeet.
-
Baam15.01.2024Madam Ministesch schengt net ëmmer ze wëssen wat hei am Land leeft. Si seet si wären ganz fréih aktiv gewierscht an den Altersheemer. Weiderhin schwetzt se vun brutalen Zoustänn an aneren Länner matt méintelangem Besuchsverbuet fir Famill an den Heemer. Ech dierf drun erënneren dass genau den méintelangen Besuchsverbued hei am Land di batter Realitéit wor. Demols sin nach wochelang Pensionnairen infizéiert gin well d'Personal keng Masken a.s.w. hat. Duerno ass verpasst gin fir Konzepter an eng Teststrategie fir Personal an Résidents duerchzezéien. Elo gin dann di meescht Infizéiert net méi hospitaliséiert, sondern leien an Covid-Statiounen ouni optimal Betreiung an den Heemer. Iwer d'Halschent vun eisen Doudeger kommen aus den Heemer. Bescht Gréiss 🩺
-
kleinGEIST15.01.2024Op Instagram ënner Drock gesaat fillen: einfach lächerlech!