FOTOEN - Tëscht Eelenter an Näerden
Bëtonneuse rennt an Ouschterblumm
Photo: der paparazzo
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Josy_Barthel23.12.2022et schéint hei villen nét ém daat wichtegst ze goen, den Staat encaisséiert bei all Vente 7% fier kaum eppes ze maachen, daat ass jo schéint et egal ech sin keng Agence, mais ech kann mer fierstellen, dass do Plaatzen erschaaf gin, Sécu, Frais bezuelt gin, natierlech ass eng Vente fier en Ojbet vun 500.000€ nét vill manner wéi en Objet vun 2 Milliounen wou déi Staadter Agencen sech drop stierzen, do misst et gestaffelt sin, z.B. bis 500.000€ 3% max, dann dégressiv an bei iwer 1 Mio nach just 1 bis 1,25% dann ként eng Moyenne eraus bis 2 % an drénner mais daat aenert nét den Prais vun den Immobilien, et ass jo einfach hannert dém wou den Haer Fayot séch verstoppt eng Ausried, och Ministeren etc wéllen fier hier Objets daat méescht, waat ho hei am Land vill duerch Ierfschaften ként wou et Freibetraeg gin , Spekulatioun ass jo eng Krankhéet bei villen, an elo wier méi wichteg, dass Taxe vum Enregistrement mol op 2-3% eroof géing goen dann haet den Haer Fayot eppes erréescht,
-
tetrapack23.12.2022Also wierklech,wat soll dat,ok Messi as en Groussen,mee des Kéier hätt et awer den Lewi verdingt.
-
DatAssMengAnalyse23.12.2022Man City, einfach flott wei d'Milliarden verfleien.
-
kartoffel23.12.2022Dat do ass wierklech eenzeg an alleng fir di aal Dämper aus den 80er a gro Ex-Hippien aus de 70er zefridden ze stellen, déi haut zur tippesch grénger Wielerschaft gehéieren. De Schwaarzmaart an d’Dealere wäerte nämlech net verschwannen, schonns alleng fir di vill mannerjäereg Konsumenten ze beliwweren. Et wært sech also guer näischt zum besseren änneren. Éischter am Géigendeel.
-
Aniwregens23.12.2022de Summer wärd et 40 Grad gin :(
-
Elo_haal_awer_op23.12.2022Ma se hu jo genuch positiv Spiller säit Kroatien Firwaat dann net mol rem d'Infektiounszuelen a Frankreich an d'Luut dreiwen :-D :-D