LIFESTYLE - Endlech eng gutt Nooricht
"Stëmm vu Lëtzebuerg" geschwënn am Stream
Maacht Iech et alt scho gemittlech virun Ärer Tëlee, et gëtt geschwënn eng nei Chance eise Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ ze kucken.
An zwar hei op dësem Site. Ab dem 1. Mee kënnt der de Film hei a voller Längt streamen, an dëst gratis an ouni en Account mussen unzeleeën.
Kritiker*inne si sech eens: De Film ass méi actionräich wéi Marginal, méi informativ wéi dem Franky Hippert säi Formel-1-Kommentar, a méi witzeg wéi den RTL-Afterwork.
„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.
Nom Website rtl1.lu an dem Theater „Ween stoppt RTL“ war de Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ den drëtte grousse Projet vu Richtung22 an der Serie iwwer de Mediemonopolist RTL. Nodeems d’Aarbecht vun RTL souwéi d’Strukturen an d’politesch Interessenskonflikter vun der CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL, am Fokus stoungen, geet et an dësem Film ëm d’Rôle an den Afloss, deen RTL op d’Land huet.