FOTOEN - CGDIS mellt
Firmenauto op der Kopp zu Universitéit
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_dann24.03.2023Tip top geschwaat 👍
-
Populiste24.03.2023Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.
-
Majo_secher_dat24.03.2023an erem eng Blamage fir ganz Letzebuerg !
-
Heemecht_lu24.03.2023Jo, och Lëtzebuerg ass an der gréisster Kris säit 1945. Allerdéngs gëtt elo vun verschiddenen Säiten eng Lawin lassgetrëppelt vun enger Mentalitéit vun Net-Bezuelen. Op der enger Säit mengt den LSAP-Präsident Rechnungen missten (??!) bezuelt ginn an op der anerer Säit sollen awer verschidden (!!) Rechnungen (wéi eben den Loyer) net bezuelt ginn ...... Wann den circuit économique nach e puer Wochen am Koma léit, wäert sech Lëtzebuerg wuel ganz schwéier, a vläicht souguer iwwerhaapt net, dovunner erhuelen. En fin: en gutt opgestallten Betrib bezilt KEEN Loyer fir seng Gebaier, hien ass nämlech selwer den Proprietär!
-
EsoueweiEchdaatgesin324.03.2023Et gouf mol sou en Spill, „Sim City“… Wann d’Awunnerzuël roofgaangen ass, an Awunner eng Staat Verloos hun, War en en schlechte Buergermeeschter oder huet eppes falsch gemaach… Ass hei net vill aanescht. Prinzip bleiwt dee selwechten. Letzebuerg huet einfach näischt mei waat een kann heihaale, wann ee bis mierkt dass Geld net alles ass. Sur ce, schein Ouschteren
-
Knadderhary24.03.2023Aus dem Text geht aver net eraus wieviel mol an sengem lieven en sein Geschlecht kann änneren lossen? Dat könnt aver och en ganz groussen Problem gin well no epuer Joer kann en sech jo Wellen rem emorientieren, an dann...
-
Elo_awer24.03.2023De Jong ass gudd,mee un eis Joerhonnert Talenten Gebridder Schleck kennt en leider nett run!☝️ Bon,um Gringen Dësch den TDF ze gewannen ass sou eng Saach!! Wann den AS e bessen méi diziplinn gehaat hätt, wier en epuermol TDF Gewënner gin!😊