FOTOEN - 112 mellt
Flitzer a Flamen zu Mëtschenhaff
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_hexemeeschter08.01.2024Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Mister X08.01.2024Et ass zenter Joeren net méiglech mam Unterrichtsministere eng astänneg Kommunikatioun ze hunn. Den Här Minister schwätzt seng Reforme mat rethoreschen Mettelen schéin. Kritik get net eescht geholl. Um Terrain ännert näischt. Reforme vun 2009 hun net gegraff, sin net emgesat ginn. Naischt get serieux evaluéiert. Fakt ass, dass mer an den internationalen a nationalen Studen emmer mei schlecht do stinn wat Kompetenze vun de Kanner ubelangt. Parlamentaresch Froen sinn e souffrance.. bei 16 Froen ass den Delai depasseier. Op Pressekonferenzen reegen Journalisten sech op well se 6 Meint keng Äntwert kreien. Dat ass alles net mei ok.
-
Virwatnet08.01.2024Ha..top..an se waren virgewarnt!! Bayern haat ett schon matt der 2 équipe probéiert, an den Toppi huet ähnlech fehler bei der Opstellung gemach....😂🙈 Félicitatioun Saarbrecken👏👏🏆
-
HeiMengMeenung08.01.2024Einfach fir ze lachen da do , mei egal alles dauert jo 20 joer hei am Luxusland Lauter superintelligent an heichstudeiert Leit op denen falschen Plaatzen
-
DatAssMengAnalyse08.01.2024Läit et an engem Natuerschutzgebidd? Ech denken net an wann, jo wéi steet hei? Oplagenerfëllung an dat kascht net grad e puer Cent. Huet dat Bautegesetz schon deemols bestanen oder net en face Natuerschutzgebidd? Wann neen dann fällt et an déi al Gesetzgebung an dann kann d'Biergerinitiativ de kierzeren zéien. Ass dat neit Gesetz esou verfaasst woumader dat alt automatesch ausser Kraft setzt, dann kann genau esou d'Gemeng ewéi déi Firma de kierzeren zéien. D'Heimtücke läit genau doraner, a.z. op nei Gesetzer al Gesetzer ausser Kraft gesat hunn. Kloer gleewen ech dann och net méi dass dann 《18.000 Nuitéeë pro Joer》 dat net méi ze realiséieren ass.
-
Baam08.01.2024Ech fannen et e NO GO wann eng Partei d’Leit regelrecht benotzen déi bekannt sinn, sierf et duerch Sport oder soss eppes, an dat just fir e puer Stëmme méi ze kréien?! Ech denken, dass wann e Mënsch sech wirklech fir Politik interesséiert, en dat souwisou a senge jonke Joeren decidéiert a selwer weess wéini de Moment do ass?! Wann ee sech awer decidéiert eng Famill ze grënnen, missten d’Kanner, esou ewéi dir dat selwer sot Madamm, de Mëttelpunkt sinn a bleiwen. D’Kanner verlangen weder Crèche nach maison relais, mee éischter esouvill wéi méiglech d’Präsenz vun den Elteren! Et profitéieren net nëmmen d’Kanner doduerch, mee och d’Eltere selwer wann se gesinn wéi se sech entweckelen a wéi dankbar se duerno sinn?! Et ass fir mech einfach déi schéinst Episode am Liewen!!! Well ech mech e puermol fir dem Vollek säi Wuel mat Succès engagéiert hat, wor ech och gefrot ginn fir an d’Politik. Ech sinn haut nach frou, dass ech nee gesot hunn, zemols wann ech gesinn wat do säit 20 Joer leeft
-
Mengmegnung08.01.2024Wéi culottéiert muss ee sinn a fir wéi eefalteg wëllt een d'Leit haalen wann ee mat Zuelen vun enger Etüd operéiert, wou en erschreckend héige Chiffer vu Beamten guer nët geäntwert hun?
-
Letzebuerger_Patriot08.01.2024Et mecht kee Sënn eng Fro ze stellen fir an d'Sendung well bis elo ass nach ni esou eng Fro opgegraff ginn an och ni vun engem Invité beëntwert ginn. Et ass keng interaktiv Sendung wou de Publikum dru bedeelegt ass. Schued, ass awer leider esou.
-
Egalwat08.01.2024Dat do ass a sech net richteg!!!! Fir richteg misst iwerall dee selwechten daag gewielt gin!!!!! Prognosen dierften och na keng rauskommen!!!! Dat da ass just beaflossung, sief et an déi eng oder an déi aner richtung!!!!