FOTOEN - Tëscht Guddelt an Esch-Uelzecht
Bus rennt an Rollschung
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Meckerhary27.04.2023Kanner hun Zäit, kee Geld, fille séch onverstan an dierfen net matschwätzen, wëlle scho fréi erwuesse sin, kafe massiv, wëlle Spass, ausprobéieren, séch ofkapselen, an hier Dramwelt flüchten, also Internet. Gesi wat anerer hun, sin och scho jalous. 18-27 jähreg: hu Geld, si gesond, Spass pur. Evtl scho Frust op der Aarbécht, evtl scho Frust an der Léift --> Massekonsum. 28-38 Famill hëllt Zäit, Aarbécht wichteg fier eppes opzebauen, vill Käschten, dynamesch, Léift, vläicht zevill duefir och Gebuergenheet, Ofwiesslung mat Jugenddreem durch Elektronik,39-50 éischt Gesondheetsproblemer kommen, Famil fänkt u Routin ze gin, Léift breckelt, Aarbécht fällt méi schwéier --> burnout steet virun der Dier, awer Deelzäitaarbecht wéinst den Prêter net méiglech, deieren Auto bréngt Bestätegung zeréck déi doheem a vum Chef feelt. 51-Pensioun: et gët net méi einfach, en deieren Auto deet richteg gutt, mais dat 100% schaffen ass sou lues eng Laascht 68-... vill Zäit, krank, Bestätegung vun der Schaff feelt evtl --> Flucht virun der Realitéit. Pilieren am Liewen: Léift, Famill wou een d'Gefill kritt wichteg a gebraucht ze gin, Aarbécht déi engem Freet mécht, sozial Aufgab am bénévolsberäich wann ee keng Famill huet, Frënn, Hobbyen, gesond Ernährung...an da brauch een dee Konsumwahnsinn guer net a kann der Conditionéierung éischter de Réck dréihen
-
Mengmegnung27.04.2023alles guddes onser grand duchesse fir hieren geburtsdag! ech sin traureg dass dat hei ennert ferner liefen bruecht get! sie huet onsen grand duc begleet, hien ennerstetzt, onsen héritier gebuer an soll elo ignoréiert gin.
-
BAARTJANG27.04.2023Jo, och Lëtzebuerg ass an der gréisster Kris säit 1945. Allerdéngs gëtt elo vun verschiddenen Säiten eng Lawin lassgetrëppelt vun enger Mentalitéit vun Net-Bezuelen. Op der enger Säit mengt den LSAP-Präsident Rechnungen missten (??!) bezuelt ginn an op der anerer Säit sollen awer verschidden (!!) Rechnungen (wéi eben den Loyer) net bezuelt ginn ...... Wann den circuit économique nach e puer Wochen am Koma léit, wäert sech Lëtzebuerg wuel ganz schwéier, a vläicht souguer iwwerhaapt net, dovunner erhuelen. En fin: en gutt opgestallten Betrib bezilt KEEN Loyer fir seng Gebaier, hien ass nämlech selwer den Proprietär!
-
KengduebelMandater27.04.2023Schued, e capablen Technocrat geet. Am Plaatz kënnt hoffentlech erëm e Mann odervengbFra vum Fach heescht Économist. Mir brauche net erëm ennTurnprofbannoch keen Affekot,als Wirtschaftsminister. W.e.g. Léif LSAP kuckt och no de Fähergkeeten net nëmmen ob en treie Parteizaldot oder schlëmmer nach e Schnösel wou de Papp vrun him do war.
-
Mausketti227.04.2023De weekend ass alles voller net letzebuerger Plaquen op den parkingen vun de grandes surfaces an an der Stadt. Sie dierften un sech just erankommen mat valablem Grond awer net vir akaafen ze kommen oder durch d'Stadt ze bummellen well sie daat bei sech net dierfen. An mir Résidents sollen oder mussen op esou vill wei meiglech kontakter verzichten. Zuelen vun positiven Fäll bei den non-résidents gin mir jo schon laang net mei gewuer, et freet een sech firwaat.