FOTOEN - Tëscht Wormer an Amber
Elektroauto rennt an Mais
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Alles-Quatsch03.09.2023A schon gett net neess gemeckert an lamentéiert firwat kee Letzebuerger deen Posten do kritt huet. Pardon mee virum meckeren könnt mol d´alleréicht d´Nodenken. Firwat ass et kee Letzebuerger gin ??? Et kann jo sin datt keen vun deenen drai Kandidaten déi entspriechend Viraussetzungen hat. Dat ass nun mol esou wann fir een Posten vill Kandidaturen era kommen dann deen entspriechend beschten eraus gesicht gett. An ausserdeem steet néierens geschriwwen datt et muss een héi aus dem Land sin. Et gin iwwregens och Letzebuerger op ähnlechen Posten am Ausland, ech kann mech z.B. nach gutt erenneren dat virun nach net all ze langer Zait iergendwou eng Reportage iwwert eng Letzebuerger Dame op esou engem ähnlechen Posten, ech mengen et ass an der Schwaiz, eng ganz gutt Arbecht mecht. Wann ech mech net ieren war deen Reportage eng Kéier an der Artbox op Telé Letzebuerg.
-
MELLECHKOU03.09.2023Nach eng Kéier. Vill Leit schwätzen nees vu Saachen wou sie nët verstinn. A mir bleiwen bei de gudden aale Clichéen... Vill Chargéen können an hierem Fach guer KEE Concours maachen well ët déi Diziplin am Concours guer nët gët ! Daat ass notamment de Fall vu villen Enseignanten an der Beruffsausbildung. Beispill vu villen: e Formateur (extern) an der Logistik ka guer kee Concours an der Logistik maachen ! Hie misst fir d'éischt en anere Concourrs maachen (z.B. Machinebau), duerno e Stage am Machinebau, fir zum Schluss déi Kueren guer nët ze hunn. Also gët hie Chargé de cours an der Logistik a mecht an deem Fach säit Stage.