FOTOEN - 112 mellt
Doppeldecker op der Kopp zu Piisseng
Photo: Kemp, Ruge & Green Law Group
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Virwatnet14.02.2023Dee dee hei emmer kritiseeren, sollen Regierung weidder schaffe loosen, si wessen schon waat se maachen. Schoulen sollen opmachen wee den H. Meisch et gesoot huet. Ouder ass et villeicht vun deenen Elteren gewollt dee weider de Congé partiel welle kreen (also net brauche schaffen ze goen) fir Schoulen net opzemaachen.
-
Tata-Sidoni14.02.2023Obwuel ech seit gudd 35 Joer net mei bei engem Coiffer war , well ech daat och ganz gudd eleng hinkreien : Ech war solodaresch an hun mir während dem Lockdown d'Buuschten net geschnidden ... fir net dei ze deprimeieren, dei net hun dirfen während dér Zeit bei hieren Coiffer goen. Geschter hun ech daat awer erem gemaach ... an ass Haut kengem opgefall.
-
jangmetti14.02.2023Real huet schon iwwer 20 Joer grouss Problémer mat Barça, dat huet och e Ronaldo net kënnen äneren. d'Statistiken weisen kloer dass de Bilan emmer mée zu Barça neigt, Real wor virun 80-100 Joer dominant awer geschwenn ass soguer den All-time verglaich am Barça seng faveur.
-
Knouterer214.02.2023" Kruzial ass et och, der Populatioun, esou wäit et méiglech ass, ze soen, wou d’Rees higeet". Leider wees d'Régierung selwer net wou se higeet. Si warden emol oof, wat esou den Nooper mecht, wéi emmer. Et ass méi einfach alles noomaachen (kneipen), ewéi selwer eppes op d'Been ze setzen. Wat dat schlemmst ass, ass dass keen vun der Régierung d'Initiativ ergreiwt, an emol duerchgréiwt. Gudden commentaire Herr Aulner! mbg Lusy
-
MELLECHKOU14.02.2023Ass do kee Widdersproch ? "Facteure fir méi Zefriddenheet op der Aarbecht sinn wéi vill d'Leit an Decisioune mat agebonne ginn..... wéi eegestänneg si kënne schaffen"
-
den_hexemeeschter14.02.2023da sollen se och d'Europawahlen verréckelen ! Well dann stëmmen sie nach mat of an 2 Deeg derno maachen se séch ewéch ! An eppes Gescheites kënnt bei Wahlen an Britannien NËT eraus ! Daat hun se jo bewisen .....
-
kloreMenscheverstand14.02.2023Ech wor engt Joer an der Schoul och ennert denen 15 Beschten aus der Klass an krut awer een Noexamen😅
-
kartoffel14.02.2023"Velospist" a.k.a. "reegelfraien Raum, wou meng Kanner, main Hond an ech eis un guer naicht brauchen ze haalen" a.k.a. "Bauerewee, wou mir ob d'Sabbel duerfe goen, well decke Bulli an verluerent Stréih nëmmen hallëf sou wëll sin". Dann awer léiwer ob der "Strooss" alias "Privateegentum vum Autofuerer, an jiddereen deen e bessi mi lues ennerwee ass gët bedrängt, gequetscht an verflucht"
-
De_Popst14.02.2023Dat ganzt geed en mega flop Ech well kee streit. Sin geimpft an well och mat Leit zesummen sin die net geimpft sim. Mär sin een land a sollen zesummen haalen gin leid déi wellen freihet an mär accepteiren dat mat enger spretz. Ech hun awer och respeckt vun leit dèi angscht hun sech spretzen