FOTOEN - Tëscht Peppeng an Kirchen
Quad rennt an Rulott
Photo: Public Domain
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_Schockeierten28.02.2023Zu Märel get et och een Weier am Märler Park an do ass och een Hotel plus Café direkt beim Weier. An do geuf et och keen Opstand an jidereen ass zefridden.
-
den_Schockeierten28.02.2023Johnny - 16.12.2019 05:23 1 4 Heich(t) Wasser???? Ass ett nett Heichwasser???🤔 et as ( Renaturéierung )
-
Meckerhary28.02.2023No den Eu-Kandidatewalen e Samschde, ass dann wuel d‘Opspléckung vun der Partei ugesot. Et dierf een gespaant sinn wien am Coole Grupp, a wien an deem anere Grupp wäert sinn.
-
Mister X28.02.2023Et konnte Vaccinë entwéckelt ginn, déi eng Erliichterung woren an elo d'Hoffnung duerstellen, datt mer all endlech aus deer Kris rauskommen? Wou d’Spideeler sech fëllen, gëtt awer hei Leit d’Wuert ginn, déi keng Skrupel hunn déi Fräiheetshoffnung ëmzedréinen, an déi keng Grëtz Matgefill weise fir d’Famillje vun deenen déi d’Krankheet net iwwerliewt haten, a kee Respekt weise fir all déi Leit, déi de Kranken hëllefen. Et wir dat mannst wat ee vun all ziviliséirtem Mënsch erwaarde kënnt. Géif jidderee sou denke wéi déi Demonstranten, ounst éierlech Unerkennung vum positiven Impfeffekt an ounst e Minimum u Vertrauen an Dankbarkeet fir d’Medizin an d’Pfleeg, dann hätte mer séier en Zoustand wou kee méi deem anere vertraue géif. Wou d’Zesummeliewe net méi méiglech wir. Mat hirem Verhale schueden déi eng wéi déi aner dem Zil aus der Pandemie rauszekommen an domat äis all deels physesch a psychesch. Dofir wir et méiglech sou eppes souguer aus liberalistesche Grënn ze verbidden.
-
DePefferkaerchen28.02.2023Tjo kee Wonner, den Auto ass a bléift dat flexibelst a bequemste Mëttel fir iwwerall an zu jidder Zait hin ze kommen. Et brauch een kee Fuerplang, era klammen an fort geet et.. an virunallem et brauch een kee Gepäck ze schleefen, ausser déi puer Meter vum Zëmmer an d‘Garage oder wou soss den Auto steet.
-
JEAN-FRANCOIS28.02.2023Net nëmmen ISCHGL; liest emol wat zu Mulhouse geschitt as, Mëtt Februar hun do 2000 Leit vun enger evangelescher Kierchegemeinschaft zesumme gefeiert..... Dat huet zu der schlëmmster Covid-19 Epidemie a Frankräich gefouert.
-
Kridelech28.02.2023De weekend ass alles voller net letzebuerger Plaquen op den parkingen vun de grandes surfaces an an der Stadt. Sie dierften un sech just erankommen mat valablem Grond awer net vir akaafen ze kommen oder durch d'Stadt ze bummellen well sie daat bei sech net dierfen. An mir Résidents sollen oder mussen op esou vill wei meiglech kontakter verzichten. Zuelen vun positiven Fäll bei den non-résidents gin mir jo schon laang net mei gewuer, et freet een sech firwaat.
-
Yuppy28.02.2023......et kéint een d'Altersheemer jo awer och gratis maachen ?