FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Campengcar a Flamen zu Houfelt
Photo: Emily Boyd
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Mengmegnung23.02.2023Dei Petitioun fannen ech ok, mais de Mettelstand gett och emmer rem vergiess.Eng Koppel déi zesumme schaffen geht fir sech iwerhapt kënnen e logement ze leeschten mussen richteg anstänneg Steieren bezuelen well déi 2 salairen zesummegehait gin , en plus as de plafong erofgesat gin sou dass een nach méi muss bezuelen resp.manner kann ofsetzen, an een deen iwer 40Joer laang Steieren bezuelt huet an elo an der Pensioun as kennt och schlecht ewech, merci Här Gramegna, dat as typesch Gambia.....fir d'Famillen gett eppes gemach an de Rescht as hinnen Wurscht!!!
-
Matbierger23.02.2023Virwaat huet d' CSV da keng Reserven ugeluecht virun der Kriis, wéi sie un der Regierung waren? Virtéicht näicht maachen an dono meckeren.
-
EsouAwerNet23.02.2023Prinzipiell Fro: Huet de Här Meisvh iwwerhaapt d'Recht ebg Schoul zou ze machen? Et ass jo och nët de Wirtschafts- oder Arbechtsminister den decidéiert op eng Zort Betrieber mussen zoumachen odrr dass just 4 Leit daerfen un engem Dësch setzen. Ech mengen hei klappen der vill op de Falschen, an dann och nach, hei jäitze bal just déi, déi d'Schoule wëllenzou machen, déi wou se wëllen oploossen héiert ee bal nët. Wann een daat op d'Zuele reduzéiert da géifen 100 Leit fier d'ganzt Land schwätzen? Daat wier mol kee Schoulgebäi an der Stad....
-
Fachmann23.02.2023Dass e puer vun deene villen Shopping Centeren net ginn, wonnert mech guer net. Zu Lëtzebuerg brauche mir guer net esou vill Shopplngcenteren an mat Homeoffice ginn nach vill manner Leit z.B. op d'Cloche d'Or. De 'normale' Lëtzebuerger geet souwisou am léifsten an d'Belle Etoile oder an d'Concorde. Dat ass bal wéi een Ausflug wou e sëcher ass Kënneger ze treffen a bei engem Kaffi poteren ze kënnen. Bei deene neien Adresse, Belval, Cloche d'Or oder vàv vun der Philharmonie hunn sech e puer Investisseuren a Geschäftsleit ferem verspekuléiert.
-
DePefferkaerchen23.02.2023Dem Suzie seng Leeschtung a seng Tenacitéit sollten e Beispill fir 'Couch-Potatoes' sin. Bravo zu daer langer Carrière. Ech weess dat's De trotzdem nach ëmmer de Sport héich hale waerts.