FOTOEN - Tëscht Nidderwolz an Universitéit
Doppeldecker rennt an Rulott
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
haldechkleng17.06.2023Madame Dieschbourg kuckt ganz gären an Zukunft.Ech och ann hoffen dass dei greng bei der nächster Regierung net mei dobäi sinn
-
DatAssMengAnalyse17.06.2023“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.
-
Iddefix17.06.2023Di Gréng waren emol gréng. - Anti-Atombewegung, Antikrichs- a Friddenspartei; hire fréiere Sympathiebonus hunn si scho laang an op Éiwegkeet verspillt. - Entretemps bidden si dee selwechte Mitschmatsch wéi all etabléiert Parteien un, spille Krichsminister, bedeelegen sech u Kricher, ginn enger Rei Industrië wéi Solar, Wand, an E-Automobilindustrie Milliarden ze verdéngen, suckelen d'Vollek finanziell mat CO2-Steieren aus an dem Bierger seng Sue gi verpolvert, vir, dass d'Energie a Form vun Atom-, Gas-, a Kuelestrom iwwert d'Grenzen era kennt.
-
Waat_een_Kaabes17.06.2023Hätte mier de Pärdsschwanz errëm gud zu Brèissel