FOTOEN - Tëscht Hakenhaff an Café Halt
Hybrid kënnt net laanscht Lok
Photo: Markus Schmitz
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Mister X27.07.2023Et ass emmer einfach soen „mir hätten dist, mir hätten dat“ .... dat sinn esou typesch Äussoen. Am nachhinein ass een emmer mei schlau, an jidfereen geif Sachen anecht machen, wann en Zäit keint zreckdréien. Eis Regierung geif och vielleicht dat eent oder anert anecht machen, mee et huet keen eng Kristallkugel no der en seng Entscheedungen trefft. An KEEN hätt an der ganzer Corona-Situatioun keinten esou handlen, dat et fir jidfereen „richteg“ gewiesst wier. Dat wier guer net méiglech.
-
geftzwersch27.07.2023Wéi wier et, wann d’Chamberpolitiker bénévole schaffe géingen? Si hunn jo all en d’Job, oder 😎?
-
Baam27.07.20231) Ouni Bauer, kee Wees, kee Brout! 2) Ouni Bauer, keng Kou, keng Mëllech! 3) Ee Bauer schafft all Dag rondrëm d‘Auer. 4) Bio kann d‘‘Welt net ernähren, well den Ertrag vill méi kleng ass, ass also ee Luxusproduit. 5) Bio brauch vill Bio-Dünger = Piff a Mëscht, duerfir schléisst sech vegan a bio aus. Mir brauche vill Kéi fir biologesch düngen ze kënnen. 6) D‘Unzuel vu Kéi pro Haff an der EU ze decklen mécht kee Sënn wann an aner Länner bis zu 50000 Kéi op enger Farm gehale ginn.
-
Mengmegnung27.07.2023Wei' wär et dann wann de Papa Staat, deen jo soss Milliounen verpolvert ( Space mining, neien Stadion, Tram asw. ) et emol gei'f maan ewei' an Griechenland . Do krei'en dei' Leit , dei' un vischter Front vir ons Gesondheet kämpfen, elo vir Ouschteren eng Prime.
-
Politmotor27.07.2023Ech senn houfreg op all dei Leit ! Och op all dei probeiert hunn. Wessenschaft brengt eis einfach weider !!
-
Emmer daat selwecht27.07.2023Wahlrescht soll een hunn awer keng Wahlpflicht, Demokratie ass Fraiheet, wann ech muss dann ass et keng Frai endscheedung, dann ginn ech Dikteiert appes ze machen.
-
Aniwregens27.07.2023Top Diddeleng, déi ganz Équipe huet zäitweis wéi aus engem Goss gespillt, vläit och e Verdéngscht vum neien Coach ? Eraus gestach hunn iewer besonnesch de Sinani an de Schnell! Denken dass besonnesch den D.Sinani net méi laang wäert Amateur bleiwen. Dat wier zwar schuet fir Diddeleng, mee gutt fir ons Nationaléquipe. A propos Nationaléquipe, firwat steet de T.Schnell nach ëmmer net am Kader vun de roude Léiwen ? Mat der Leeschtung (an dat schonn iwwer länger Zäit) muss deen einfach gesat sinn.... hei muss wuel een iwwert säin Schiet sprangen ... allez Holz/Schnell, setzt iech zesummen a kläert äre Litige! An un RTL, mam Marc Oberweis hutt dir genau de richtegen Mann fir d ‘Analysen vun de Matcher, do mierkt een dass dee Mann laang um Terrain stoung. Seng Analysen setzen an hien scheit och net fir Problemer unzeschwätzen. Weider esou!
-
de-ben27.07.2023Wéi soll de Xavier Bettel sech lo nach viru Studente stellen a soe, se sollen net fuddelen oder wann e mat Schüler schwätzt? Dat ass e Problem." Aleng deen Satz huet alles gesoot an dofir brauchen mir Neiwahlen ! Eng CSV mat Bürosdëscher vun 25000 Euro d’Stéck an mat engem Gloden wou géint de Referendum ass an eng Partei wou iwwer 50 Prozent um Engel senger Säit sinn esou wéi déi Gréng mat Dieschbourg , Traversini , Braz an all déi aner Geschichten sinn se net méi drobar !!! Déi rout mat engem Quaselborn , een Selbstduersteller alias Bartolomeo asw o je o je wat een Misere ! Mäin Respekt ass fir Lehnert an d’Piraten , domadder kann een liewen an nolauschteren !
-
Donald Duck27.07.2023Interessant, emol eppes net esou alldeegleches. Bon chance dem Kevin nach.