© Internet

Op dëse Moment freeën sech d’Gaming-Fans zu Lëtzebuerg scho ganz laang - a ganz geschwënn ass et dann endlech esou wäit. „Hei elei, Knips Elei“ wäert een hei um Site vun RTL Eent spille kënnen.

Journalistesch Aarbecht op héichstem Niveau: wéi mécht RTL et nëmmen, fir sou séier, sou vill sou wichteg Artikel online ze setzen? Am offiziellen Online-Spill vun RTL Eent, dat ganz geschwënn hei op dësem Site ze fanne si wäert, klammt dir an den Alldag vum effektivsten Mataarbechter vun RTL a produzéiert déi Meldungen, déi d’Land beweegen.

De Release ass fir den 3. Mäerz geplangt. D’Spill soll 0 Euro kaschten, a kennt an enger Online-Versioun souwéi an enger Desktop-Versioun fir Linux, Windows a MacOS eraus.